Auditioun vun der designéierter EU-Kommissärin fir Transport Violeta Bulc

Um Méindeg Owend ass d’Violeta Bulc als designéiert Kommissärin fir Transport am Europaparlament gehéiert ginn. Si huet sech 3 Stonne laang de Froe vun den Deputéierte gestallt. Dës zousätzlech Hearingen ware néideg ginn, nodeems d’Parlament déi éischt slowenësch Kandidatin refuséiert hat well si d’Dossieren net gutt genuch kannt huet. Als Member vun der Transportkommissioun aus dem Europaparlament war de Georges Bach derbäi an huet och seng Froe gestallt.

Hie  hat nom Hearing eng relativ gutt Impressioun wann ee bedenkt, dass d’Violeta Bulc just puer Deeg hat fir sech an d’Dossieren eran ze schaffen.