D’CSV-Europadeputéiert äntweren op äer Froen

Wéi sinn d’Hearinge verlaf a firwat ass eng Kandidatin duerchgefall ? Ënnert anerem doriwwer schwätzen d’CSV-Europadeputéiert Frank Engel, Viviane Reding a Georges Bach dës Woch an der Emissioun “Europäesch Impressiounen”.  Donieft äntweren eis Europadeputéiert op d’Froen, déi se vun de Leit era geschéckt kruten.

Do geet et ënnert anerem ëm den europäesche Budget, wou de Frank Engel net méi averstanen ass mam britësche Rabatt. Et geet awer och ëm de Studentenaustausch Erasmus an och iwwert déi däitsch Maut geet Riets.