Projet de loi portant transposition en droit luxembourgeois de la directive 97/11/CE du Conseil du 3 mars 1997 concernant l’évaluation des incidences de certains projets publics et privés sur l’environnement

Madame Sylvie Andrich-Duval hiiren mëndleche Rapport zum Gesetzesprojet 5198 der sougenanntener Impaktstudiendirective

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,

Haut stëmmen mir hei an der Chamber oof iwwert ee Gesetzes-Projet deen e gewëssenen Impakt huet, an dat nët nëmmen well et hei em d’Ëmsetzung vun der sougenannter Impaktstudiendirective geet.

Ier ech also op den Impakt vun dësem Projet aginn, erlaabt mer kuerz ze erklären wéi mer an der Kommissioun um Text geschafft hunn:

De Projet de loi Nummer 5198 ass vun der deemoleger Bauteministesch Erna Hennicot-Schoepges den 7. August 2003 hei an der Chamber déposéiert ginn.

Insgesamt huet den Staatsroot 3 Avis’en oofgin, een am Januar 2005, een am Juli 2006 an zu gudder lescht een am Dezember 2006.

An der Bautekommissioun vum 5. Mee gouf ech als Rapportrice bestëmmt a mer hunn nët manner wéi 6x iwert den Projet discutéiert.

Ech wollt op dëser Plaz de Memberen vun der Bautekommissioun Merci soen fir dat Vertrauen dat se a méch gesat hunn a mer als alleréischten Gesetzesprojet e Projet mat groussem Impakt zougewisen hunn.

Dës weideren war ech – a ménger Qualitéit als Rapportrice – de Projet an d’Ëmweltkommissioun virstellen an hunn d’Remarquen aus deeër Entrevue mat op de Wee geholl.

Och haat den Mouvement Ecologique eng Stellungnahm zum Projet de loi erageschéckt. Déi gouf an deenen jeweilegen Fraktiounen analyséiert an d’Kommissioun huet deenen verschiddenen opgeworfenen Problemer zu engem Deel kënnen Rechnung droen.

Di Kommissiounssëtzungen waren alleguer néideg, haaptsächlech well den Text e puer mol amendéiert ginn ass, am ganzen waren et 5 Amendementer.

Schlussendlech hun mir an der Sëtzung vum 21. Dezember 2006 de schrëftlechen Rapport kënnen majoritär unhuelen.

Ëm waat geet et bei deem virleiende Gesetzestext?

Duerch de virleienden Projet :

  1. gëtt d’Directive 97/11/CE vum Conseil vum 3. März 1997, déi hirerseits Ännerungen aféiert un der Directive 85/337/CEE, wou Rieds geet iwert d’Evaluatioun vum Impakt vun verschiddenen öffentlechen an privaten Projet’en op d’Emwelt, an Lëtzebuerger Recht ëmgesat am Beräich vun den Transportinfrastrukturen ;
  2. et gëtt dat modifizéeiert Gesetz vum 16. August 1967 iwert d’Schafung vun gréisseren Stroossenverbindungen a vun engem Stroossefong geännert ;
  3. an et gëtt och dat modifizéeiert Gesetz vum 10. Mee 1995 dat d’Gestioun vun der Schinneninfrastuktur regelt, ofgeännert.

D’Directive 97/11/CE imposéiert den Memberlänner vun der EU den Impakt op d’Emwelt z’evaluaéiren bei öffentlechen a privaten Projet’en, déi riskéiren esou en Impakt ze hunn, an zwar ier d’Genehmegung ausgestallt gëtt.

Et geet drëms den Impakt festzestellen fir ze bestëmmen ob et méiglech ass dëst ze verhënneren oder op manst ofzeschwächen.

E wichtegt Element häibei ass, dass d’Öffentlechkeet muss hir Meenung gefrot ginn. Déi Bemierkungen, déi vun dëser Säit kommen, mussen berücksichtegt ginn während der Entscheedungsprozedur déi zur Genehmegung vum Projet soll féiren. Ech wëll ervirhiewen, dat den Accès zur Informatioun duerch d’Gesetz vum 31. Juli 2005, daat d’Konventioun vun Aarhus approuvéiert, garantéiert gëtt an eng wesentlech Neierung duerstellt an dem demokrateschen Prozess.

Di nei Directive 97/11 betrëfft grad esou gutt Projet’en déi duerch dat sougenannten “Commodo/Incommodo” Gesetz viséiert sinn, wéi Strossebauprojet’en, d’Schafung vun Schinneninfrastrukturen an de Bau vun Flughäfen an och Urbanisatiouns- an Remembrements-Projet’en am ländlechen Beräich.

Die nei Directive preciséiert, dass bei verschiddenen Projet’en, wéi z.B. dem Bau vun enger Autobunn d’Impaktstudien obligatoresch sinn. Dorënner falen och d’Schnellstroossen, nei Stroossen mat 4 Spuren oder méi, oder d’Riichten respektiv d’Verbreederung vun Stroossen mat minimum 2 Bunnen bis op 4 Bunnen oder méi, wann dëst Stroossestéck eng Längt ouni Ënnerbreechung huet vu minimum 10 km. Bei den Schinneninfrastrukturen sinn d’Laangstrecken viséiert a bei den Flughäfen, déi déi minimum 2,1 km Startpiste an Landepiste hunn.

Bei aneren Projet’en, z.B. am Kader vun der städtescher Entwëcklung mussen d’Memberlänner eng Kontrollprozedur applizéiren, fir erauszeschielen, ob eng Impaktstudie muss gemaach ginn oder nët.

Domat sinn gemengt all Stroosseprojet’en, Schinneninfrastrukturen an Flughäfen, déi nët vun der obligatorescher Impaktstudie betraff sinn, z.B. en Tram, all Zort vun Métro’en, di ënnerirdescher an déi iwert dem Buedem. Betraaf sinn awer och bestehend Transportinfrastrukturen, déi ausgebaut oder erweidert ginn oder schon genehmegt goufen, déi färdeg sinn oder am gaang sinn färdeg ze ginn, z.B. Stëcker vun enger Schinnenstrëck oder d’Schafung vun engem zousätzlechen Schinnestrang.

Et kënnen Plafongen oder Kritären festgesaat ginn, et kann Fall pro Fall analyséiert ginn oder et ass och méiglech dës Kontrollinstrumenter ze kombinéieren, fir dass och wierklech all Projet deen en Impakt op d’Ëmwelt huet, evaluéiert gëtt. Hei gëtt also en fundamentalt Instrument vun der Emweltpolitik agefouert.

Dofir gouf en interministeriellen Aarbechtgrupp vun der Regierung an d’Liewen geruff, deen och elo schon di jetzeg Projet’en no deeër am Gesetz virgesinnener Prozedur mat Erfolleg traitéiert, ënnert de Présidence vum Innen- an Aménagement du Territoir’s- Ministär.

De virleienden Gesetzesprojet geet esou guer iwert Directive 97/11 eraus, wann e virschléit dës Moossnamen och unzewenden wa Stroosseverbindungen tëschent Haaptstroossen-Artèren geschaf ginn, déi sougenannten “liaisons routières entre routes d’ordre supérieur”.

D’Directive 97/11/CE harmoniséiert d’Regelen an den europäeschen Länner esou dass all Memberlänner sech eng gemeinsam Evaluatiounsprozedur ginn, déi op de Prinzipien vun der Virsiicht, der Preventioun an dem Prinzip vum Pollueur-Payeur baséiert.

Wéi gëtt di Directive 97/11 ëmgesaat?

Par rapport zu der 1. Directive vun 1985 gouf di heiten iwerschafften Versioun verschärft.

D’Memberlänner waren gehalen dëst an hirt jeweilegt Recht ëmzesetzen bis spéitstens den März 1999.

Och wann di fréier Directive schon iwert de Wee vun verschiddenen Gesetzer an groussherzoglechen Reglementer ëmgesaat gouf, also op eng fractionnéiert Art a Weis an nët global, an engem eenzegen Gesetz, esou ass Lëtzebuerg bei der Ëmsetzung vun der Directive 97/11 a Verzuch geroden. D’Europäesch Kommissioun huet iwregens dowéinst schon eng Prozedur géint Lëtzebuerg an géint nach 9 aner Memberlänner agereecht. Am Juli 2006 koum eng 1. Verwarnung an dofir ass et vu groussem Impakt, dass dat Gesetz elo gestëmmt gëtt.

Och bei der neier Directive huet d’Regierung fir eng fractionnéierter Ëmsetzung optéiert, well di eenzel Bauoprojet’en ze verschidden sinn fir an enger eenzeger Evaluatiounsprozedur integréiert ze ginn. Dat ass och liicht verständlech, wann een sech di jeweileg Annexen vun der Directive ukuckt.

Waat d’Chronologie vun der Emsëtzung vun der 1. Directive a Lëtzebuergescht Recht ubelaangt, esou verweisen ech fir dës komplex Detailer op mein schrëftlechen Rapport, soss giff ech Gefor laafen, dat den Impakt op d’Verdaulechkeet vu mengem mëndlechen Rapport ze grouss wier.

Heizou nëmmen esou vill, dat di nei Directive 97/11 schon deelweis an dem groussherzoglechen Reglement vum 7. März 2003 ëmgesaat gouf, am Kader vum Gesetz vum 10. Juni 1999 iwert d’Etablissements classés. Do ginn d’Konditiounen an d’Modalitéiten vun enger Impaktstudie esou wéi hiren Inhalt festgeluet an et gëtt sech reng op Etablissementer limitéiert, déi duerch dat sougenannten Commodo/Incommodo-Gesetz viséiert sinn.

Waat seet de Staatsrot zu dem Gesetzesvirschlag ?

Op d’Detailer vun deenen 3 Avis, déi Staatsrot zu deem heiten Projet de loi ofginn huet, ginn ech nët an, mee ech well awer een oder deen aner Schwéierpunkt erausgreifen.

De Staatsrot war vun Ufank un nët mat enger fractionnéierter Ëmsetzung vun der Directive d’accord. Di héich Kierperschaft wollt dat am Kader vun engem eenzegen Gesetz maachen, an zwar dem Commodo/Incommodo Gesetz mat sengen jeweilegen Ausféirungsreglementer, dëst aus Grënn vun juristescher Sécherheet an am Sënn vum Bierger, deen dann nëmmen mat engem eenzegen iwerblëckbaren Referenzgesetz an deeër Matière ze doen gehat hätt.

Mee d’Regierung huet virgezunn d’Directive 97/11 an engem eegenen Gesetzestext ëmzesétzen wou all Transportinfrastrukturen eng gemeinsam Prozedur duerchlafen, och wann se ënnert d’Kompetenz vun verschiddenen Ministären falen, an zwar dem Bautenministär, dem Transportministär, dem Innen- an Aménagement du Territoir’s -Ministär, dëst natiirlech an enker Matabezéiung vum Emweltministär.

Entgéint de Recommandatiounen vum Staatsrot huet d’Regierung also decidéiert fir d’Directive 97/11 nët duerch eng Ëmännerung vum Gesetz vum 10. Juni 1999 ëmzesetzen, besonnesch och well eng Consultatioun vun der Öffentlechkeet a verschiddenen Etappen vun der Prozedur nët méiglech wier a well gréisser Stroossebau projet’en oder d’Erweiderung vum Schinnenetz ganz einfach riskéiert hätten blockéiert ze ginn, wat jo kaum am öffentlechen Interesse wier.

D’Bautekommissioun huet sech der Meenung vun der Regierung ralliéiert nodeems se hir Argumenter am Détail gehéiert huet an déi alleguer a mengem schrëftlechen Rapport nogelies kënne ginn.

Eng gréisser Diskussioun op Grond vun den Avis’en vum Staatsrot gouf et och ronderëm d’Artikelen 14 an 28bis.

Waat den Artikel 14 ubelaangt esou gouf deen verschiddentlech ëmformuléiert fir d’Decisiounsprozedur vun der Regierung am Fall vun nët obligatereschen Impaktstudien méi kloer ze maachen. Hei wëll ch drop hiweisen, dat den virleienden Gesetzestext iwert Directive eraus geet.

D’Recours-Prozedur géint eng Decisioun vun der Regierung fir keng Impaktstudie ze maachen, gouf dunn op Uroden vum Conseil d’Etat an den Artikel 28bis eriwergeholl. Et gouf drop higewisen dat, wann keen Recours an dësem fréien Stadium gemaach gouf, et op kee Fall méiglech wier, herno bei der Decisioun vun der Regierung iwert déi definitiv Variant, dee ganzen Projet dann nach eng Kéeier a Fro ze stellen. Soss kéint et hei am Land zu engem kompletten Stëllstand vun de Projet’en kommen an dat leit sëcherlech, wéi scho gesot, nët am öffentlechen Interessi.

Dee vun der Regierung zousätzlech proposéierten Artkel 28bis geseit Recoursméiglechkeeten fir, gemäss der Konventioun vun Aarhus, déi bei eis den 23. Januar 2006 a Kraaft getratt ass duerch d’Gesetz vum 31. Juli 2005. Doduerch kritt de Public Zougank zur Informatioun, en därf sech um Entscheedungsprozess bedeelegen an e kritt d’Recht fir virun Geriicht ze goen am Ëmweltberäich. Dofir ass an dësem an nach an aneren Gesetzer d’Méiglechkeet geschaaf ginn fir ONG, also Nët-Regierungsorganisatiounen , den Zougank zur Justiz z’erméiglechen. Dee Recours soll kënnen beim Tribunal administratif agereecht ginn.

Hei hat den Staatsrot eng Opposition formelle gemaach, well den Recours nët kéint op eng einfach Kontroll vun der Rechtméissegkeet vun den Prozeduren an op d’Iwerpréifung vun der Konformitéit vun den Impaktstudien limitéiert sinn.

Eng länger Diskussioun gouf et iwert den Typ vum Recours, recours en annulation oder recours en réformation. D’Kommissioun huet dunn eng nei Versioun vum Artikel 28bis zrëckbehalen, wou den recours en annulation, en accord mam Staatsrot, bäibehalen gouf an huet och Délaiën vum recours harmoniséiert op di am Commodo/Incommodo-Gesetz virgesinn 40 Deeg. De Recours riicht sech elo nët méi géint d’Impaktstudie, mee géint di administrativ definitiv Autorisatioun vun enger Variant. Domat huet den Staatsrot sech dunn averstanen erklärt.

Iwregens, gëtte d’Null-Variant als eng vun de méiglechen Varianten ugesinn an ass also och am Dossier virzefannen.

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,

Erlabt mer nach zum Schluss e puer Mercien auszedeelen, un éischter Stell un d’Mataarbechter vum Greffe an aus menger Fraktioun, mee och un den Här Bautenminister, deen mat sengen Fonctionnairen ganz entgéintkommend war an deem heiten éischter techneschen Dossier. Merci fir di gutt Zesummenaarbecht an

Merci un Iech Här Präsident, Dir Dammen an Dir Hären, dat Dir mer nogelauschtert hutt.