Projet de loi n° 5419 portant sur la convention-cadre de l’OMS pour la lutte anti-tabac

D’CSV-Fraktiounsspriecherin fir Gesondheet an sozial Sëcherheet Martine Stein-Mergen hëllt Stellung an der Chamber

Am Numm vun der CSV-Fraktioun well ech fir d’eischt der Rapportrice villmols merci soen fir hiren gudd rechercheierten Rapport, den alleguer d’Facetten an d’Konsequenzen vun der OMS-Kader-Konventioun beliicht.

Ech well dofir just nach emol kurz oop verschidden Aspekter, dei ons wichteg schengen, ganz kuerz agoen.

D’Diskussioun em desen Thema ass, ewei all Diskussiounen em Themaen, dei vill Leit direkt betreffen., an der Oeffentlechket zimmlech ondifferenzeiert gefouert ginn. Emmer erem gouf jidderengem seng Freihet ugefeiert, fir ze femmen oder nett.

Or, d’Theorie, dass et jidderengem selwer iwwerloosss ass, ze femmen oder nett, an dass jidderengem seng perseinlech Freihet direkt betraff wier, ass an 2 Hypothesen falsch:
1. eng frei decusoun hellt en noemmen dann, wann en se am vollen Wessen von de Konsequenzen höllt
2. jidderengem seng Freihet hält do op, wou se engem aneren seng Freihet a Fro stellt

Zur 1. Hypothese:
Eng wirklech frei decisioun kann en also nömmen dann huelen, wann en am Wessen vun allen Konsequenzen vun sengen Decisiounen stet. Or, dat ass awer bei denen meschten Tubaksofhängegen nett de Fall.

Den Alter, an dem Jugendlech, jo Kanner den 1.Kontakt mat der cigarette hunn, ass nach emmer am Gang, erof ze goen.

Elo ass et zwar e fait, dass d’Kanner an der Schoul durchaus iwer d’Gefohren am Zesummenhank mam Femmen informeiert ginn. Hei muss en och eng Keier erfirstreichen, dass d’ Association contre le Cancer bei denen Jonken mat hirer Smoke Busters Campagne ganz stark praesent ass.

Mais, wann en esou jonk ass, dann weist en d’Konsequenzen, dei jo oft ereischt vill mei speit optrieden, ganz weit vun sech. Wat kraatzt et, fir an dem slang ze bleiwen, e 14jähregen, dass e vleicht a 40 oder 50 Joer eng Gefässkrankhet oder Kriebs kann kreien? Den Image vun dese Krankheten ass en vum heigen Alter, a Gott sei Dank sinn se dat och majoritaer. Den Marlboro’s Cowboy ass zwar u Longekribs gestuerwen, mais de war jo och schon aal.

Fir sie ass et wichteg, dass nett noemmen dei negativ Konsequenzen ugeschwat ginn, mais dass dei positiv messagen, dei sie aus der Publicizeit kreien, ennerbonnen ginn.

Vielleicht mussen ons Informatiounskampagnen an de Schoulen och nach e bessen mei dissuasiv ginn, e bessen mei realistesch nach, fir hinnen d’Loscht um Femmen ze huelen. Virwat sollten sie nett en Patient mat enger Folgekrankhet kenne leieren, e mat enger Laryngectomie, oder en, den de ganzen Dag um Sauerstoff hengt. Dat wir vleicht mei reel an ofschreckend, an ech sinn iwerzegt, dass sech och freiwelleg Patienten geifen fannen, fir den exercice matzeman.
Ech sinn mer awer bewosst, dass de Mensch sech awer virun esou messagen schützt. Seit et dei ellen Ziedelcher op den Zigarettepaeck get, get et och pochetten, fir d’Zigaretten dranzeman, dei des Ziedelcher verstoppen.

En weideren message, den en hinnen muss nobrengen, ass den vun der Sucht. Mit hunn am Zesummenhang vum 5.Joresplang zur Suchtpreventioun rezent doriwwer geschwat.
Tubak, oder all dei Stoffen, dei dem Tubak zougesat ginn, biergen en extrem heigen Suchtpotential. Jugendlech sollten wessen, ier se den 1. Pak Zigaretten kafen, dass eng Sucht eng Sucht ass, egal op dat op Tubak, Alkohol, oder illegalen Drogen ass. All Mensch huet individuell eng aner Aentwert op dest Suchtpotential, dei eng sinn kloer mei a Gefohr wei anerer.

Och wat den Entzug ubelaangt, sinn dei individuell Reaktiounen verschidden: denen engen gelengt et, opzehalen, aneren nett….

Mir sinn haut an der Medezin à même, dem Patient, de wellt ophalen mat femmen, eng gewessen Hellef unzebidden . Dese Mechanisdmus funktionneiert iwwer dat perseinlecht Bild, dat all Mensch sech iwwer sein Gesondhetszoustand a sei Liewenswandel mecht :

Wei get dest Bild vermettelt?
• Ausser senger Personaliteit spillen do eng Reih äusserlech Faktoren mat,
• wei d’Ménung an de Modell vun der Familjen, vun de Kollegen a Frenn,
• Rollemodeller an der Gesellschaft,
• den Afloss vun der Educatioun an déi Werter, dei sie vermettelt; mais och
• dei Oeffentlech Menung, wei sie sech zum Beispill dozou stellt, op Oeffentlecher Plaz ze femmen, beaflosst den Enzelnen.

Aus all denen Informatiounen rechent den Enzelnen sech sei perseinleche Risiko aus, an gett doduerch mei oder manner staark motiveiert, sei Verhalen ze veraeneren.
Ausleiser sinn, wat an der Verhalensfuerschung “triggers of change” genannt ginn. Dé Moment kann zum Beispill
• e Kranken aus dem Frendeskres sinn,
• bei de Fraen ass et oft, wann sie dei eischt Falen feststellen,
• oder zum Beispill wann de Preis fir den Tubak spierbar an d’Luucht get, an en vleicht muss op eppes aneres verzichten, fir seng Zigaretten ze kafen.

Wann dese Moment dann do ass, dann ass et un de Professionnelllen, dovun ze profiteieren, an dem Patient bei sengem Entzug beizestoen.
An der Formatioun spécifique vun den Generalisten gett et seit den90ger Joer Modulen vun Tabacologie. Den Dokter leiert, wei en sengem Patient esou efficace ewei meiglech kann hellefen, hien muus dei richteg Argumenter hunn, wann hien mierkt, dass de Patient beret ass, fir en Entzug durchzezeien.

Och vun verschiddenen Associatiounen ginn coursen ugebueden, fir denen Tubaksofhaengegen ze hellefen,
Ophalen muss natierlech awer jidderen selwer…

Ech wellt nach ang Keier ganz kurz op den Afloss vum Tubakspreis op d’Femmverhalen vun denen Jonken agoen.
Den Haut Comité d’experts cancérologues hunn an hiren Helsinki-recommandatiounen 1996 gesot: “il est prouvé que les augmentations de prix dissuadent de fumer, surtout en ce qui concerne les enfants. Pour que cet effet soit maintenu, les prix doivent être augmentés régulièrement. » D’Spezialisten roden zu enger europäescher Harmoniseierung vun der Steierpolitik a Richtung op en heigen Verkafspreis.

Doriwwer eraus proposeieren sie awer och eng limitatioun vun der vente un Jugendlecher, an sinn gengt de self-service an d’Automaten fir Tubaksprodukter. Des sennvoll mesure gett vun der KOnventioun préconiseiert a mir wärten se dann secher och demnächst an dem Gesetzesprojet eremfannen, dat soll an onsem Land d’vente vun Tubak u Jugendlecher regelen.

Ech mengen, ech haett mat desen Ausfeierungen gewisen, dass de Begreff vun der freier Decisioun unzefänken mat femmen, staark muss relativeiert ginn. D’CSV Fraktioun ass iwwerzegt, dass eng ganz Reih gesetzlech a reglementaer mesuren emstand sinn, vill Jonken ze hellefen, nett unzefänken.

Et gett awer nach dei 2. Hypothese, an der D’Kritiker vun der Konvention-cadre onrecht hunn: Wou dem Naechsten seng Freihet ugeht, hält dem Engen seng Freihet op. D’Philosophie ass et eben nett, dem Enzelen seng Freihet anzeschraenken, mais d’Recht vun dene Leit dei nett femmen ze garanteieren. Sie sollen den Nuisancen vum Passivraachen nett ausgesat ze ginn.

Dass Passivraachen schiedlech ass, ass eendeiteg, an dat huet schliesslich dozou gefouert, dass d’Populatioun, dei nett femmt, no Massnahmen fret, fir vum Législateur dogengt geschützt ze ginn.

Et ass ze diskuteiern a wei weit mer do dem Beispill vun Irland an Italien noginn, D’Femmen op oeffentleche Plazen ze verbidden, mais ech stellen mir awer eng aner Fro : wei ass et bei de Leit dohem.

Wann en dovun ausgeht, dass en no enger Stonn an engem Bistrot durch Passivfemmen geschiedegt ginn ass, wei ass et dann mat den schwangeren Fraen, dei femmen?
Wei ass et mat de Kanner an engem Stot, wou andauernd den Damp an der Loft haenkt?

En Embryo kritt bei all Strapp Zigarett vun der Mamm Herzkéappen, Kanner aus engem Stot, wou gefemmt gett, hunn erwisenermoossen mei oft Asthma.
Och hei gellt et, unzegreifen, an d’Argument vun der Gesondhet vun de Kanner rifft no enger Iwwerléung, a wei weit en durch Kampagnen mei speziell kann Elteren sensibiliseieren.

Här Präsident, dir Dammen an dir Hären, de Gesondhetsminister Johny Lahure huet am Joer 1994 en Weissbuch iwer d’Gesondhet zu Letzebuerg erausginn. Dest Buch wor en interressanten Beitrag, Couranten an allen Domänen vun der Santé emol festzehalen, an op deser Basis Ugreffspunkter ze defineieren an Strategien ze entweckelen. Ech sinn iwregends iwwerzegt, dass nett noemmen d’Gesondhetsberufer, mais och d’politiker sech geifen iwer eng Neioplag vun desem netzlechen Instrument freen.

Virwat ech awer dovun schwetzen, ass dass d’Buch eng flott Statistik enthällt iwer d’années de vie perdues. Dat sinn dei Joer bis 65, dei dei Leit nett erleiwen, dei freizeiteg stierwen. Am ganzen waren et am Joer 1990 13675 Joer bei 941 Doudesfaell. Et ass ennersicht ginn, wat d’Ursaachen fir des années de vie perdues woren, an hei schleit de Kriebs mat 22,8% zu Buch, d’Gefässkrankheten mat 13,8% an d’Otemweskrankheten mat 2,7%. Dat maachen zesummen 39,3% vu Krankheten, dei zu engem groussen Del dem Femmen zouzerechnen sinn.

Des Zuelen sollen eis encouragéieren, d’Anti-Tubak-Konventioun vun der WTO esou séier ewéi méiglech ze ratifizéieren.

Am Intérêt vun der Santé publique ginn ech dofir heimadder den Accord vun der CSV-Fraktioun zu desem Projet.

4/5/2005