“Mir wëllen ee Lëtzebuerg, dat viru Reformë keng Angscht huet”

Wat sinn d’Prioritéite vun der Regierung? Wéi eng Léisunge fir d’Erausfuerderunge vun eisem Land? Wat fir Reforme brauche mir elo? De Premierminister Jean-Claude Juncker huet de Mëtte a senger Ried zur Lag vun der Natioun Kloertext geschwat.

(Et gëllt dat geschwatend Wuert)

„Dofir musse mer do spuere, wou mer an der Vergangenheet iwwerdriwwen hunn“

„Et gëtt ëmmer gesot – am Zesummenhank mat de Funktionnementskäschten – datt de Staat bei sech selwer soll ufänken ze spueren. Dat zielt selbstverständlech och fir d’Investitiounsausgaben. Dofir gëtt eng Rei vun administrative Gebaier elo net gebaut. (…) Déi geplangten Aspuerunge betreffen och de Stroossebau. Den Échangeur zu Léiweng gëtt net gebaut, sief et och nëmme well mer déi nächst Jore keng staatlech Gelder wëllen an de Bau vun engem Fussballsstadion investéieren, grad esou wéi mer och de Bau vun engem Velodrom zréckgesat hunn. Mir verbreederen och net d’Autobunn A3 a Richtung Frankräich. Mee den Ausbau a Richtung Lëtzebuerg, den Ausbau op dräi Bunnen, gëtt aus Sécherheetsgrënn bäibehalen. Mir bauen och keng nei Foire um Kierchbierg. Iwwerhaapt baue mer, am Héichbau, méi kleng a méi funktionell. Wou ëmmer et geet gëtt am Färdegbausystem gebaut. Domat spuert ee Geld: eng Färdegbauschoul kascht d’Halschecht vun enger klassesch gebauter Schoul.“

„D’Solidaritéit mat den Aarbechtslosen ass noutwendeg. Si huet e Präiss an de Präiss ass d’Erhéichung vun der Solidaritéitssteier“

„Mir maachen dat, well d’Ausgabe vum Beschäftegungsfong klammen – bedéngt duerch d’Augmentation vum Chômage – a well d’Solidaritéitssteier eng zweckgebonne Steier ass, déi der Finanzéierung vun de Chômage-Indemnitéiten a vun der aktiver Beschäftegungspolitik déngt. (…) Mir hiewe se vum 1. Januar 2013 un ëm 2 Prozentpunkten. Fir d’physesch Persoune klëmmt se vu 4 op 6%, fir déi physesch Persounen, déi ee besteierbart Akommes iwwer 150.000 Euro an der Klass I an 300.000 Euro an der Klass II hu klëmmt se op 8%. D’Betriber bezuele vum 1. Januar 2013 u 7 statt 5% Solidaritéitssteier. D’Gemengen, déi zanter Jore keng Solidaritéitssteier ze bezuele brauchen, wäerte vum 1. Januar 2013 eng Solidaritéitssteier vun 2% bezuele mussen. Hire Beitrag wäert sech op 12 Milliounen Euro belafen, de Beitrag vun de physesche Persounen op 147 Milliounen, dee vun den Entreprisen op 82 Milliounen. Physesch Persoune bezuelen 68 Milliounen, d’Entreprisen 32 Milliounen an d’Gemengen 12 Millioune méi an de Beschäftegungsfong an. Dat gëtt eng Gesamtrecette fir de Beschäftegungsfong – deen dës Gelder dringend brauch – vun 112 Milliounen Euro.

Doduerch datt mer d’Solidaritéitssteier erhéijen, klëmmt deen effektive Spëtzesteiersaz de facto op 42,12%. Mir hunn et dacks gesot: breet Schëllere musse méi droe wéi schmueler. Breet Schëllere wäerte méi droen.“

Dofir féiere mer eng Subventioun vum Loyer an, ee sougenannte Mietzuschuss“

„Meng drëtt Suerg betrëfft d’Situatioun vun de Stéit mat klenge Revenuen, déi en enorm groussen Effort musse leeschten, fir d’Logementskäschten ze decken. (…) D’Zuel vun deene Ménagen, déi ënner dem Niveau vum Aarmutsrisiko liewen, mussen an der Moyenne 35% vun hirem Revenu opbrénge fir um fräie Wunnengsmaart eng Wunneng kënnen ze lounen. D’Regierung wëllt den Taux vum eegene Logementseffort vu 35 op 30% erofdrécken. Dofir féiere mer eng Subventioun vum Loyer an, ee sougenannte Mietzuschuss. Mir maachen dat an der Hoffnung, datt dee Mietzuschuss, deen déi objektiv méi aarm Famillje kréien, net opgesuckelt gëtt duerch eng Erhéijung vun de Loyeren. Dëse Mietzuschuss kënnt prinzipiell un d’Konditioune vun der Zënssubventioun ugepasst ginn, déi ee kritt fir eng Wunneng ze kafen. Dëst géif 95 Euro an der Moyenne pro betraffe Famill pro Mount ausmaachen. Bei enger maximaler Akommesgrenz vu ronn 2.590 Euro fir eng alengerzéihend Mamm mat zwee Kanner géif eng Subventioun vu maximal 106 Euro pro Mount ausbezuelt ginn. Bei engem maximalen Akommes vu 2.420 Euro fir eng Koppel ouni Kanner wier dat eng Subventioun vu maximal 100 Euro a bei engem maximale Revenu vun 3.400 Euro fir eng Koppel mat zwee Kanner géif dat eng Subventioun vun 139 Euro ausmaachen. (…) Rechent een alles zesummen, da kascht dës Moossnahm, da kascht dëse Mietzuschuss 15 Milliounen Euro pro Joer. Et ass evident – vu d’Finanzsituatioun vum Staat – datt dës Moossnahm muss géigefinanzéiert ginn duerch d’Ofsenkung vun anere Wunnengsbäihëllefen déi de Staat haut leescht.“

„Mir bauen de Systèm vun de Chèques-services sozialgerecht ëm“

„Déi eng besteet an der Augmentatioun vun der Participatioun vun den Elteren um Stonnentarif an um Iessenspräis, déi aner besteet an der Ofsenkung vun der finanzieller Partizipatioun vum Staat un de kommerziellen Edukatiouns- an Accueilsstrukturen. (…). Ech erënneren drun, datt mer am Kader vun der Indexmodulatioun decidéiert hunn de Lycéesschüler vu Famillje mat klengem Akommes, déi net vun de Chèques-Services profitéieren, eng zousätzlech Hëllef ze ginn. Dës Famillje kréien e Subsid vu 500 Euro plus e Chèque vun 300 Euro fir Bicher a Schoulmaterial ze kafen. Dës Moossnahm spillt fir d’éischt bei der Schoulrentrée 2012. 5.000 Schüler wäerte vun dëser Hëllef kënne profitéieren. (…)

An der Erklärung vum leschte Joer hat ech ugekënnegt, datt mer a groussem Ëmfank géngen nei Personalposte schaafen, fir d’Ënnerstëtzung vu Familljen a vu Kanner a Schwieregkeete kënne besser ze assuréieren. Mir hu zanter dem 178 supplementar Poste kreéiert a mir fueren domat virun. Ech hat och d’lescht Joer ugekënnegt, datt mer eis der Problematik vu verhalensgestéierte Kanner missten intensiv unhuelen. Vum September u funktionéiert eng Infrastruktur fir verhalensgestéiert Kanner an der Stad Lëtzebuerg. Ech wëll hei der Stad Lëtzebuerg ausdrécklech merci soe fir hir Ënnerstëtzung bei deem Projet.“

„Ech héieren an ech liesen, datt tëschent der Decisioun an der Realisatioun vun den öffentlechen a privaten Investissementer onendlech laang Zäit verginn“

„Ech héieren, ech liesen datt d’Decisiounen iwwer privat an öffentlech Investissementer zu Lëtzebuerg net séier genuch geholl ginn. Ech héieren an ech liesen datt tëschent der Decisioun an der Realisatioun vun den öffentlechen a privaten Investissementer onendlech laang Zäite verginn. (…) Dofir ruffen ech am Ufank vum Hierscht eng national Table-ronde mat allen Akteure vun öffentlechen a privaten Investissementer, inklusiv de Gemengen, an, déi ech och selwer wäert presidéieren, fir Moossnahme kënnen ze decidéieren, déi den Investissementer zu Lëtzebuerg méi Stullgank mécht. Konklusioune vun där Table-ronde gi virum Enn vum Joer virgeluecht.“

(Auszich: Etat de la nation 08/05/2012)