D’Industriebrochen am Minett huet eng national Bedeitung

De Fred Sunnen hëllt fir d’CSV-Fraktioun Stellung zu de Frichen
Här Präsident,
Dir Dammen an dir Hären,

Ech wéilt der Madame Lydia Mutsch un aller éischter Stell Merci soen, fir hier Initiativ zu deser Débatt. Si huet eng ganz Partie vun Iwwerléungen an Froen an des Débatt matt eranbruecht. Grad wéi sie, sinn och ech deen Buergermeeschter, deen direkt vun desem Joerhonnertprojet betraff ass. Well et ennerläit och ennert anerem dénen zwou implizéierten Geméngen, fir duerch hier PAPen de Virgaben an den Iddien aus dem Masterplang gerecht ze ginn.

D’Débatt vun haut de Mëtteg erlabt eis de parlamentareschen Suivi iwwert d’Reconversioun vun de Frichen op Esch-Belval weider ze féieren, e Suivi deen mer am März 1999 op Initiativ vum fréieren Députéierten vun denen Gréngen Robert Garcia ugefaangen hun. D’Reconversioun vun de Frichen huet bekanntlech hieren Ufank 1996 geholl, wou de Staat zesummen matt der ARBED doriwwer nogeduecht haat, wéi een de Frichen am Minett neit Liewen kéint anhauchen. Aus der AGIPLAN-Etüd 1997 sinn 4 prioritär Siten définéiert ginn, daat op Belval-Ouest, Eileréng, Terres-rouges a Rodange, wourauser de Site vun Esch-Belval als éischt Prioritéit ervirgaangen ass. Den éischten Masterplang ass 1999 färdeggestallt ginn, an de Innenministère ass matt der Coordinatioun vum Dossier chargéiert ginn. Am Mé 2000 schreiwt de fréieren Innenminister a jëtzegen Fraktiounschef vun der CSV an sengem Rapport “Friches industrielles – Etat d’avancement et perspectives” ennert anerem “la valorisation des friches industrielles dans le sud du pays constitue sans aucun doute un des défis majeurs de la politique d’aménagement du territoire dans les années à venir”, en Dokument daat de Coup d’envoi an desem urbanisteschen Mammutprojet ginn huet.

Am Oktober 2000 ass d’AGORA an d’Liewen geruff ginn, wou de Staat, d’ARCELOR an déi zwou betraffen Geméngen Esch/Uezecht an Bieles dran vertrueden sinn, leider nëmmen matt voix consultative. Des Entwécklungsgesellschaft, déi de Suivi vum Projet assuréiert, huet säit Januar 2005 e neien Direkter an der Persoun vum Vincent Delwiche. Déi éischt Projets laafen esou wuel vun staatlecher Säit, wéi och duerch privat Investisseuren. Et ass fir eis wichteg, daat d’AGORA weiderhin den Equiliber hällt a schaaft, tëschent den iwwergeurdneten staatlechen Interessen, déi zweifelsouni bestinn, an den ékonomeschen Interessen vun enger Enterprise, déi um internationalen Plang agéiert.

Et leeft also, iwwert Stëllstand kann keen sech bekloen. Emsou méi muss een dese vasten Projet am Aa behalen, fir daat e keng Eegendynamik entwéckelt, woubäi een emmer verschidden Froen am Hannerkapp behalen mussen, déi sech virun allem op déi urbanistesch, esthetesch a geographesch Ausriichtung, déi ékonomesch Notzong, an op daat zukünftegt Mobilitéitskonzept an de Frichen bezéien. Mä och aner Aspekter conditionnéieren de Fortgang vum Projet; déi prekär ékonomesh Situatioun, déi mer an de läschten Joeren kannt hun, sief hei nëmmen als een Beispill ugefouert.

Ech erenneren drun, daat d’Regierung sech voll a ganz hannert dese Projet gestallt huet a sech am Kontext vun der Landesplanung ambitiéis Zieler gesat huet: « La reconversion des friches industrielles restera au centre des préoccupations de l’aménagement du territoire. (…) C’est dans ce contexte que la mise en oeuvre de la Cité des sciences, de la recherche et de l’innovation projetée à Belval-Ouest sera activement poursuivie par le gouvernement. (…) Le gouvernement veillera à ce que l’évolution des trois grands pôles de développement nationaux que sont le Kirchberg, le Sud-Ouest de l’agglomération de la Ville de Luxembourg et Belval-Ouest se fasse de manière complémentaire et non concurrentielle. »

De nationalen Enjeu vun de Frichen geet aus desen Aussoen am Regiirungsprogramm vum August 2004 kloer ervir: et geet net méi an net manner drem fir den ékonomeschen an administrativen Equiliber vun eisem Land nei ze définéiren. An obwuel sech d’Froestellung vun der Interpellantin ausschliesslech op de Minett bezitt, sou ass et awer net falsch drun ze erenneren, daat mer och op anere Plazen am Land fréier Industriesiten hun, déi enger neier Bestëmmung zougefouert musse ginn. Ech denken do un Wolz, Diddeléng an un Dommeldéng. Vläicht kann eis de Minister och zu desen Site soen, waat d’Objectiver vun der Regierung sinn.

Här Präsident,

D’Interpellatioun vun der Madame Mutsch ass datéiert op de 5.November 2003. Säitdeem huet sech esou wuel op der Suessemer Säit, wéi och op der Escher ganz vill gedoen. Oft huet een den Androck, et géif sech bei den Frichen nëmmen em eng eenzeg gigantesch Baustell handelen. Et ass duervir wichteg fir potentiell nei Investisseuren, daat déi infrastrukturell Viraussetzungen esou séier wéi méiglech geschafen ginn. D’Projeten op der Suessemer Säit sinn am gaangen unzelafen, déi éischt PAP iwwert Belval-Nord ginn an 14 Deeg der Geméng présentéiert. D’Rockhal huet den 19. Juni hier éischt Feierprouw ze bestoen, wou virun allem muss op d’Accessibilitéit vun der Rockhal duerch den öffentlechen Transport gekuckt ginn. Op Belval-Usine gëtt fir de Moment eng provisoresch Breck opgeriicht fir e provisoreschen Zougang iwwert d’Rue de l’usine hierzestellen.

D’DEXIA-BIL, als Lokomotiv vun den Investisseuren, dreckt drop, fir esou séier wéi méiglech op d’Frichen kënnen ze plënneren. Eng Rei aner Investisseuren, gleewt een den Wieder vum neien Direkter vun der AGORA, hun hieren Interessi schon ugemeld. Et gett geschwaat vun zwee hollänesche Immobilienpromoteuren, vun 5 lëtzebuergeschen Promoteuren, déi am nördlechen Deel vum Site wëllen Logementer bauen. Dobäi kënnt d’Hotelchaîne IBIS, déi 2006 en Hotel wëlt opriichten, daat 250 Arbechtsplazen bidd. Vläicht kann eis den Innenminister des Aussoen vum neien AGORA-Direkter am PAPERJAM vum Juni 2005 confirméiren, an eis doriwwer opklären, wien an a waat fir engem Mooss, sech nei Investisseuren fir de Site op Belval interesséiren.

Niewent de privaten Investisseuren, huet och de Staat d’Aufgab säin Bäitrag ze leeschten, am deems e seng Projeten esou schnell wéi méiglech emsetzt. Ech hun d’Rockhal schon erwähnt; dobäi kommen d’Nationalarchiven. Desen Dossier gëtt, wann ech richteg enneriicht sinn, nach eng Kéier réexaminéiert, well d’Regierung do en Deel vun der Universitéitsbibliothéik ennerbrengen well, waat am Cader vun der Cité des Sciences an vun de Fakultéiten vun der Uni Lëtzebuerg déi op de Site kommen, net vu Mutwëll ass. De Projet fir d’Erhalen vun dene zwee Héichiewen ass a senger Réalisatiounsphase. Den Architektenconcours fir e Lycée op Esch-Belval ass ugelaaf, wougéint d’Pläng vun engem Lycée um Site “Terres rouges” nach net wäit gediehen sinn. De CRP-Gabriel Lippmann huet sengersäits seng Activitéiten an de provisoreschen Gebeilechkeeten opgeholl. Et geet also aus all deem ervir, daat d’Dezentralisatiounsbestriewungen vun der Regierung hier éischt Friichten droen.

D’Interpellantin werft d’Fro op iwwert de Phasage vum ganzen Projet an iwwert den ékonomeschen Kontext, deen secher och seng Implikatiounen op d’Réalisatioun vun der Reconversioun huet. E gudd Beispill ass d’Liaison Micheville, wou den Tunnel elo a senger kuerzer Versioun zereckbehalen ginn ass, mä wou ech den Diskussiounen an der Châmber net wëll virgräifen. Ech muss awer soen, daat de Kompromiss zweschent dem Staat, de betraffenen Geméngen an de franséischen Autoritéiten eng akzeptabel Léisung duerstellt, well d’Virgaben an d’Contrainten, virun allem um finanziellen Plang respektéiert goufen.

D’Madame Mutsch huet an hierer Froestellung d’Garantien ugeschnidden, déi sech virun allem aus den landesplanereschen Virgaben erginn hun. En éischten Aspekt ass deen vun der Nôhaltegkeet. Ech mengen daat et hei virun allem um Niveau vun de Geméngen vill kann erreecht ginn, wann et drem geet eng energiespuersam Bauweis virzeschreiwen. Ech denken hei beispillsweis drun, fir déi sougenannten “Energiekennwäerter” an déi eenzel PAP obligatoresch dranzesetzen. De “Chauffage urbain” vum Site kann un d’Escher Kogénératiounszentral ugebonnen ginn. Et ass an deem Kontext virun allem un der AGORA als solch den Nohaltegkeetsaspekt ëmmer am Hannerkapp ze behalen: et geet an aller éischter Ligne drem fir e qualitativ héichwärtegen urbanisteschen Projet ze réaliséiren, deem och en nôhaltegt Verkéierskonzept zu Gronn läit. An do sinn mer dann och schon beim öffentlechen Transport.

Dir Dammen an dir Hären,

Eng erfollegräich Rekonversioun, wou x-dausend Leit schaffen a liewe sollen – eleng um Belval sollen 20.000 Aarbechtsplazen entstoen -, gëtt och a virun allem un der Tatsaach gemooss, wéi een déi grouss Zuel vu Leit all moies op hir Schaff transportéiert kritt an owes erëm an hir Uertschafte féiert, ouni dass de Verkéier an de Spëtzestonnen zesummebrécht.

Eng Etüd iwwer e Verkéierskonzept fir d’Friche Belval, déi d’Entwécklungsgesellschaft AGORA bei engem Bureau d’études an Optrag ginn huet, weist ganz däitlech, datt et onméiglech ass, déi Bewältegung iwwert den Individualverkéier ofzewéckelen. Et ass also kloer, dass ganz héich Ufuerderungen un déi extern an intern Erschléissung vun der Friche gestallt ginn. Well gewosst ass, datt d’Leeschtungsfäegkeet vun der momentaner externer Stroossenubannung begrenzt ass, mussen nei an zousätzlech Zoufahrte gebaut ginn, souwuel bei eis wéi op der franséischer Säit. E Liichtbléck an deem Kontext ass de Nord-Accès op d’Frichen iwwert d’Escher Strooss, deen am gaangen ass réaliséiert ze ginn.

Den öffentlechen Transport muss e groussen Deel iwwerhuelen. Ideal, esou gëtt gemengt, wier op Belval e Modal split vu 40/60. Et ass gewosst, daat dest e méi héichen Zielwert ass, wéi den Taux deen um nationalen Plang ugepeilt ass matt 25/75. Um Site vun Esch-Belval kéint een desen Objectiv beispillsweis iwwert de Wee vu beschränktem Parkraum ereechen, fir d’Leit déi op de Site kommen fir ze schaffen, ze studéieren oder enger Fräizäitaktivitéit noginn. Et muss awer och un deen net motoriséierte Verkéier geduecht ginn. Dofir brauch een e leeschtungsfäegen attraktive System vu Foussgänger a Vëlosweeër. Momentan läit den öffentleche Verkéier am Süde mat ongeféier 13 % ënnert dem Landesduerchschnëtt vu 14 %. D’Frontalieren, déi an der Haaptsaach aus dem louthrengesche Beräich kommen, benotze virun allem hire Privatauto an, nëmmen zu 8% den öffentlechen Transport. Ee Grond méi fir d’Rekonversioun vun den Industriebroochen als Chance ze notze fir den öffentlechen Transport ze optiméieren an auszebauen. Daat geet iwwregens jo och aus den Virgaben vum Intégréierten Verkéiers – a Landesentwécklungskonzept ervir, deen ech spéider nach kuerz wéilt beliichten.

Well d’Zuel vun de Frontaliere stänneg klëmmt, well d’Südgemenge staark wuessen, ass et noutwendeg den öffentlechen Transport, dat heescht den Zuch an de Bus, weider auszebauen, an dat souwuel um Niveau vum regionale Verkéier wéi um Niveau vum iwwerregionalen an internationale Verkéier. Ech denken hei virun allem un d’Verbindung mat der Stad Lëtzebuerg a mat de Grenzregioune vu Frankräich an der Belsch. D’Schinnennetz spillt an dësem Szenario d’Haaptroll. De Bus leescht iwwerall do seng Beiträg, wou keng Schinne bestinn a wou en d’Leit bei den Zuch brénge kann. Well awer eng Partie Awunner den Trajet mat hirem eegenen Auto maache mussen, ass et noutwendeg, datt d’Parkinge bei de Garen an de groussen Agglomératiounen am Süden ausgebaut ginn.

Wat de Belval ugeet, esou muss an enger éischter Phas den Arrêt Belval-Usines un dat bestoend Schinnennetz ugebonne ginn. Spéider soll jo hei eng performant Gare entstoen, déi Spectateure fir d’Rockhal op de Site brénge soll. Dës Aménagementer solle complétéiert ginn duerch eng Verlängerung bei de Lycéen an an den Zentrum vun der Uertschaft Bieles, fir e Point d’échange ze schafe mat de regionale Buslinnen a fir den Nordweste vum Site ze bedéngen. Dës Verlängerung erlaabt dann, an enger zweeter Phas, mat Hëllef vun engem neien Tunnel, deen och schonn erwähnt ginn ass. Deen alen Tunnel vun der ARBED, dee kann aus Sëcherheetsgrënn net dénge fir de Persouneverkéier, d’Quartiere Scheierhaff zu Zolwer, Foussbann zu Déifferdeng an d’Uertschaft Uewerkuer un d’Frichen unzebannen.

Wat den internen Trafic an de Frichë selwer ugeet, esou ginn am Moment eng Rei Etüde gemaach. Bis elo sinn zwee Couloiren, Nord-Süd an Ost-West, reservéiert fir den öffentlechen Transport an d’Frichen ze integréieren. D’Gemenge sinn a bleiwen der Meenung, dass een Train-Tram-System dohi gehéiert, och wann dat keng bëlleg Léisung duerstellt. En zousätzleche Schinnestrang ass virgesi fir Rämerech mat Lalleng ze verbannen, soubal sech d’Urbanisatioun an deemno och den Trafic an den ugrenzenden Uertschafte verstäerke wäert. Dat ganzt Konzept gëtt ergänzt duerch Park & Ride-Parkingen, déi direkt widdert der Eisebunn entstoe sollen. Besonnesch wichteg ass de Rondpoint mat entspriechende Parkingen op der franséischer Säit.

Här Präsident,
Dir Dammen an dir Hären,

D’Madame Mutsch weist an hierer Demande op e ganz wichtegen Aspekt hin, an zwar deen vun der Interconnexioun vun der Reconversioun vun de Frichen an de landesplanereschen Virgaben, déi sech aus enger Reih politeschen Entscheedungen an Dokumenter erginn hun. Den IVL ass d’Richtlinn a Saachen Landesplanung, un deem mir als CSV-Fraktioun weider wëllen festhalen. Den IVL gesäit an der Südregioun eng rei Chancen fir de bestoenden öffentlechen Transport ze verdichten. Als komplementären Entwécklungsraum zur Agglomeratioun an a ronderem d’Stad Lëtzebuerg soll eng verstärkten démographesch Entwécklung, awer och um Niveau vun den Arbechtsplazen entstoen. Den IVL gesäit duervir virun allem an den Industriebrochen en héicht Entwécklungspotenzial, woubäi Belval prioritär behandelt soll ginn. Durch den Ausbau vum Schinneverkéier an der Combinaison matt Siedlungsflächen, déi schon duerch de bestoenden öffentlechen Transport erschloss sinn, kann generell de Süden revaloriséiert ginn. Den IVL berout um Usaaz daat déi international Ubannung an d’Ubannung un d’Stad Lëtzebuerg duerch de klasseschen Schinnetransport ôfzewéckelen a fir déi interrégional Erschléissung den Train-Tram anzeféiren. Ech denken, daat mer des Débatt vläicht kéinte notzen, fir och op desen Aspekt anzegoen.

Här Präsident,

D’SOTEL-Leitung fir d’Arcelor huet an dene läschten Deeg e puer Wellen geschloen, op déi ech net méi wéilt agoen. Ech wéilt éischter vun der Gelégenheet profitéiren, fir de negativen Avis’en vun denen dräi betraffenen Geméngen nach eng Kéier ze begrënnen, deen, an do kann ech nemmen am Numm vun menger Geméng schwätzen, a kéngster Weis géint d’ARCELOR geriicht ass. Et geet hei eenzeg an alléng em de Projet vu Belval an deemno wëlle mer eis och par rapport zu de urbanisteschen Konsequenzen vun esou enger Leitung op de Site vun de Frichen positionnéiren.

Ech erënneren drun, daat fir den Aménagement vum Site eng Héichspannungsleitung muss ewéchgeholl ginn, waat sech op e Käschtepunkt vun net manner wéi 2,5 Milliounen Euro beleeft. Déi geplangte Leitung stéiert eis virun allem aus emweltschutzrelevanten Grënn, well den Tracé duerch e Noerhuelungsgebitt verleeft, an deem sech ennert anerem ausgedehnten Spazéier- a Veloswéer befannen. Eis feelt och op Grond vum Gesetz vum 24.Juli 2000 iwwert den Elektrizitéitsmarché d’Haaptargument firwat des Ligne iwwerthaapt noutwendeg ass. De Minister vun der Ekonomie huet eng Etüde ugekënnegt iwwert de generellen Impakt vun esou enger Leitung, déi sech u verschidden Critèren muss halen. Bis haut gouf esou eng Etüd nach net geliwwert, esou daat mer eis Froen gestallt iwwert eng Alternativléisung. A mir mengen duervir dass eng permanent Réngleitung SOTEL-CEGEDEL eng gudd a zefriddenstellend Alternative fir all Partien duerstelle kéint.

Här Präsident,

Ech wéilt als läschte Punkt dann nach op e neit Konzept vum sougenannte “Public Green” agoen, e Konzept un deem mer als Geméngeresponsabel welle festhalen, well et e flott Element wier an der Ausgestaltung vum Site op Esch-Belval. Et ass en Element, daat net an déi 25 % fällt, déi d’Promoteuren de Geméngen mussen ginn. Et ass eng öffentlech Fläch, déi am PAG agezeechent ass, déi an den Domaine public gehéiert an net an d’Hänn vun Promoteuren oder Copropriétairen.

Em waat geet et hei konkret? Et gëtt um Site méi verdicht gebaut, waat matt sech bréngt, daat un sech d’Gärt vun den eenzelnen Logementer relativ kléng ausfalen. Aus deser Tatsaach eraus ass d’Iddi entstanen fir zwëschent den eenzelnen Wunnîloten Gréngflächen ze aménagéiren fir d’Wunnéngsunitéiten opzelackeren. Des Art a Weis fir de Site vun de Frichen ze aménagéiren wier e flott Instrument fir déi dicht bebauten Wunniîloten ze kompenséiren. Dest wier emsou méi eng flott Léisung, well d’AGORA schon signaliséiert huet de Geméngen beim Ennerhalt finanziell ennert d’Äerm ze gräifen.

Här Präsident,

D’Reconversioun vun de Frichen bleiwt op alle Fall an de kommenden Joeren e politeschen Dauerbrenner. Et war an bleiwt déi richteg Entscheedung, fir de Frichen eng nei Bestëmmung ze ginn. Et bougéiert, an d’Frichen ginn lues awer sëcher matt neiem Liewen erfëllt. Duerch d’Envergure vun desem urbanisteschen Mammutprojet ass et en Dossier vun nationalem Interessi. Ech denken, daat dëst fir de Moment déi Punkten sinn, déi mer am Cader vun deser Interpellatioun am wichtegsten erschéngen sinn. Des Débatt ass fir meng Fraktioun a fir mech awer nach net ôfgeschloss, mä soll duerch d’Parlament permanent suivéiert ginn.

Ech soen Iech Merci fir är Opmierksamkeet.

Fred SUNNEN
02/06/2005