De Marco Schank, Buergermeschter vun Heischent, CSV-Deputéierten an Tourismusexpert iwwert de weideren Ausbau vum Tourismussecteur zu Lëtzebuerg
De Marco Schank op csv.lu, rezent Artikelen iwwert seng Aarbecht: ( 1 ), ( 2 ), ( 3 )
Nach ëmmer komme vill Touristen op Lëtzebuerg. 2005 luch eist Land mat 338 Arriveën pro Quadratkilometer europawäit un eischter Plaaz. Wat d’Zuel vun den Arriveën pro Awunner ugeet, ware mir 2005 die Drëtt, no Eisterräich an Zypern. Besonnesch impressionnant sin d’Zuelen fir eis Haaptstad. Um Niveau vun der Stad Lëtzebuerg hu mir en ausgeprägten City-Tourismus, an et muss en däitlech soën, datt d’Stad zesummen mam Luxembourg City Tourist Office en exellenten Match mécht.
D’Zuele vum STATEC weisen, datt an termes absolus eist Land d’lescht Joer seng beschten Saison zanter 1995 haat. Deemols war eis Stad europäisch Kulturhaaptstad.
A propos Kulturhaptstad!
2007 as et erëm sou wäit. D’Zesummenaarbecht vum Tourismussecteur mat der Kultur war nach ni esou enk. Mir verfügen haut iwwer aussergewéinlich Infrastrukturen, wéi z.B. d’Philharmonie, Neimünster, oder de neie MUDAM an der Stad, awer och de CAPE zu Ettelbréck oder d’Rockhaal am Süden. Fir 2007 hu mir et och fäerdeg bruecht eng Incoming-Agence ze kréien, déi bei engem Lëtzebuerger Touroperator ugesiddelt ass.
D’CSV-Fraktioun ass der Meenung, datt et sëcher sënnvoll wiir, iwwer 2007 eraus, den Dialog an d’Kooperatioun tëschent de Partner vum Kulturjoer an der Grande-Région virun ze féieren, an die Strukturen die obgebaut goufen, nët an ee Koup fallen ze lossen.
A propos Strukturen!
Fir eisen Tourismus an alle Regiounen méi kompetitiv ze machen, a nach méi staark ze professionaliséieren, entsteet elo am Norden als Pilotprojet eng Art Regionalen Office de Tourisme: Die drei Ententen am Norden, d’Naturparkgemengen, d’Stied Ettelbreck, Dikrich a Wolz, an de professionelle Secteur wäerten hei an Zukunft zesummen mam Ministère an dem ONT innovativ Produitën schaafen, an die touristisch Offer nach besser koordinéieren, a virum allem de Marketing verstäerken.
Iwwrigens: Och d’Schaafen vun engem drëtten Naturpark zu Lëtzebuerg, déi Kéier am Mëllerdall, wiir en excellent Werbeargument fir dëss Regioun touristisch opzewäerten.
Eng weider Iddi kënnt d’Aféieren vun engem touristischen Innovatiounspräis sin! All Joër géif en deemno Projetën a Konzepter, déi innovativ Weër am Tourismus opweisen, am Kontext vun engem spezifischen Thema priméieren.
Als Konklusioun wollt ech soën, datt et dem Tourismus an eisem Land eigentlich ganz gudd geet.
Als CSV menge mir awer och, datt Lëtzebuerg ganz sëcher nach méi kompetitiv ka gin !!
An daat,
MAT engem däitlichen, on-verwiesselbaren Profil fir Lëtzebuerg als Tourismus-Destinatioun,
MAT enger konsequenter Regionaliséierung, a mam Schaafen vu neie Strukturen, nom Beispill vum Norden
MAT engem zäitgeméissen Qualitéits-Management fir eis Betrieber
AN enger konsequenter Kooperatioun vun allen Acteurën
De Marco Schank an enger fräier Tribune op RTL 92,5 an um Radio 100,7, Juli 2007