Den CSV-Fraktiounspräsident Michel Wolter iwwert de Verfassungsvertraag während der Ratifikatiounsdébatt den 28.Juni 2005 an der Chamber

Et ginn 7 gudd Grënn fir dem Verfassungsvertraag seng Zoustëmmung ze ginn.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären, den 10. Juli kuckt ganz Europa op Lëtzebuerg. Mir, déi ugefaangen hunn, andeem mer gemengt hunn, mam Referendum géife mer e Spadséiergang duerch 60 Joer Europapolitik zu Lëtzebuerg gestalten, sinn an eng Situatioun, wou duerch eng Rei vun Ëmstänn, déi eis de Kalenner, respektiv d’Ausland eragefouert huet, komm, dass de Referendum vum 10. Juli zu engem richtungsweisende Rendez-vous vun der europäescher Integratiounspolitik ginn ass.

Doduerch dass mer an der Chamber déi lescht Woch um Datum festgehalen hunn – en Datum, deen an engem Moment kënnt, wou zwar schonn zéng Länner Jo gesot hunn, wat ee kaum dobaussen héiert, awer zwee Länner Nee zu deem Verfassungsvertrag gesot hunn, an et sech dobäi och nach ëm zwee Länner handelt, déi zu de Grënnungsmembere vun der Europäescher Unioun zielen -, wäert den 10. Juli op en Neits d’Stonn schloen, wou dat klengt Lëtzebuerg, wat en Dausendstel vun der Bevölkerung vun deem Europa ausmécht, wat mer haut hunn, eng ganz wichteg Roll an engem wichtege Processus wäert spillen.

Soen d’Lëtzebuerger souverän den 10. Juli, no Frankräich an Holland, Nee, da gesäit et, an dat muss een objektiv gesinn, schlecht aus fir den europäeschen Integratiounsprozess. Well dann déi, op déi ganz Europa ëmmer kuckt, déi, déi als Modell dohinner gestallt gi vun der europäescher Geschicht, déi, déi, wann ee mat Auslänner, och besonnesch aus deenen neie Länner, zesummekënnt, ëmmer als dat Land duergestallt ginn, wou en fin de compte déi europäesch Zilsetzungen erreecht sinn, sech dann och an de Camp vun deenen eragestallt hunn, déi Schwieregkeeten hu mat der europäescher Entwécklung.

Et gëtt, an dat hunn déi lescht zwou, dräi Wochen eis kloer gewisen, e Boost fir alleguerten déi, déi net en integréiert Europa wëllen, déi en anert Europa wëllen, déi sech geschéckt am Hannergrond halen, déi waarde bis all déi aner sech ausgeschwat hunn, fir dann ze kucken op wat fir ee Quai se sech da musse placéieren, op wat fir eng Säit se da musse goen.

Seet Lëtzebuerg oder soen d’Lëtzbuerger den 10. Juli awer Jo, esou wéi zéng Länner dat an Europa scho gemaach hunn an esou wéi an deenen nächste Méint och nach eng Rei vu Länner et wäerte maachen – Zypern, Malta, Estland an d’Belsch -, da gëtt de Camp vun deene méi grouss, déi op déi Zuel vun 20 histeieren. Déi Zuel vun 20, déi een an enger éischter Etapp brauch fir dat ze verhënneren, wat verschidde Leit gären hätten, a wat mer eis de leschte Freiden, den Här Schmit an ech, op enger Table ronde hu missen unhéieren, nämlech deen Text do an eng Poubelle ze geheien an en ze begruewen.

Vu Lëtzebuerg kann also den 10. Juli, Dir Dammen an Dir Hären, e Signal vun Hoffnung ausgoen, e Signal vun Hoffnung fir all déi an Europa, an et ginn der vill an Europa, déi no deenen zwee Neeën, mat deene ganz wéineg Leit eppes kënnen ufänken en fin de compte, well se keng Alternativen opzeechnen, ee Jo wëllen an hoffen, dass e kënnt.

Den Traité, Dir Dammen an Dir Hären, ass net dout – net dout! – wéi déi, déi haut de Courage net hate fir haut heihinner ze kommen, dobaussen iwwerall soen.

Den Traité ass lieweg, en ass ganz lieweg, an Dir wäert gesinn, dass wann 20 a méi Länner um Enn vum Ratifikatiounsprozess mat Jo gestëmmt hunn, wéi lieweg deen Traité dann eréischt gëtt, wa sech d’Blat wennt. Nämlech dass déi, déi den Nee um Fändel hunn, net méi déi sinn, déi diktéieren, mä déi, déi de Jo gesot hunn, da mat deene Länner, déi Nee gesot hunn, an eng Diskussioun wäerten triede fir ze kucken, wéi et da virugeet.

Wann Der an engem Club sidd an et gëtt iwwert d’Statuten ofgestëmmt, an et ass eng grouss Majoritéit vu Länner, déi fir déi Statuten ofstëmmen, da sinn net déi am Handlungszwang an am Explikatiounszwang, déi d’Statuten ugeholl hunn, mä da kommen déi an den Handlungszwang an an den Explikatiounszwang, déi d’Statuten ofgelehnt hunn. Well se mussen da fréier oder spéider erklären, ob se am Club wëlle bleiwen oder ob se net am Club wëlle bleiwen.

An dofir menge mer, dass d’Lëtzebuerger sech den 10. Juli an d’Reie vun deene stellen, déi ëmmer méi grouss ginn, déi fir de Jo antrieden, déi fir en integréiert, politesch handlungsfäegt Europa, och fir déi nächst Joren, plädéieren. En Europa, wat kengem Land méi bruecht huet wéi deem Land, an deem mir liewen.

Ech géif dem Rapporteur, dem Här Fayot, wëlle Merci soen an och eise Respekt ausdrécke fir déi aussergewéinlech Aarbecht, déi e sech an deene leschte Méint gemaach huet. Hien huet wéi keen aneren heibannen déi ganz Geschicht hei verkierpert. Hien huet se ëmgesat, hien huet se begleet. Hien huet als President vun där zoustänneger Kommissioun an als Rapporteur bewisen, dass en ee Mann ass, deen Europa am Blutt huet an deen un dat gleeft, wat en an deene leschte Wochen a Méint gemaach huet.

Här Fayot, ech wollt Iech am Numm vun eiser Fraktioun ee ganz groussen éierleche Merci ausdrécke fir déi wierklech vill Aarbecht, déi Der hei fir d’Parlament geleescht hutt.

Dir Dammen an Dir Hären, am Laf vun der Zäit ass déi Diskussioun, déi den 10. Juli dann zu engem Ofschloss wäert kommen, duerch d’Vollek, aus enger reng akademescher Debatt zu engem Sujet ginn, deen d’Land an Otem hält. Ni ass zu Lëtzebuerg esou vill iwwer Europa diskutéiert gi wéi haut.

Mir wollten, lassgetrennt vun Nationalwahlen an Europawahlen, eng Kéier roueg mam Vollek iwwer eis europapolitesch Ausriichtung diskutéieren. Mir wollten dat mat engem rouege Kapp maachen a mir waren ugetrueden an der Gewëssheet, dass dat, well och keng aner Signaler während Joren a Jorzéngte komm sinn, zu engem méi gemittleche Spadséiergang, wéi ech dat gesot hunn, géif ginn.

Abee, mir hu misse feststellen, dass, wann ee mat de Leit diskutéiert a wann een d’Leit opfuerdert mat engem ze diskutéieren, dass d’Leit net ëmmer op deem Toun mat engem diskutéieren, deen ee gären hätt. Doriwwer kann een traureg sinn an doriwwer kann ee sech awer och freeën, well et wichteg ass, dass een net nëmmen ëmmer den Enthousiast erausspillt, mä dass een och op dat ageet, wat d’Leit engem da soen.

Et bestinn an Europa, an dat däerf een net verkennen, eng ganz Rei Zweifel iwwert de Wee, deen d’Europäesch Unioun an de leschte Joren ageschloen huet. An déi vun eis, déi elo säit enger Rei vu Wochen um Tour sinn, déi ginn all Owend mat deenen Ängschte konfrontéiert. Dat si Froen, déi d’Leit sech stellen iwwert déi Aart a Weis, wéi an Europa d’Décisioune geholl ginn. Ganz oft kënnt dat Bild vun deem Europa, wat vun de Leit wäit ewech iwwert de Kapp vun de Leit diskutéiert, dobei eraus: Nähe zum Vollek, déi net gespuert gëtt, an och de Sënn vun enger ganzer Rei vun Décisiounen, dee bei de Leit net esou ukënnt wéi dat misst sinn.

Villes, wat d’Basis vum europäeschen Engagement vun eisem Land ausmécht, gëtt och als selbstverständlech dohinner gestallt. Virun engem bis annerhallwem Mount war ee jo net schrecklech populär wann ee gesot huet, dass Europa fir d’éischt emol eng Friddensinitiativ ass. Et war een net populär, well et en fin de compte vu ganz ville Leit als eng Selbstverständlechkeet haut ugeholl gëtt, dass Europa eng Friddensinitiativ ass an dass d’Leit och mengen, och wann een an dat Europa net weider géing investéieren, dass et dann esou viru géif goen.

An et sinn eréischt déi lescht Wochen, déi gewisen hunn an der europäescher Diskussioun, dass et och aner Weeër, aner Modeller gëtt, wat d’wirtschaftlech Entwécklung ubelaangt, wat den Opbau an den Ofbau vu gemeinsame Grenzen ubelaangt.

Wat ass dann net alles geschitt an deene leschten dräi, véier Wochen, säit deem duebelen, franséischen an holläneschen Nee? Zum engen eng ganz Rei vu Reaktiounen, nationalistesch Reaktiounen, déi een am Fong an deene leschte Joren net méi esou oppen héieren huet, vu Leit, déi der Meenung sinn, dass Europa e Self-service, dass Europa eng Institutioun wier, wou ee sech dran zerwéiert an näischt méi brauch eranzeginn, respektiv vu Leit, déi d’Souveränitéit nees vum Nationalstat entdecken, déi der Meenung sinn, wéi a Frankräich en Deel vum Non, dass en fin de compte nëmmen e staarkt Frankräich an e schwaacht Europa de richtege Wee ass.

Op där anerer Säit sinn et ganz liberal Reaktiounen, déi een aus England awer och aus Holland zum Deel héieren huet vu Leit, déi der Meenung sinn, et wier dann elo um Moment fir mat de sozialen Errungenschafte vun de Leit am Fong opzehéieren, fir dat Wirtschaftsliberaalt, de Maart an d’Fënster ze setzen an ze probéieren, eng Kéier ze kréie fir dovun ze profitéieren, vun deenen zwee Neen, fir dat Europa an eng komplett aner Direktioun eranzedränge wéi en fin de compte den Inhalt vun deem Traité, dee mer haut solle stëmmen, Europa bréngt.

An zum Drëtten eng ultrasozial Reaktioun vu Leit, déi aus enger ganzer Rei vu Grënn der Meenung sinn, dass, nëmme wann een am Sozialen nach méi géif drop setzen, een am Fong e Message misst ginn, dass deen Traité hei, déi Verfassung hei den definitiven Aus wär vum Schutz vun de klenge Leit, an dass ee géint dat Wirtschaftsliberaalt a géint déi Verfassung hei am Fong an eng Richtung vun engem anere Sozialmodell nees wéilt goen, e Sozialmodell, deen zum Deel, wann een de Sproochgebrauch vu verschiddene Leit op den Tables rondes lauschtert, déi do opgetruede sinn, een erënnert u Systemer, déi während 40 a 45 Joer hei zu Lëtzebuerg net de Beweis konnten untrieden, dass déi Philosophie, an där si sinn, an déi Philosophie, fir déi si plädéiert hunn, en fin de compte besser fir d’Leit wier.

Mech huet perséinlech an deem ganzen Tableau d’Schwächt vun den europäesche Spëtzepolitiker e bëssen iwwerrascht, déi manifestement net preparéiert waren op déi Reaktioun vun de Leit an enger Rei vu Länner, wat keng eenheetlech Reaktioun war, mä wat eng divergent Reaktioun war.

An déi Saach vun där Denkpaus, déi en fin de compte e bëssen aus der Verzweifelung vun enger Rei Leit entstanen ass, a wou, wann een d’Leit gelauschtert huet an Europa, een net richteg verstanen huet, ob een elo soll ophale mat denken an am Fong dee ganze Prozess soll op d’laang Bänk schieben, oder ob et sech ëm eng Denkpaus géif handele fir am Fong nees Otem ze huelen an duerno mat Courage virunzefueren. Dee Message, deen huet een nom duebelen Nee a Frankräich an an Holland vermësst.

E staarke Message vun Europa wär zum Beispill gewiescht, wann een dat gemaach hätt, wat eis Regierung scho viru Jore proposéiert hat, nämlech d’Referenden, déi nach ausstinn, dann op engem gemeinsamen Datum ze organiséieren, esou wéi viru Joren d’Lëtzebuerger Regierung scho gesot huet, dass een deen europapolitesch wichtegen Datum do net dem Dominoeffekt soll am Fong zum Opfer fale loossen, mä dass een an engem Dag, wéi een et bei den Europawahlen décidéiert huet, an Europa 450 Millioune Leit géif mateneen doriwwer ofstëmme loossen an da sonndes owes kucke géif, wat d’Resultat da vun deenen engen a vun deenen anere wier. Och dee Message, deen ass net komm.

Dofir menge mer, dass et wichteg war – an dat wëll ech nach eng Kéier hei bekräftegen -, dass mir, déi zu Lëtzebuerg säit Wochen a Woche mat de Leit am diskutéiere waren a sinn, an engem Moment, wou d’Leit sech fir d’Fro massiv interesséiert hunn, net op déi Bremspedall gedréckt hunn, déi vu verschiddene Leit europawäit préconiséiert ginn ass.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, och zu Lëtzebuerg an der Diskussioun mat de Leit huet ee festgestallt, dass mer zwar eng Diskussioun hunn, mä en fin de compte iwwer villes diskutéieren. Mir hu während Wochen, an den Här Fayot un der Spëtzt, eis ganz vill Méi gi fir iwwert d’Verfassung ze diskutéieren, de Leit ze erklären, wat an der Verfassung géif drastoen.

A mir sinn an d’Versammlunge komm an dann hu mer festgestallt, dass d’Leit wäit iwwert d’Verfassung ewech aner Froen eis géife stellen. Froen iwwert d’Zukunft vun Europa, Froen iwwert de Stellewäert vun eisem Land an der Europäescher Unioun, Froen, wéi et da virugeet an der Wirtschafts- a Sozialpolitik, Froe vun de Grenze vun Europa, d’Fro vun der Erweiderung a vum Tempo, deen Europa soll huelen.

Et huet an de Gespréicher mat de Leit, an dat huet ee festgestallt, och eng gewësse Konfusioun geherrscht während laanger Zäit – mir si lues a lues amgaangen do erauszekommen -, wat mer en fin de compte och hei zu Lëtzebuerg mat deem Referendum do géife bezwecken.

Mir hu ganz vill Leit begéint, déi sech d’Fro gestallt hunn, firwat dass mer da grad just bei deem heiten Traité d’Leit géifen ëm hir Meenung froen, wou mer jo virdru bei deene successiven Traitéen a bei den Erweiderungen hir Meenung net gefrot hätten.

Ech begéine ganz vill Leit, nach dëser Deeg, déi soen: “Mä lauschtert, firwat hu mer Iech gewielt? Mir hunn Iech en fin de compte gewielt, well mer der Meenung sinn, dass Dir – besser wéi mir – kënnt feststellen a wëssen, wat da fir eist Land an deem Europa d’Wichtegkeet ass.”

A mir hunn eis virun allem op engem Punkt mat de Leit während Woche missen ausenaner setzen, an dat ass dee vun der Alternativ. Et ass een Text dohinner geluecht ginn, et ass een Traité dohinner geluecht ginn, et ass eng Verfassung dohinner geluecht ginn, déi de Kompromiss ass tëschent Politiker, tëschent Vertrieder vun 28 Länner, iwwer 200 Leit, déi während engem Joer an engem Konvent beienee waren, déi mat ganz villen anere Leit diskutéiert hunn, a sech duerno op en Text gëeenegt hunn.

D’Leit hätten am Fong am léifste gehat, wann eng zweet Verfassung oder eng drëtt Verfassung dernieft geleeën hätt, eng liberal Verfassung oder eng sozialistesch, kommunistesch Verfassung, dann hätt een dräi Verfassunge gehat an dann hätt ee kënne fir déi eng a géint déi aner, oder fir déi aner a géint déi eng ofstëmmen.

Et huet ee vill Schwieregkeete gehat, an dat ännert sech eréischt an deene leschten zwou Wochen an der Meenungsbildung, de Leit kloerzemaachen, dass et en anert Europa ka ginn, dass et aner Weeër gëtt, an dass déi do stinn a waarden, dass dat heiten Europa, deen heite Wee vun engem sozialen Europa näischt géif ginn, fir de Relais ze iwwerhuelen an Europa dann an eng aner Richtung ze brénge wéi mir et gären hätten.

Et kënnt een also net derlaanscht op dëser Plaz och e puer Wierder ze verléieren iwwert déi Punkten, déi net direkt an der Verfassung stinn, well ee soss d’Fro net komplett ofgegrenzt huet a well een dann och deelweis géint d’Argumentatioun vun de Leit géif goen, wéi se och an de Versammlungen an an de Gespréicher, déi ee mat de Leit huet, développéiert gëtt.

Do ass d’Fro vun der Erweiderung, déi een an all Versammlung gestallt kritt a wou mir als CSV der Meenung sinn, dass ee keng Angscht mat der Erweiderung op 25 Länner fir Europa soll hunn.

Ech ka mech erënneren – do war ech nach ganz jonk -, wéi d’Englänner koumen, ass sech Froe gestallt ginn. Wéi Portugal a Spuenien an d’EU komm sinn, ass sech gefrot ginn: “Oh Mamm, wat wäert dann aus där Europäescher Unioun ginn, wann déi elo an d’Unioun dobäikommen.” Bei all Erweiderung an der Vergaangenheet hunn d’Leit sech Froe gestallt.

An dës Erweiderung, Dir Dammen an Dir Hären, ass an deem Sënn méi komplizéiert, well et eng Erweiderung ass op Länner, déi mer net kennen. Mir eenzel, individuell, kennen déi Länner net gutt, well et Länner waren, déi bis 1989/90 an engem komplett anere System gelieft hunn, déi en fin de compte tabu waren, wou een net konnt higoen a wou een net déiselwecht historesch Relatiounen huet wéi zu deene Länner, déi an den Erweiderunge virdrun an d’Unioun komm sinn.

Wann een awer d’Realitéit kuckt, wann een d’Ängschte kuckt, déi véhiculéiert ginn, déi an eng Richtung gi fir ze soen, elo setzt sech do massiv e Vollek a Beweegung, an déi kommen a Westeuropa eis eis Aarbechtsplazen ewechhuelen, da stellt een einfach fest, dass déi Erweiderung op 25 dat net provozéiert huet, mä dass d’Erweiderung op 25 Länner de Contraire bewierkt huet, nämlech deen, dass, wann der d’Wirtschaftsentwécklung vun deene 25 Länner kuckt, un der Spëtzt haut déi Länner sti mat deene gréisste Progressiounszuelen, déi eréischt méi nei an der Europäescher Unioun sinn, dass an deene Länner richteg eppes lass ass, an dass de Fait, dass se an d’Europäesch Unioun koumen, eng Méiglechkeet war, fir sech wirtschaftlech ze entwéckelen.

A wann ee mat deene Leit schwätzt, wann een an deene Länner war, mierkt een, dass iwwerhaapt kee Besoin besteet, fir bei eis ze kommen, well eng Perspektiv, endlech eng Perspektiv an deene Länner besteet, dass si och selwer an hir Leit kënnen eng wirtschaftlech, an doduerch och eng sozial Entwécklung an deenen nächste Jore kréien.

A wär dann d’Alternativ gewiescht, dass mer gesot hätten 1989, 1990, 1992, 1995: “Kuckt, dass Der eens gitt. 45 Joer hutt Der misse kucken, dass Der eens gi sidd. Mir loossen Iech elo eleng, mir bleiwen a Westeuropa hei ënnert eis.”? An denke mer emol eng Kéier driwwer no, wat da geschitt wier oder wat hätt kënne geschéien, wa mer deen dote Wee gaange wieren. Da wäre mer haut vläicht an engem ganz anere Film, da wäre mer nees an engem Film vun der Konfrontatioun tëschent Systemer an tëschent Modeller. An duerfir menge mer als CSV, dass een net virun där Erweiderung do soll Angscht hunn, dass ee se als eng Chance soll gesinn.

De Statsminister huet d’lescht Woch a senger Ried richtegerweis gesot, dass no dräi Joer eis Betriber an déi zéng Länner vun der EU, déi bäikomm sinn, scho méi exportéiere wéi an Amerika. Och dat ass en Zeeche fir eis ganz kloer, dass et Länner sinn, wou mer Perspektiven hunn, wou mer wirtschaftlech Handelsperspektiven hunn, wat och an eisem Sënn ass.

D’Limite vun Europa ass eng weider Fro, déi gestallt gëtt, permanent. D’Limite vun Europa, d’Leit soen d’Limite vun Europa an denke selbstverständlech un d’Türkei. D’Türkei, wat eng Fro ass, déi ëmmer erëmkënnt, a wat eng reell Fro ass, déi een och net soll negéieren, déi een net ewech kann drécken, well et einfach e Land ass, wat eng aner Kultur huet, eng wesentlech aner Kultur huet wéi mir se haut hunn, an dat bei de Leit eng ganz Rei vu Befierchtunge mat sech bréngt.

Mir kënnen eis nach drun erënneren, 1997 an der leschter Présidence, wien dann déi waren, oder wat fir eng déi Regierung war, déi bis zulescht en fin de compte an eng gewësse Richtung plädéiert huet. Mir hunn an der Chamber d’lescht Joer eng Diskussioun heiriwwer gefouert, a mir hu jo net décidéiert als Chamber, dass d’Türkei an deenen nächsten zwee oder dräi Joer géif an d’Unioun kommen. Mä mir hu gesot, dass d’Verhandlunge géifen ugoen, dass d’Verhandlungen oppe wieren, an dass misst gekuckt ginn am Laf vun der Zäit, ob oder ob net déi Gesellschaft sech esou ännert an der Türkei, dass se d’Erausfuerderungen erfëllt, déi noutwendeg sinn, fir an där Wäertegemeinschaft Europa, déi duerch dës Verfassung en fin de compte fir d’éischt emol niddergeschriwwe gëtt, kënnen ze sinn.

An doraus gesi mer oder schléisse mer, dass, wa mer déi Verfassung unhuelen, e Bäitrëtt vu Länner, vun alle Länner, an Zukunft méi komplizéiert gëtt, an deem Sënn, dass et kloer muss sinn, dass d’Gesellschaft, an där se liewen, d’Wäerter vun der Europäescher Unioun akzeptéiert ier se an Europa era kënne kommen.

Eng drëtt Fro, déi gestallt gëtt, ass d’Fro vun der Prédominance vu Wirtschaft oder Soziales. Et ass d’Fro, ob sech de Maart duerchsetzt, oder ob sech d’Protektioun vun deem Eenzelnen duerchsetzt. Eis Partei ka mat deem Traité hei net nëmme liewen, mä ass ganz zefridden, dass de Prinzip vun der sozialer Maartwirtschaft an den Traité agefouert gëtt.

De Prinzip vun der sozialer Maartwirtschaft, deen en fin de compte aus der kathoulescher Sozialléier erauskënnt an dee vun eis scho säit Joren a Jorzéngten als Ausgläich tëschent deenen zwee Wirtschaftsfacteuren, déi et op der Welt gëtt, nämlech dem Kapital an de Leit, soll déngen, an net als en Element wat déi zwee soll trennen, dee Prinzip kréie mer an d’Europäesch Verfassung eran. Dat ass an eisen Aen e ganz grousse Schrëtt an déi richteg Richtung.

Et gëtt da véiertens d’Gespenst vun enger Rei vu Leit iwwert de Sujet vun der Militariséierung gefouert: d’europäesch Arméi, den obligatoresche Militärdéngscht, deen zu Lëtzebuerg nees géif agefouert ginn, wa mer den Traité géife stëmmen. D’Fro, déi mer eis musse stellen, an déi mir mat Jo beäntwerte vun der Säit vun der CSV aus, ass déi, ob Europa wierklech wëlles huet, sech d’Moyenen ze gi vu sengen Ambitiounen. Kënne mer, wëlle mer ëmmer dann, wann et an Europa schwiereg ass, op d’Amerikaner mussen zielen, fir dann dat auszebigele wat mir als Europäer op eisem Kontinent net à même sinn, selwer an d’Hand ze huelen? Dat ass eng kruzial Fro, déi mer eis musse stellen. Dat huet näischt mat Militariséierung ze dinn, dat huet eppes domadder ze dinn, ob ee sech wierklech d’Moyenë wëllt gi vun deenen Objektiver, déi ee sech setzt.

Mir sinn der Meenung, dass deen Traité hei e Friddenstraité ass, dass et en Traité ass, deen Europa d’Méiglechkeet gëtt, zesumme mat sengen amerikanesche Partner nach ze schaffen, mä Europa och emol erstmoleg an der Geschicht d’Méiglechkeet an d’Moyenen an d’Hand gëtt, fir op sengem Kontinent, wa Krisesituatioune sinn – an et gëtt an Europa nach eng ganz Rei Plaze wou et net esou ass wéi bei eis, wou et schwiereg ass, wou de Fridden net ofgeséchert ass -, do dann, an och op Wonsch vun deene Länner an deene Populatiounen, ëm déi et da geet, kënnen an engem positive Sënn ze intervenéieren.

A wann da Budgetsmoyenen dozou mussen zur Verfügung gestallt ginn, a wann och zu Lëtzebuerg am Budget d’Erhéijung da muss kommen, fir do kënne matzemaachen, da si mer der Meenung, dass mer dat musse maachen. Net well mer an d’Course vun der Militariséierung wëllen antrieden, mä well mer der Meenung sinn, dass dat do eng vun deene fundamentalsten Erausfuerderungen ass, där sech eng politesch Europäesch Unioun fir d’Zukunft muss stellen.

Dir Dammen an Dir Hären, d’Striewen no Perfektioun, dat ee bei verschiddene Leit an deene leschte Woche spierbar gemaach kritt huet, dat sech doranner erginn huet, dass een eenzel Artikelen ëm d’Ouere gehae kritt huet, dass een eenzel Wierder aus eenzelnen Artikelen am Fong virgehale kritt huet, fir dann aus engem Räsonnement vun engem Deel vun engem Artikel eng Konklusioun ze zéien, dass e ganzen Traité net an der Rei wier, dat ass eng Approche an Aart a Weis, déi mir net kënnen deelen.

Och Roum ass net an engem Dag gebaut ginn. Och Europa ass net an engem Dag gebaut ginn. Mir gesinn deen Traité hei an enger Successioun vun Traitéën, déi an deene leschte 50 Joer gestëmmt gi sinn. Et ass e wesentlechen Traité, mä et ass e Schrëtt no vir. Et war, mengen ech, net d’Ambitioun, och net vun deenen, déi am Konvent waren, fir déi absolut Perfektioun nidderzeschreiwen, déi et d’ailleurs op dëser Welt net gëtt. Mä et war d’Ambitioun vun de Leit am Konvent, an et war d’Ambitioun vun de Regierungen duerno, fir eng Verfassung op den Dësch ze leeën, déi a wesentleche Punkte besser a méi wäit géif goe wéi dat, wat mer haut an de bestehenden Traitéën hunn.

An duerfir géif ech gären a siwe Punkten op déi wesentlech Grënn agoen, déi d’CSV dozou beweegt huet, fir haut mat Jo ze stëmmen an der Chamber, an och d’Leit ze froen, fir den 10. Juli mat Jo ze stëmmen. Mir hunn dat an engem Flyer resüméiert, dee mer och dobaussen ausdeelen, wou op eng ganz pragmatesch Aart a Weis a siwe Punkten déi wesentlech Saache gesot ginn.

Éischtens si mer der Meenung, dass duerch dësen Traité Europa méi staark an der Welt gëtt. Et gëtt en Ausseminister geschaf, et gëtt en Embryo vun enger Aussen-, an et gëtt virun allem eng Verdeedegungspolitik geschaf. Et ass e Punkt, wou d’CSV net ongäre gehat hätt, dass ee méi wäit gaange wier. Et konnt een awer net méi wäit goen an dëser Phas, well einfach d’national Intérête vun enger Rei vu Länner an där Situatioun, wou mer haut an Europa sinn, nach net esou sinn, dass een zu enger kohärenter, “full-fledged” europäescher Aussepolitik ka kommen.

Mä de Fait, dass en Ausseminister geschafe gëtt, de Fait, dass an Zukunft duerch ee Mond eng gewësse Politik soll verdeedegt ginn, ass an eisen Aen awer e wesentleche Fortschrëtt par rapport zu där Situatioun, an där mer hei sinn, a kloer um Wee ze gesinn, an deenen nächste fënnef, zéng, 15 Joer, Richtung méi gemeinsam Aussepolitik.

Zweetens, Europa gëtt eng Gemeinschaft vun de Wäerter, an dës Wäerter sinn och eis Wäerter. D’Fräiheet, d’Gläichheet, d’sozial Ofsécherung, d’nohalteg Politik, de Respekt virun der Ëmwelt, d’Gläichberechtegung, d’Solidaritéit tëschent de Generatiounen, dat ass net nëmmen eng Déclaration d’intention, dat ass och en Optrag, deen ee sech gëtt, fir Politik ze maachen, en Optrag, deem mir zu Lëtzebuerg, mengen ech, probéiere parteiiwwergräifend och am Dagdeeglechen nozegoen, och wann et eis net ëmmer honnertprozenteg geléngt.

Mä de Fait, dass dës Prinzipien an déi Verfassung erakommen, ass e wesentleche Fortschrëtt, well en en fin de compte de ganzen Traité, déi drëtt Partie, déi jo esou vill diskutéiert gëtt, an en anere Kontext setzt. E setzt se an de Kontext vun der sozialer Gerechtegkeet, vun der Fräiheet, vun der sozialer Ofsécherung a vun der Gläichberechtegung andeems Europa eng sozial Dimensioun kritt. Mir kënnen net mat deenen d’accord sinn, déi der Meenung sinn, dass et sech hei ëm e sou genannten neoliberalen Traité géif handelen, dee keng sozial Dimensioun hätt.

D’Ziler vun der Unioun, déi festgeluecht ginn – de soziale Fortschrëtt, déi sozial Ofsécherung, de Kampf och géint déi sozial Ausgrenzung -, si wichteg Prinzipien, déi mir gären europawäit géife kréien, woubäi et och fir eis wichteg ass, dass eise Sozialmodell net ugetaascht gëtt an eis Politik, déi mir gemaach hunn, soulaang mer se selbstverständlech kënne finanzéieren, soulaang mer gutt genuch si fir nei Betriber op Lëtzebuerg ze kréien, soulaang mer Steiereinnahmen hunn, déi et méiglech maache fir eng aktiv Politik ze maachen, dass mer domadder eis Pensiounssystemer, eis Krankekeesesystemer, no eiser Aart a Weis wéi mir se gesinn, kënne géréieren.

Europa kritt dann eng gemeinsam Sécherheets- an Asylpolitik. A wat hu mir dann an deene leschte Joren eis net gefrot, wéi wichteg dass et wier, dass mir endlech op deem Punkt vun der Unanimitéit géifen ewechkommen an dass Europa an ee System kéint erakomme wou et iwwer ee System vun der Majoritéit sech eng gemeinsam Sécherheets- an Asylpolitik kéint ginn.

Stëmme mer dësen Traité, da gi mer an déi Richtung vun enger gemeinsamer Politik, déi och fir ee klengt Land a besonnesch fir ee klengt Land wéi eist, wat ganz vill Schwieregkeeten huet sech alleng mat deene Froen do ronderëm ze klappen a wat all Intérêt huet dat a méi engem grousse Raum ze maachen, ganz wichteg ass.

Fënneftens: Europa respektéiert d’Souveränitéit vun de Länner. Mir ginn net ee Federalstat, mir mussen net eis Identitéit ofginn. Ee vun de Grënn, firwat dass deen Traité esou komplizéiert, esou komplex ass, esou déck ass, ass jo précisément deen, dass der Vielfalt an Europa Suerg gedroe ginn ass, dass opgepasst ginn ass an der Redaktioun vun all deenen Artikelen, dass eben Europa net Amerika ass, dass et sech net ëm eng Gesellschaft handelt, mä datt et sech ëm een Zesummeschloss vu 25 onofhängege Länner handelt, mat hiren Eegestännegkeeten a ganz oft nach an deenen eenzelne Länner och nach mat Minoritéiten, déi geschützt sinn, an déi dat och solle bleiwen.

Ee sechste Punkt, iwwert dee mer jo an der Chamber scho vill diskutéiert hunn, ass dee vum Matbestëmme vun den nationale Parlamenter. Duerch dësen Traité kréie mir eng nationalpolitesch Dimensioun. D’Parlamenter, deene jo ganz oft virgeworf ginn ass, si wären en fin de compte just d’Ofstëmmungsmaschinn vun deem wat dann zu Bréissel géif décidéiert ginn a si kéinten dorunner näischt änneren, kréien haut elo – déi 25 Parlamenter – déi Méiglechkeet, wa se sech dann zu genuch zesummeschléisse fir Initiativen ze iwwerpréifen, fir ze kucken ob si dem Prinzip vun der Subsidiaritéit och entspriechen an ob se domadder och deem entsprieche wat Europa ass a wat et net ass.

A last but not least – ee wesentleche Punkt fir all déi, déi mol eng Kéier ee Fouss an Europa scho gesat hunn – schaaft dësen Traité den institutionelle Kader, fir dass dat Europa mat 25 Länner ka funktionéieren. Mir funktionéieren haut mat enger Organisatioun, déi opgebaut ass op een Europa vu sechs, a mir kréien domadder eng Aart a Weis fir ze funktionéiere mat 25; och dat ass e wesentleche Fortschrëtt par rapport zu deem wat mir haut hunn.

Wann also och déi Texter do net perfekt sinn, wann net jiddereen alles dat erëmfënnt, wat hie gären hätt, wat allerdéngs net aneschters machbar ass wann ee gären ee Kompromëss tëschent 25 Länner hätt, sou gesi mir awer an deem Traité, an där Verfassung hei wesentlech Argumenter, déi eis an der Balance vun den Argumenter vum ‘Pour’ a vum ‘Contre’ dozou bruecht hunn, dass mer ee klore Jo zu där Verfassung ausschwätzen.

Ee Wuert nach, Dir Dammen an Dir Hären, zur Bedeitung vun dësem éischte Vote. Et gëtt jo dobaussen diskutéiert iwwert dat, wat dann eran ze interpretéieren ass oder wier, iwwert dat, wat mir de Mëtten hei an der Chamber maachen. Fir d’CSV ass dee Vote, dee mir haut maachen, deen éischte Vote. En indikative Vote, eng wichteg Etapp am Processus, deen de Leit et soll erlaben den 10. Juli hir Stëmm ofzeginn. Kënnt Dir Iech eng Sekonn ee System virstelle wou mir den 10. Juli d’Leit opgeruff hätten ze wielen, an déi eenzel Parteien an der Chamber hätten net am Virfeld dovunner de Leit gesot, wéi hir Meenung dann dozou ass.

An dofir ware mir och net der Meenung vun deenen, déi haut de Mëtten hei net ugetruede sinn an d’Politik vun der “chaise vide” bedreiwen, dass d’Parlament seng Meenung net soll soen.

Ech weess, dass et den Här G. – wéi soll ech soen – an deene Kapitele vun deem Buch, wat ech virun e puer Wochen eng Kéier ugeschwat hunn, ganz staark arrangéiert, dass hien haut géint halwer siwen, siwen Auer net op de Knäppche muss drécken.

Well wann een aus enger Situatioun hierkënnt, wou een als Partei am Konvent war, wou ee bei der Ofschlossfoto vum Konvent net no genuch un de President vum Konvent koum, wann ee sech a senger europapolitescher Broschür fir d’Wahle vum leschte Joer mam Här Valérie Giscard d’Estaing als dee gréisste Verfechter a Verdeedeger vun der europäescher Integratiounspolitik ofliichte gelooss huet, wann een am europapolitesche Kapitel als Partei an d’Wahle gaangen ass vum leschte Juni an et huet een zu de Leit gesot: “Mir hätte gären, dass Dir eis stëmmt, well wann Dir eis stëmmt, dann hutt Dir d’Garantie, dass mir eis dofir asetzen, dass deen Traité hei ratifizéiert gëtt” – well et ass dat, wat am parteipoliteschen a wahlpolitesche Programm vum ADR drastoung -, an et muss een dann d’Kéier maachen, déi ee muss maache well een an engem Kongress mat 36 géint 33 Stëmmen an d’Minoritéit gesat ginn ass, nodeem een eng neutral Positioun wollt anhuelen, duerno zur Speerspëtzt vum Nee ginn ass, an déi lescht Woch zu Wolz annoncéiert huet, wa 24 Länner mat Jo géife stëmmen, da géif den ADR selbstverständlech och just nach hannert dem Tony Blair och fir déi Verfassung hei ofstëmmen, dann ass et net verwonnerlech, Dir Dammen an Dir Hären, dass een de Mëtten dat mécht, wat een hei mécht, nämlech dass ee seng Verantwortung net hëlt, dass een de Leit net wëll soe wat ee seet, an dass een domat seng Verantwortung virun der Geschicht vum Lëtzebuerger Land voll a ganz ausser Uecht gelooss huet. Ech muss soen, dass ech mat deene schäerfste Wierder esou eng Politik muss uprangeren, déi hei haut de Mëtte gemaach ginn ass.

Ech kommen zum Schluss. Et ass en Text, deen net perfekt ass, et ass en Text, deen awer vill positiv Punkte mat sech bréngt. Et ass en Text, deen Europa zu méi mécht wéi grad just zu enger europäescher Maartplaz, an där jidderee sech zerwéiere geet.

Deen Traité, déi Verfassung, déi mir stëmmen, ass en Text, dee sech an d’Geschicht vun Europa als Fridde stëftend Initiativ aschreift. Et ass en Text, deen de wirtschaftleche Kräften, déi et an Europa gëtt an déi wichteg si fir Europa, d’Méiglechkeet gëtt fir sech ze entfalen. Et ass en Text, deen d’Grenzen opmécht fir d’Leit, fir d’Servicer, fir d’Produkter. Et ass en Text, deen d’Méiglechkeete léisst, wann d’Politik et wëll a wa si Majoritéiten huet, fir landeswäit sozial Ofsécherunge vun deenen eenzelne Länner a vun deenen eenzelne Leit esou ze maache wéi si dem Standard entspriechen, deen dat Land dann an deem Moment erreecht huet.

Et ass en Europa, wat eng weider politesch Integratioun méiglech mécht an et ass also en Europa, wou mir mengen, dass ee soll an déi Richtung virufueren.

De Jean Monnet, deen huet, wéi hien eng Kéier iwwert d’Ziler vun Europa geschwat huet, folgende Saz gesot, an ech mengen deen ass haut méi aktuell wéi jee: “Nous ne coalisons pas les États, nous unissons les hommes”.

Ech soen Iech Merci.