De neie Formatiounsprogramm vun der CSV-Akademie

CSV.Akademie

De politeschen Ëmgang mat de soziale Medien, d’Entwécklung vun eise chrëscht-demokratesche Grondwäerter an d’nohalteg Entwécklung stinn dës Kéier am Mëttelpunkt vun der CSV-Akademie. Sidd Dir interesséiert? Da mellt Iech iwwer de Formular hei um Site un.

Dir kënnt Iech och traditionell am CSV-Generalsekretariat umellen um Tel. 22 57 31-1, via Email [email protected] , a per Fax 47 27 16. Schreift w.e.g. an den Objet vun der Mail: “Umellung CSV-Akademie”.

D’Formatiounen daueren all Kéiers ëm déi 2-3 Stonnen.

F2: D’CSV-MEMBEREN AN DE SOZIALE MEDIEN

 

Fir Politiker a Responsabler vu Parteien ass et haut besonnesch wichteg „online“ ze sinn. Wat sinn d’Méiglechkeeten (awer och d’Risken) vun de Soziale Medien (Facebook,Twitter)?

Doriwwer gëtt praxisorientéiert informéiert mam Francis Verquin, Social Media Expert bei Saint-Paul. D’Formatioun ass um CSV-Generalsekretariat, wou u konkrete Beispiller geschafft gëtt. Bréngt dofir w.e.g Äre Laptop, Smartphone oder Tablet-PC mat.

Datum a Plaz: Samschdes, den 31. Mee 2014 um 09.00 Auer am CSV-Generalsekretariat (4, rue de l’Eau)

Umeldung: bis de 28. Mee 2014

F3: D’ENTWECKLUNG VUN DE CHRËSCHT-DEMOKRATESCHE GRONDWÄERTER AN DER GESCHICHT ZU LËTZEBUERG

 

Personalitéit, Solidaritéit, Subsidiaritéit… D’CSV huet Grondwäerter, déi sech op d’kathoulesch Sozialléier bezéien an déi och an hire verschiddene Grondsazprogrammer deklinéiert gi sinn. Wéi hu sech dës Wäerter an der Geschicht vun der CSV a vun hierer Virgängerin, der Rietspartei, am Laf vun de leschten 100 Joer entwéckelt ?

De François Biltgen ass fréieren CSV-Politiker. Ënnert senger Parteipresidentschaft ass och d’Geschicht vun der CSV als Buch 2008 publizéiert ginn (CSV Spiegelbild eines Landes und seiner Politik).

Datum a Plaz: Mëttwochs, de 4. Juni 2014 um 18:30 Auer an der Maison de la Porte Ouverte (17A, route de Belvaux / L-4025 Esch-Uelzecht))

Umeldung: bis de 2. Juni 2014

F4: E KLIMA, DAT CHANGÉIERT, E LAND, WAT EVOLUÉIERT: NOHALTEG ENTWÉCKLUNG ALS DEN ALTERNATIVLOSEN ZUKUNFTSPROJET

 

Wat ass nohalteg Entwécklung? Wat sinn d’Instrumenter zu Lëtzebuerg fir di nohalteg Entwécklung. Wat ass d’Roll vum Conseil Supérieur du Développement Durable (CSDD) am Cadre vum Plan National du Développement Durable (PNDD)?

„Myfootprint“ eng kritesch Analyse vun eis als Verbraucher vu limitéierte Ressourcen. Klimawiessel bremsen: d’Objektiver 20-20-20 vun der Europäescher Unioun. Den aktuelle Wëssensstand zum Klimawandel, Fifth Assessment Report vum Weltklimarot. Millenium Goals, Rio +20.

De Jean Lamesch, Docteur en Chimie-Physique, fréieren Ingénieur op der Arbed an de Francis Schartz, Docteur en sciences de l’environnement a fréieren Biologieprofesser, maachen dës Introduktioun iwwert d’Nohaltegkeet an di absolut Noutwendegkeet, d’Zukunft nei ze denken. D’Chance vun dëser Formatioun ass, zwee Experten ze hunn, déi de complementairen Aspekt vu physikalescher Chimie a Biologie am Kontext vu Klima an Environnement assuréieren.

Datum a Plaz: Samschdes, den 28. Juni 2014 um 09.00 Auer am CSV-Generalsekretariat (4, rue de l’Eau)

Umeldung: bis de 26. Juni 2014

EIS FORMATIOUNEN OP UFRO

WORDPRESS RICHTEG BENOTZEN

D’CSV-Internetsäite baséieren op der Websoftware WordPress. Wéi ginn ech als Administrator domadder ëm ? Wéi setzen ech meng Artikelen, Fotoen a Filmer am Beschten online ? Wéini benotzen ech Säiten, Bäiträg, Rubriken? Wat sinn iwwerhaapt all déi verschidde Méiglechkeeten, déi WordPress mir gëtt, fir mäin Inhalt ze presentéieren?

Fir dës an all Är weider Froen, iwwert d’Benotzung vu WordPress ze beäntweren, bidde mir Iech op Ufro eng Formatioun un. Sidd Dir dorunner interesséiert? Mellt Iech am CSV-Generalsekretariat. Soubal e puer Leit sech gemellt hunn, wäerte mir zesummen een Datum festleeën.

MËNDLECH IWWERSETZUNG : LËTZEBUERGESCH-FRANSÉISCH

Dir wëllt als Sektiounscomité, als Bezierk oder Ënnerorganisatioun bei Ären Aktivitéiten, bei Konferenzen oder Ronndëschgespréicher verstäerkt déi franséischsproocheg Matbierger uschwätzen a mat abannen? Dir sidd bereet als Member déi Leit ze ënnerstëtzen, déi sech an der CSV wëllen engagéieren, awer der Lëtzebuerger Sprooch nach net esou mächteg sinn?

Zesumme mat der ASTI kënne mir Iech Formatiounen organiséieren, fir ze léiere mëndlech Iwwersetzungen ze maachen. Bei Intressi mellt Iech am CSV-Generalsekretariat.