Aktualitéitsstonn an der Châmber iwwert déi national Drogenpolitik

D’CSV-Députéiert an gesondheetspolitesch Spriecherin Martine Stein-Mergen hëllt Stellung fir d’CSV-Fraktioun
Här Präsident, dir Dammen an dir Hären,

Matten an der Preparatiounsphas vum neie Strategieplang 2005-2009 gengt Drogen an Toxicomanie , solle mer haut also e Bilan zeien vun dém Plang, den d’Regierung sech fir dei vergaangen Joeren gesat hat, e geégente Moment also, fir d’Aktiounen an d’Strategien kritesch ze hannerfroen. Fennef Minuten sinn eng kurz Zeit, fir esou e villschichtegen Thema och nömmen unzebehandelen, ech hoffen, dass mer mei Zeit waerten hunn, wann et drem get, den neien Aktiounsplang ze diskuteieren.

Ech well mech haut also drop beschränken, e puer punktuell Remarken ze machen. Ech hunn d’Leit aus der Szen, Professionneller an Toxicomanen, gefrot, wat hinnen spontan zu desem Thema afällt. Ech well iech e puer vun dese Reaktiounen nett virenthalen.

Beispill: en vu mengen confreren, e Psychiater, huet grondsaetzlech bemierkt, et geif um Gesondhetsplang kaum en anert Thema, wou esou vill Moyenen dran gepompelt ginn, an esou weineg d’Resultaten hannerfrot ginn.

Elo weisen effektiv dei plakeg Chifferen aus, dass an de vergaangene Joeren 3,6 mol mei Gelder an des Politiken gefloss sinn wei virun 2000. Dat heescht: 5 mol méi Moyenen, 3,5 mol méi Personalausgaben. Entspriechen d’Resultater desen remarkablen Efforten?

A Wirklechket hunn mer um terrain schlecht Resultaten : * méi a méi jonk Eischtconsommateuren, * mei problematesch consommateuren, * mei saisien vun Rauschgeft, * mei hepatites C, Gott sei Dank nett am Verhaeltnis mat der Majoratioun vun de Moyens, mais des chifferen kann en nett enner den Desch keieren.

Ass schon eng Keier eng Etude gemat ginn, virwat grad onst Land esou schlecht Statistiken huet? Virwat huet Letzebuerg 3 mol méi iv-Suechteger wéi déi aner europäesch Laenner ?

Esou wei de Gesondhetsminister et an der Kommissioun gesot hat, ass den Aktiounsprogramm 2000-2004 zu 80% réaliseiert ginn.

En vun dene Punkten, den nett realiseiert ginn ass, ass d’Fixerstuff. Wourun hängt et? Ech well d’Gewiicht vun deser Institutioun, dei eigentlech nemmen en Détail an der ganzer Strategie ass, an och nemmen vun engem klengen Del vun den Toxicomanen waert benotzt ginn, nett iwwerbewerten. Et gét hei drem, eng Plaz zur Verfügung ze stellen, wou d’Fixer sech kennen e Schoss setzen. Betraff sin dei, dei keng Méiglechket hunn, dat bei sech dohém ze man.

Or, des Leit sinn de Moment am Dag am Abrigado, an nuets an der Nuetseil. Wir et also nett dat eiinfachst, an enger Annexe vun desen Strukturen, och wann et Containeren sinn, hinnen des Meiglechket ze ginn, well hei as d’Funktioun mei wichteg wei d’Faarw vun de Rideauxen.

Fehlt et zum Schluss um politeschen Courage, fir dé leschte Schrett ze man ? Um Budget dierft et jiddefalls nett haenken.

Kontrolleiert Ausdélen vun Heroin un schweierst Ofhängeger ass dei aner Mesure, dei nett réaliseiert ginn ass. D’Posten, fir des Aarbecht ze man, sinn budgetiseirt. Ech stellen also och hei d ?Fro no dem leschte Rescht politesch Konsequenz. Och hei ass eng Minoriteit vun den Toxicomanen betraff, mais vir sie ass des Massnahm wichteg.

Stechwuert structures bas seuil: dat sinn dei Strukturen, wou en Toxicoman kann Hellef sichen, oft sozial Hellef, oft praktesch Hellef, virwat bas seuil? Hei sollen sie nett enner Drock gesat ginn, z.B. fir Sevragen ze man, fir schaffen ze goen. Wei sinn d’Resultater? Och do eng Ménung vum terrain, déi sech awer neierdengs bei auslaenneschen Experten eremfennt: am Abrigado haenken all Dag eng 40 Leit den ganzen Dag erem, nuets leien se dann an der Nuetseil. (D’Geruecht gét, dat wiren zum Del Leit sinn, dei durchaus eng Wunnmeiglechkét hunn, awer ?ze midd? sinn, en Zuch oder e Bus ze huelen, fir hem ze fueren. Dat kann et bei chroneschen Süchtegen dach nett sinn, wir et nett sennvoll, ze iwwerleen, op gewesse Regelen an Konditiounen nett verschiddener vun hinnen géif zu enger Reaktioun animeieren, zum Beispill vir trotz RMG stonneweis schaffen ze goen.

Ons Ménung ass: hellefen ouni Konditiounen: OK, mais dat kann awer nemmen eng Iwergangsleisung sinn, wat geschitt mettel- a längerfristeg mat dese Leit?

Stechwuert Substitutioun: an der etude Brunnet et alii vun 2003 (Relis p.125) fennt en dei positiv Resultater erem, déi en sech eigentlech erwaart : déi Patienten, déi an engem traitement sinn,* stabiliseieren hir sozial Situatioun,* sie ginn am Laf vun der Zeit manner vun der police interpelleiert, * sie sinn an engem besseren Gesondhetszoustand.

Des schengt mer en vun denen wesentlechen Acquisen vun den leschten 5 Joer ze sinn, an ganz secher e Wé an en Zoustand, wou den en oder aneren em Stand ass, iwwer sei Stand an seng Zukunft nozedenken.

Mais, an onsem Land drëpselt déi Saach esou e bessen dohin.

En fait sinn dei Massnahmen, déi am arrêté grand-ducal sollten d’Substitutioun regelen, nett um terrain a Kraaft; d’Methadonkommissioun konnt sech zum Beispill an dene leschten 2 Joer nett éns man, enner wat vir enger Form d ?Patienten an en zentrale Regeschter sollen opgeholl ginn,an och de speziellen carnet à souches, fir d’Rezepter, déi vir déi Dokteren geduecht waren, déi eng Formatioun oder Formation continue an desem domaine kennen noweisen, gett et nach nett.

Am Moment kacht hei Jidderéen seng eegen Zöppchen, an de Substitutiounsprogramm haett secher besser Resultater, wann e bessen Form a Rigueur an déi ganz Affaire bruecht géif ginn.

Ech wellt och e Wuert iwwer d’Situatioun am Prisong verleieren. Et ass en trauregen fait, dass emmer nach, trotz den efforten, dei vun allen acteuren gemat ginn, den Heroin eng issue schengt ze sinn fir d’Prisonneier, emmer nach setzen sech Leit an Prisong den 1. Schoss. Och hei gelt et ouni Virurtéler ze ennersichen, ze erfuerschen, wat fir des Populatioun, * dei et jo eigentlech misst besser wessen, * dei en direkten Accès zu medezinescher, psychologescher a psychiatrescher prise en charge huet, an dât all Dag an der Woch,den Impuls ass, an hirt oft schon traureg Existenz och nach Rauschgeft anzebezeien.

Mir sollen och am Zesummenhang mat der Politoxikomanie iwwerleen, op et nett ubruecht wir, Restriktiounen fir d’Verschreiwung vun Benzodiazepinen ze iwerléen. Wessentschaftlech ginn d’Indikatiounen vir des Medikamenten emmer mei ageschraenkt: dir kritt se op der Gare ze kâfen, mais wéi kommen se an d’Hänn vun den Suechtegen?

Mei lescht Stechwuert fir haut wir dann dat vun de legalen Drogen: Alkohol an Tubak. Wann én d’Karrieren vun de Konsumenten vun haarden Drogen ennersicht, da geseit én, dass sie d’Einstiegsdrogen par excellence sinn. De niddrege Preis vun desen Substanzen an den einfachen Accès fir Jugendlecher sinn also wichteg Punkten, op denen, och an desem Zesummenhang, muss geschafft ginn.

Leif Kolleginnen a Kollegen, d’Relis-rapporten sinn excellent Instrumenten, mir sollten se dofir och benotzen, fir d’Politiken emmer erem a Fro ze stellen, an ze adapteieren.

D’Axen an d’Piliers, Reduktioun vun der Offer, Reduktioun vun der Demande, Reductioun vun de Risken sinn e ganze Programm, sie daerfen awer nett Mettel zum Zweck sinn, agefuere Schinnen an Sâkgaasen ze feieren. D’Welt vum Drogenhandel, d’Astellungen zur Toxikomanie, siefen se sozialer, medezinescher oder repressiver Prägung, sinn emmer am Floss, ons Politik muss dat och sinn.

Ech soen iech Merci

Martine Stein-Mergen