Die duebel Nationalitéit besonnesch och fir d’sozial Kohäsioun ze erhaalen. De Maurice Bauer, CSV Generalsekretär adjoint um 100,7
Weider Infoën Duebel Nationalitéit, Integratioun, Immigratioun
Mir mussen de Wëllen hunn, d’Opkomme vu Parallel-Gesellschaften an eiser Mëtt am Keim z’erstécken. Mir däerfen et net zouloossen,datt an eisem Land eng Grupp niewent däer aner liewt. Op ee Land lauert Desintegratioun, wann d’Gruppe keng Aë méi fir de Noper hunn. Wann d’Gruppenegoismen galoppéieren, amplaaz daat Ganzt ze balancéieren. Wann eenzel Intressen priméieren, amplaaz mateneen ze harmonéieren. Ee Land, daat ass nët d’Additioun vun Egoismuskoloniën.
Ee Land ass nëmmen ee Land, wann et ee Ganzt ass, ee staarke Wëllen huet mat Ambitiounën fir Jidder Eenzelen.Esou ee Land hun mir zesummen opgebaut an esou ee Land wëlle mir bleiwen. Daat sinn d’Virstellungen vun der CSV. An d’Politik ass gefuerdert fir sozial Kohäsioun an Integratioun ze erméiglechen. Op ville Niveauën: an der Schoul, op der Aarbechtsplaaz, an der Gesellschaft musse mir fir een Zesummen suergen an net een Niewtenaaner.
Kee Gruef
Dës Politik vun Integratioun a Kohäsioun, dës duebel Exigenz ass besonnesch evident an eisem Matenee mat deenen, déi hei liewen, ouni Lëtzebuerger ze sinn. Tëschent Lëtzebuerger an Nët-Lëtzebuerger däerf kee Gruef bestoen oder enstoen.
D’Integratioun vun den Net-Lëtzebuerger ass eng Offerte, déi mir Lëtzebuerger musse maachen. An d’Net-Lëtzebuerger mussen dës Offerte unhuelen: well et gëtt souzesoën eng Flicht zur Integratioun. Ouni dës Offer an ouni d’Unhuele vun dëser Offer, ouni eise Respekt virun deenen aaneren hirer Eegenart an ouni hire Respekt virun eise fundamentale gesellschaftleche Wäerter gëtt et weder Integratioun nach Kohäsioun.
Mat dësen an aanere Wierder huet de Premierminister Jean-Claude Juncker an och aaner responsabel CSV-Politiker d’Nouwendegkeet vun enger kohärenter Integratiounspolitik beschriwwen. Daat ass wichteg, an d’CSV steet zu dëser Politik.
Wesentlechen Schratt vun der politischer Partizipatioun
Dofir wëlle mir d’duebel Nationalitéit aféieren. Si bréngt eis méi no zesummen, féiert zu méi Mateneen ouni datt den, den de lëtzebuerger Pass kritt den net-lëtzebuergeschen Deel vu sengem Liewen ewech geholl kritt. Mat Nodrock wiederhuelen ech dofir gäeren dee vun der CSV zanter 2001 ausgedréckte Wëllen zur duebler Nationalitéit als wichtegen Integratiounsfaktor a wesentlechen Schratt vun der politischer Partizipatioun.
Mir stinn dofir ganz kloer hannert de Virschléi vum Justizminister Luc Frieden zur duebler Nationalitéit. Sie entspriechen dem CSV-Walprogramm an droen dem Koalitiounsofkommes absolut Rechnung.
Am Sënn vun enger wuelverstaanener Integratioun solle besonnesch Nët-Lëtzbuerger aus der zweeter an drëtter Generatioun déi Lëtzebuerger Nationalitéit kréien, ouni mussen op hier national Wuerzelen ze verzichten. Gläichzäiteg brauchen déi vill Auslandslëtzburger nët méi hier staatsbiergerlech Verbonnenheet mat Lëtzebuerg opzeginn.
Eng wichteg Roll fir d’Nationalitéit ze “erwerben” ass eng Identifikatioun mat eisem Land. An dobäi kënnt der Lëtzebuerger Sprooch eng bedeitent Roll zou. Mir wëllen eis dowéinst staark maachen duerch zousätzlech Offerten fiir d’Lëtzebuerger Sprooch kënnen ze léieren. Vill Net-Lëtzebuerger géife gär eis Sprooch – déi esou schéin an esou wäertvoll ass wéi all aaner Sprooch – léiere, fir sech besser z’integréieren: zur Offer vun der Integratioun gehéiert dofir besonnesch och d’Offer vum Lëtzebuergeschen.
Maurice Bauer, Generalsekretär adjoint um Radio 100,7 Mettwoch, 14. Juni 2006