Politesch Erausfuerderunge fir dat neit Schouljoer an doriwwer eraus

Eng Fräi Tribün vum Tessy Scholtes (CSV-Deputéiert): Dat neit Schouljoer huet ugefaang an d’Politik muss sech sengen Erausfuerderunge stellen.

Eng Fräi Tribün vum Tessy Scholtes (CSV-Deputéiert)

Dat neit Schouljoer huet ugefaang an d’Politik muss sech sengen Erausfuerderunge stellen. Mir waarden an deenen nächste Méint op de Bilan vun der Grondschoul,wou et gëllt déi richteg Conclusiounen ze zéien an eventuell Ännerunge virzehuelen, a natierlech op de Gesetzprojet zur Lycéesreform, dee vun alle Partner gedroe ginn, an do gräife muss, wou d’Problemer leien, esou dass eis Schüler optimal Zukunftsperspektive kënnen hunn.

Nei Konzepter. Kloer Kompetenzen

Ech wëll awer och nach e puer aner grouss Erausfuerderungen, déi eis um Häerz leien eraushiewen, esou ewéi d’Integratioun vun de Primo-arrivant’en, dat heescht déi schoulflichteg Kanner, déi nei an eist Land kommen a keng vun eisen Amtssprooche schwätzen. Si an och déi Kanner, déi zwar hei gebuer sinn, awer Lëtzebuergesch net als Mammesprooch hunn, hunn dacks Problemer an eisem Schoulsystem. Mir kënnen also net vun enger gelongener Integratioun schwätzen. Hei gëllt et sech endlech déi richteg Froen ze stellen a nei Konzepter auszeschaffen, Tabu’en ze briechen a Léisungen ze fannen.

D’Erausfuerderung ass all d’Kanner ze integréieren an si op den héchstméigleche schouleschen Niveau ze bréngen. Besonnesch an Zäiten, wou et eis wirtschaftlech net méi esou gutt geet – ewéi virun e puer Joere – sollte mir an d’Matière grise vun eise Jéngsten investéiere, well si d’Kapital fir d’Zukunft duerstellen!

Dat heescht, dass d’ëffentlech Schoul souwuel de schwaachen ewéi och de staarke Schüler eng Méiglechkeet bidde muss sech weider ze entwéckelen! Dofir si mir als CSV frou, dass fir d’Rentrée d’nächst Joer eng vun eis scho laang gefuerdert „Classe préparatoire aux grandes écoles françaises“ hir Dieren opmécht. De Leeschtungsgedanken dierf nämlech och an engem modernen, op Kompetenzen opgebaute Schoulsystem net ze kuerz kommen.

Kee vergiessen.

Wa mir all d’Kanner integréiere wëllen, dann dierfe mir och déi Kanner mat Behënnerungen, Léierschwieregkeeten oder Verhalensopfällegkeeten net vergiessen. 2009 ass zwar een neit Gesetz fir d’Grondschoul gestëmmt ginn, mä d’Education différenciée huet een eegent Gesetz vun 1973. Mir gesinn et als iewescht Prioritéit, dass dësen enorm wichtege Volet op de Leescht geholl an d’Gesetz den heitegen Zäiten a Gegebenheeten ugepasst gëtt! An dësem Sënn begréisse mir och, dass am November dëst Joer op der Itzeger Stee eng nei Struktur fir Kanner mat Verhalensopfällegkeeten opgeet.

D’Iddee vum Schouldirektor

Ofschléissend wëll ech awer och nach e Gesetzesprojet, deen déi verschidden Intervenant’en an der Grondschoul betrëfft, erwähnen. Dëse Projet beinhalt vill kriddeleg Punkten, an et ass an eisen Ae wichteg dësen Dossier a Rou an am Détail ënner d’Lupp ze huelen. Fir just zwee Beispiller ze nennen: d’Inspektorat soll ëmorganiséiert ginn an et solle 16 sougenannte „Directions régionales“ geschafe ginn, déi jeeweils ronn 350 Enseignant’en an 2800 Schüler encadréiere sollen. An dësem Kontext sief drun erënnert, dass d’CSV nach ëmmer fir de Schouldirekter an der Grondschoul ass. Eis schéngt et wichteg, dass esouwuel d’Schüler, ewéi d’Schoulmeeschteren an d’Elteren een Uspriechpartner hunn, deen disponibel a virun allem no bäi ass an dee seng Schoul mat all hire Facette kennt.

Ee weidere Punkt an deem selwechte Gesetzesprojet betrëfft d’Schwammmeeschteren. Si sollen an Zukunft just nach fir d’Sécherheet an der Schwämm zoustänneg sinn, awer kee Schwammunterrecht méi halen dierfen, well dësen exklusiv vum Léierpersonal ofgehale soll ginn. D’Fro stellt sech allerdings, ob all Enseignant dëser dach net ganz einfacher Aufgab gerecht ka ginn, an ob d’Kanner an de Sport net herno déi Leidtragend sinn …

Mat dësem Gedanke kommen ech zum Schluss a wënschen de Schüler vill Erfolleg an hirer perséinlecher an intellektueller Weiderentwécklung esou ewéi och den Enseignant’en an hirer wichteger Missioun, dem Vermëttele vu Wëssen!