“Zesummen”

D’CSV Deputéiert Nancy Arendt iwwert d’lëtzebuerger Entwecklungshëllef a fräie politischen Tribünen um RTL 92,5 an um 100,7

“Was wir alleine nicht schaffen, das schaffen wir dann zusammen”, sengt den Xavier Naido an et sinn Wierder, dei zu villen Situatioune passe mee sie passe virun allem zur Entwecklungspolitik.

Et ass kloer dat Lëtzebuerg net alleng den Kampf geint d’Aarmut an der Welt ophuele kann. Dest kann nëmme an engem gudd koordinéierten Zesummespill mat den internationalen Partner, Organisatiounen, ONG’en an Fräiwëllegen réaliseiert ginn. Just op dës Aart a Weis kënne maer un der Hoffnung festhaalen, dat all déi Ziiler, déi maer eis zesummen mat eisen Partnerlänner, den europäeschen an internationalen Gremie gesaat hunn, erfellt kënne ginn.

Maer kennen alleguerten houfreg sinn op d’Politik, déi vun eiser Regiirung am Beräich vun der Kooperatiounshëllef geleescht get, virun allem well maer um internationalen Plang, een emmer mei unerkannten Musterschüler an dësem Beräich duerstellen. Et ass mat Secherheet eisem Kooperationsminister, Jean-Louis Schiltz, ze verdanken, a selbstverständlech ennert der Leedung vun eisem Premier, dat maer lues mee secher op den 1% vum RNB zu Gonschte vun der Entwecklungshellef zou steieren.

Besonnesch flott sinn och die virbildlech Aktiounen, déi eng ganz Partie Gemengen, Schoulen oder soss all meiglech Organisatiounen, privat Initiative wou d’ Leit hei am Land zu Goonschten vun der Entwecklungshellef hire Beitrag leeschten. Hei ginn vill Projeten zu Goonschten vun der drëtter Welt realiséiert, an et mierkt een dat esou och eng wichteg Opklärungsaarbescht geleescht gett, besonnesch, bei eisen Kanner , dei vun Ufank un sensibiliséiert ginn fir Suen oder Material, op Bicher oder Kleeder ze sammelen fir aner Kanner, dei net esou vill Chance am Liewen hate wei sie selwer.

Am Juni d’lescht Joer huet d’UNO ee Bilan gezunn iwwer d’Efforten déi bis elo geleescht goufen fir déi sougenannte Millenumsobjektiven ze erfellen. Bis d’ Joer 2015 soll d’Proportioun vun deenen, déi mat manner wéi engem Dollar den Dag auskommen mussen an déi déi un Honger leiden ëm d’Halschent reduzéiert ginn. Hei geet et och drëms 115 Millioune Kanner ze scolariséieren, méi efficace géint ustiechend Krankheeten ze kämpfen, d’Kanner a Mammestierflechkeet ze reduzéieren esou wéi och d’Schafung vun enger globaler Partnerschaft fir d’Entwecklung.

Trotz e puer ermonternden Entwécklungen, huet hei awer misste festgestallt ginn, dat nach ganz vill ze maachen bleiwt, virun allem am subsahareschen Afrika. Et gouf sech dunn engagéiert, fir d’Ustrengungen weiderzeféieren an ze steigeren fir d’ Ziiler déi maer eis gesaat hunn, iwwerhaapt och kënne bis d’Joer 2015 ze ereechen.

An der Débat zur Kooperatioun koum däitlech eraus, datt een op ee groussen parteipoliteschen Konsens stéisst wat dei excellent Qualitéit vun eiser Kooperatiounshëllef ugeet..

Dat klengt Lëtzebuerg ass e Ries fir alles dat wat et am Entwecklungsberäich, bis elo geleescht huet, a waat et sech virgeholl huet an Zukunft nach alles ze leeschten..

D’Erausfuerderungen, déi sech eis stelle sinn enorm an ech géif maer erlaaben ee Satz hannert dem Minister seng Sätz ze hänken, dei hien bei senger Introduktioun vum Koopérationsrapport geschriwen huet : “De Kampf géint d’Aarmut ass een alldeeglechen Kampf, deen eis keng Paus gënnt.”

Leif Nolauschterer,

“D’Tâche ass immens… mee wann et een Kampf gett, deen et derwäert ass mat Hartnäckegkeet an Ausdauer ze kämpfen, dann ass et mat Secherheet deen heiten.”

Nancy Arendt, CSV Deputéiert um RTL 92,5 an um 100,7 den 30. Abrëll an den 2. Mee 2007