E gesonde Mix tëschent spueren a konsolidiséieren

Aus der Interventioun vum Fraktiounspresident Marc Spautz iwwer d’Resultater vum EU-Sommet zu Bréissel

Aus der Interventioun vum Fraktiounspresident Marc Spautz iwwer d’Resultater vum EU-Sommet zu Bréissel

Die Europäische Union hat sich auf einen Pakt für Wachstum und Beschäftigung mit einem Umfang von rund 120 Milliarden Euro geeinigt. Auch verständigten sich die Staats- und Regierungschefs darauf, den europäischen Stabilitätsmechanismus (ESM) zu befähigen, Kapitalhilfen direkt an geschwächte Banken zu zahlen. Voraussetzung scheint allerdings eine gemeinsame Bankenaufsicht unter Einbeziehung der Europäischen Zentralbank (EZB). Im Rahmen der parlamentarischen Debatte kommentierte Fraktionspräsident Marc Spautz die Resultate des EU-Gipfels.
(Die integrale Rede ist unter csv.lu oder unter marc-spautz.lu nachzulesen)

Einleitend bezog der Fraktionspräsident Stellung zur Kapitalhilfe mittels des europäischen Rettungsschirms (ESM) an die Banken:„Staaten a Banke sinn openeen ugewisen. Wann den ee kränkelt, da riskéiert deen aneren och krank ze ginn. Dat ass engem spéitstens zanter der Scholdekris kloer. D’Decisioun, ugeschloe Banken ënnert bestëmmte Konditiounen z’erlaben, sech direkt iwwert de Rettungsschierm, also iwwert europäesch Institutiounen an net national Regierungen, ze refinanzéieren, ass als Moossnam ze deiten, fir vun dëser Ofhängegkeet ewech ze kommen, fir der Ustiechung tëschent Banken- a Scholdekris en Enn ze setzen, wat u sech begréissenswäert ass. D’Moossnam erlaabt et jo d’Banken ze hëllefen ouni de Budget vun deenen eenzelne Staaten weider ze belaaschten."

Ausserdem ist für Marc Spautz klar dass, fir datt dëse Mechanismus drobar ass a bleift, brauche mir en effizienten eenheetleche Bankeniwwerwaachungssystem”, wobei er sich fragte, was eine Bankenunion konkret bedeuten würde, da einige Fragen noch offen stehen wie zum Beispiel: Gëllt dës Bankenunioun fir déi 27 EU-Länner oder just fir d’Eurozone? Ziel soll bleiwe wa méiglech déi 27 Memberstate mat an dat selwecht Boot ze kréien.

Oder wéi wäert sech déi nei Struktur par Rapport zu de bestoenden europäeschen Iwwerwaachungsinstanze positionéieren? An um nationale Plang wat geschitt zum Beispill mat der CSSF? Dat sinn all Froen, déi kloer beäntwert musse ginn.

Bezogen auf den 120 Milliarden Euro Wachstumspakt, meinte Fraktionspräsident Marc Spautz: „Déi leescht Mesure, déi ech kuerz wéilt uschneiden, ass den Wuesstemspakt vun 120 Milliarden Euro, den de Fiskalpakt ergänze soll a mat dem déi europäesch Konjunktur ugekuerbelt an Aarbechtsplaz geschafe soll ginn. Dës Mesure ass luewenswäert, mä dës Mesure alleng geet net duer. Fir Wuesstem laangfristeg ze séchere brauche mir zollitt ëffentlech Finanzen, déi den Staaten erlaben déi néideg Rahmebedingungen ze schaffen déi fir de Wuesstem wichteg sinn. Duerfir sinn déifgräifend Strukturreformen och wichteg.

Den eenzege Wee vir aus der Kris eraus ze komme besteet aus engem gesonde Mix tëschent spueren a konsolidéieren, an selektiv zukunftsorientéiert Investitiounen, déi d’Wirtschaft relancéiert.

Ofschléissend wollt ech dem Finanzminister an eisem Premier eist voll Vertrauen ausschwätze wat d’Detailverhandlunge respektiv d’Ëmsetzung vun dem Ganzen ugeet.“