D’Viviane Reding kritt de Präis “She made a difference” fir hiren Asaz fir méi Gläichberechtegung

D’Europadeputéiert Viviane Reding setzt sech zanter laangem schonn fir méi Gläichberechtegung tëscht Männer a Fraen an, sief et an der Gesellschaft, der Wirtschaft oder an der Politik. Durch hiren Asaz hu Mentalitéite sech verännert, Frae krute méi Chancen och wann nach vill ze maache bleift.

Déi fréier EU-Kommissärin kritt dowéinst de Präis “She made a difference” vum EWMD, engem Netzwierk vu weiblechen Wirtschaftsdirigenten.

D’Viviane Reding huet op enger Pressekonferenz zu Lëtzebuerg de Resumé vun hire villen Aktiounen an Initiative gemeet.

 

Een Artikel iwwert d’Pressekonferenz op lessentiel.lu