De Fraktiounschef Michel Wolter hëllt Stellung zum Budget 2005

De Michel Wolter beschreiwt de Wandel an deem Lëtzebuerg sech géigenwärteg befënnt an plädéiert fir eng Partie Reformen op strukturellem Plang
Här President, Dir Dammen an Dir Hären, ech géif als Alleréischt, a well ech selwer d’Geleeënheet hat, zweemol – an de Joren 1994 an 1995 – Budgetsrapporteur ze sinn, dem Budgetsrapporteur vun dësem Joer, dem honorabelen Här Laurent Mosar, félicitéiere fir déi Aarbecht, déi hie gemaach huet.

Hien hat dëst Joer keng liicht Aufgab, well en den éischte Budgetsrapporteur ass, deen am Kader vun enger neier Prozedur säi Rapport huet missen ofginn. D’Prozedure sinn dëst Joer méi rapprochéiert ginn, wat zum engen d’Délaie selbstverständlech reduzéiert huet, zum aneren awer och méi Kloerheet am Verlaf vun der Debatt mat sech bruecht huet; sou hu mir zum Beispill kee Rapport complémentaire méi virgeluecht kritt. Et ass eng Fro vun Ëmstellung, et ass och eng Fro vun Astellung vun deem Eenzelnen, ob en et fäerdeg bréngt an deem Délai de Budgetsrapport ze kommentéieren a seng Konklusiounen doraus ze zéien.

Ech géif deemno dem Rapporteur Merci soen. Hien huet de Mérite, a sengem Rapport eng ganz Rei Froen opgeworf ze hunn an en huet, wat net alldeeglech ass, och probéiert eng Rei Äntwerten ze formuléieren, wat him direkt déi eng oder aner opgereegte Kritik abruecht huet. Et ass fir mech e bëssen erstaunlech, an engem Moment wou ëmmer gesot gëtt, de Politiker soll net nëmme kritiséieren, mä hie soll och Virschléi maachen, dass, wann dann de Budgetsrapporteur eng Rei vu Virschléi mécht, hien dann dowéinst kritiséiert gëtt, dass e Virschléi mécht.

Um Fong muss een net mat allem d’accord si wat den Här Mosar gesot huet. Hien huet eng Rei perséinlech Iwwerleeungen gemaach, déi zum Deel aus senger Geschicht kommen an och do wou et ëm d’Gemengepolitik geet, ganz staark den Hauch vun där Gemeng droen, déi hie representéiert an och a säin Häerz geschloss huet.

De Budget fir d’nächst Joer, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, respektéiert déi grouss Finanzéquiliberen, wéi mir se kennen. Eise Budgetsminister, den Här Frieden, ass als e virsiichtege Mënsch bekannt. Hien ass – an dat ass eppes wat e konsequent duerchzitt – een, dee léiwer op der gewonnener Säit ass, am Sënn vu Plus-valueën, déi um Enn vun engem Budgetsexercice de Budget verbesseren, wéi een, dee Loscht huet am November an am Dezember vum Joer de Steiereinnahmen nozelafen, fir op en Total ze kommen, deen et him géif erlaben, fir de Budget um Enn vum Joer opzekréien.

Hien ass an enger ganzer Rei vun Exercicë ganz staark dowéinst kritiséiert ginn, ech erënneren un d’Exercicer 2000 an 2001, wou gesot ginn ass, de Budgetsminister géif de Leit hir wuelverdéngte Sue virenthalen. Abee, wann een de Budget vum Joer 2005 an och héchstwahrscheinlech déi vun deene Joren hannendru kuckt, kënne mir frou sinn, dass mir an de Joren 1999, 2000 an 2001 net alles ewechginn hunn, net alles a Konsumausgabe gestach hunn, mä dass mir d’Plus-valueën zum Deel an d’Reserv gesat hunn, fir déi Zäite wou et méi schlecht geet, an zum Deel an Investissementspolitike gestach hunn, déi eng laangfristeg Optik hannert sech droen.

De Budget vun dësem Joer weist en Defizit vun 90 Milliounen aus, dee gedeckt gëtt duerch d’Budgetsreserv. Eis Statsschold ass mat 2% vum PIB eng vun deenen niddregsten, wann net déi niddregst an Europa. Eis Verscholdungscapacitéit ass intakt, de Scholdendénscht stellt keng Belaaschtung fir de Budget duer.

Dat ass séier an engem Saz gesot, ass awer net evident an engem Moment wou ee ronderëm eis lauter Länner gesäit, déi schonn déif an de Scholde sinn, déi fir Relancepolitiken ze maachen, scho ganz déif an hir Täsch hu misste gräifen. Mir hu fir déi nächst Joren, wann et dann noutwendeg wier, déi néideg Mëttele parat, fir eng concertéiert zukunftsorientéiert Politik ze maachen.

En Emprunt vun 200 Milliounen ass fir d’Joer 2005 virgesinn. Et war schonn en Emprunt fir d’Joer 2004 virgesinn, dee bis elo net gezu ginn ass, sou dass mer net wëssen ob d’Noutwendegkeet wäert bestoen, fir en ze zéien. Wann e gezu gëtt, dann ass en destinéiert fir de Fonds des routes an de Fonds du rail, also fir Investissementer an d’Zukunft ze maachen. A mir begréissen dat, wéi mir och begréissen, dass erstmoleg – op jiddfer Fall datt ech Politik maachen – d’Dotatioune fir den öffentlechen Transport am Budget vum Joer 2005 méi héich si wéi déi, déi an de Fonds des routes, dat heescht an de Stroossebau wäerte goen. Och do gesäit ee lues a lues eng Ëmkéierung vun enger Rei vun Tendenzen.

De Budgetsvolume hëlt ëm 8% zou; dat mécht eis Suergen. 8% vun engem Joer op dat anert, 13% wann een e mat de Konte vum Joer 2003 vergläicht, dat si relativ hefteg Spréng. Si erkläre sech zum Deel aus dem Fait, dass am Kader vun engem dynamesche Wirtschaftswuesstum am Laf vum Joer 2004 souwuel op der Einnahmesäit wéi op der Ausgabesäit an eisem Budget 200 Milliounen Euro bäikomm sinn. Wann een also de Budget exécuté vum Joer 2004 mam Budget vum Joer 2005 vergläicht, da si mir op enger Steigerung vu 4%. Déi 4% entspriechen der Budgetsnorm, insofern een an deem héijen Haus hei d’Budgetsnorm iwwerhaapt nach däerf zitéieren. An den 80er an am Ufank vun den 90er Jore war dat ee vun de Kritäre bei all Budgetsried wann et drëm gaangen ass ze bewäerten, ob d’Dépensen an d’Einnahmen an engem verstännege Mooss klammen.

Als Konklusioun kann een also eng grondsätzlech positiv Appréciatioun vun der Finanzlag vun eisem Land a vun dem budgetäre Gesamtéquiliber vun eise Statsfinanze ginn. Eise Budget, och fir d’Joer 2005, léist sech weisen, souwuel am nationale wéi am internationale Kontext. Dat war nëmme méiglech, well an deene sou genannte gudde Joren d’Grondlage geschafe si ginn, fir dass mir an deene Joren, wou et méi lues geet a vun deene mir nach net wësse wéi laang datt se daueren, Reserven hunn, fir déi Politiken, déi mir wëlle maachen, och kënnen an engem méi schwieregen Ëmfeld virun ze féieren. Alles dat verdéngt de Respekt, deen ech och eisem Budgetsminister, am Numm vun eiser Fraktioun, wëll domadder ausdrécken.

An dach – an och hien huet et a senger Ried gesot – gesäit een eng Rei vu Changementer, déi amgaange sinn ze kommen, weltwäit, europawäit, an déi halen och net viru Lëtzebuerg stall. An de Commentairen, déi ee lénks a riets héiert, mécht sech en diffust Gefill breet, wéi wann net méi alles esou am Grëff wär, wéi wann déi fett Joren eriwwer wären. Et muss een op dat Gefill agoen, ouni awer direkt a Katastrophestëmmung wëllen ze falen. Mir haten an der Vergaangenheet wäit méi schwéier politesch Situatiounen ze meeschteren, wéi dat haut de Fall ass. Ech erënneren un den Ufank an un d’Mëtt vun den 80er Joren, wou souwuel eis Budgetspolitik wéi iwwerhaapt eis Politik sech an engem ganz aneren Ëmfeld beweegt hunn.

Mir hunn et fäerdeg bruecht ëmmer erëm als Lëtzebuerger aus Situatiounen erauszekommen, déi komplizéiert waren. Zum Éischten duerch d’Bereetschaft vun eise Leit, fir de Rimm méi enk ze zéie wann et noutwendeg war, zum Zweeten duerch politesch Initiativen, déi hir Friichte gedroen hunn an déi nees zu engem Rééquilibrage gefouert hunn, an zum Drëtten och duerch eng Rei vun Evenementer mat deene mir selwer net ganz vill ze dinn hunn. Ech erënneren un déi extrem Plus-valueën, déi mir um Ufank vun dësem Jorzéngt an um Enn vum leschte Jorzéngt aus enger Bourssenaktivitéit erauskritt hunn, déi wäit iwwert deem loug, wat am Fong eng normal Aktivitéit ass.

Wat sinn déi Punkten, déi lo aneschters sinn an op déi et eng Äntwert ze fanne gëtt? Ech géif sechs Froe wëllen uschneiden.

1. Fir d’éischt gesäit ee ganz kloer, dass mir eis an engem geännerte geopolitesche Kontext bewegen. Weltwäit si mir an engem globale Marché. Et kommen nei Konkurrenten. Et komme Konkurrente méi séier wéi dat an der Vergaangenheet de Fall war. Wien haut uewen ass, ka muer ënne sinn. Et muss ee sech also permanent an deem Marché a Fro stellen. Et muss ee bereet sinn, sech ze adaptéieren, wann een op deem Niveau wëllt weiderfueren, deen ee kennt.

Och aner Länner reagéieren, och aner Länner spille mat de Steiersouveränitéiten. A villen anere Länner gëtt et entre-temps eng generaliséiert Sproochevielfalt vun zwou, dräi a véier Sproochen. Vill Atouten, déi mir also an der Vergaangenheet haten, a wou mir allein auf weiter Flur waren, ginn haut vun anere Géigenden a vun anere Länner an Europa an doriwwer eraus kopéiert.

2. Dat Zweet – an dat ass eppes, wat mech perséinlech extrem frappéiert, wat vill méi ausgeprägt ass wéi aner Joren -, dat ass déi Onsécherheet, wat de wirtschaftleche Kontext ubelaangt. Jee nodeem vu wou d’Analyse kënnt, ob dat vun der EU ass, ob dat vun der OECD ass, ob dat vum FMI ass, ob dat vun eisem Statec ass – wien och ëmmer do an deem Prognosekrees probéiert fir d’Joren 2005, 2006, 2007 Aussoen ze maachen -, et fält engem op, dass ee ganz verschiddenaarteg Äntwerte kritt. Sou dass et schwiereg ass, mëttelfristeg ze wëssen, a wat fir eng Richtung dass et geet.

3. Wann et an eng gutt Richtung geet, wat mir hoffen, eng Richtung vu Relance économique, eng Richtung vu wirtschaftlechem Opschwonk, da stellt sech déi drëtt Fro, an dat ass déi, wat fir eng Répercussiounen dass dat Ganzt op eise Statsbudget kritt. Fréier huet d’Equatioun doranner bestanen, fir ze soen: Relance économique bedeit och méi Recetten um Niveau vun de Steieren. Or, déi Equatioun besteet haut net méi eent zu eent. Et sinn eng Rei vun Ännerunge virkomm. Ech hunn et virdru gesot, aner Länner probéieren an de Souveränitéitsnischen hire Match ze maachen. Et gesäit een europawäit en Drock op d’Steieren, an zwar en Drock fir d’Baisse vun de Steieren.

Mir hunn eng Wirtschaft zu Lëtzebuerg, déi wäit méi produzéiert wéi dat 450.000 Leit géife maachen. Mir profitéiere vun der ?grande région? en plein. Mir entwéckelen e PIB, deen a vergläichbare Regiounen am Ausland eng bis annerhallef Millioune Leit produzéieren. Alles dat – wéi och de Phenomeen vun der Ingénierie financière a fiscale – bréngt mat sech, dass souguer grouss Steierzueler vun der Vergaangenheet hei zu Lëtzebuerg net méi sécher grouss Steierzueler vun der Zukunft hei zu Lëtzebuerg sinn, och wa se um Lëtzebuerger Marché bleiwen, och wa se hir Aktivitéiten hei zu Lëtzebuerg weider développéieren, an och wa se nei Leit astelle fir hei ze schaffen.

4. Wann – an dat ass déi véiert Fro – sech dann déi wirtschaftlech Relance net mat méi Steiereinnahme kompenséiert, wat ass dann d’Budgetspolitik, déi mir mussen a wëlle maachen? Gräife mir op den Emprunt zréck, well mir gären eng konsequent Investissementspolitik weiderféieren, an déi mir als zukunftsorientéiert gesinn? Wéi laang kann een esou eng Empruntspolitik maachen, ouni an deem Domän an d’Mëttelfeld ofzegleiden? A wann een déi net méi ka maachen, wéi ass et um Niveau vun den Dépensësäiten am Budget besonnesch vun deenen décke Bléck, déi awer eng relativ Dynamik hunn am Wuessen?

5. Déi fënneft Fro ass déi, ob eng Rei vu Souveränitéitsnischen, déi mir eis am Laf vun deene leschte Joren a Jorzéngte geschaf hunn, an Zukunft weider wäerte bestoen; d’Fro, ob de Bensin an den Tubak an enger verännerter Kyotoswelt an och an enger Welt vun Harmonisatioun vun den Accisë weider kënne bestoen, an ob eis Finanzplaz déi Recetten nach weider wäert generéieren, déi se an der Vergaangenheet generéiert hunn. Dat si Froen, déi ee sech muss stellen, déi ee sech besonnesch da muss stellen, wann een de Rapport Fontagné, deen d’lescht Woch presentéiert ginn ass, dee vun der Regierung commanditéiert ginn ass, wann een dee liest, wou méi wéi eng skeptesch Äusserung an déi Richtung gemaach gëtt.

6. A sechst Fro: Wéi laang kënne mir déi héich Fiskaliséierung vun de Sozialausgaben, déi mir hei zu Lëtzebuerg hunn, weider droen, wann d’Ausgaben net méi weider kënne klammen, iwwer e gewëssen Niveau eraus, well d’Einnahmen net nozéien? Dat ass eng Fro, déi sech selbstverständlech stellt. Et gëtt een also d’Impressioun net lass, wéi wa mir lues a lues déi reell wirtschaftlech, weltwäit an europäesch Situatioun och bei eis an eise Budget eran transportéiert kréien, an dass d’Joren 1999, 2000, 2001 duerch hir massiv Plus-valueën eis de Bléck vläicht nach verspaart hunn zu enger neier Realitéit.

All dës Phenomeener sinn och dem Budgetsminister net entgaangen. Dat erkläert och vläicht deen dach nach méi virsiichtegen Toun vu senger Budgetsried par rapport zu anere Joren. Dat erkläert och vläicht seng diskret Hiweiser op eventuell néideg Korrekturen, déi sech kéinten als néideg erweisen, jee nodeem wéi d’Situatioun vun eise Statsfinanze sech weiderentwéckelt.

Dat Ganzt allerdéngs, an dat däerf een net vergiessen, op engem extrem héijen Niveau: Lëtzebuerg gëtt och haut nach ëmmer am Ausland beneit wéinst senger Situatioun. Wann een also op d’Problematiken hiweist, dann däerf een net alles matenee vermëschen; et muss een ëmmer nach gesinn, dass dat op engem Niveau ass, dee ganz uspriechend ass.

Et gëtt da gesot: ?Dir sot de Leit d’Wouerecht net; dat déckt Enn kënnt no de Gemengewahlen.? Abee, ech hat net d’Impressioun, dass mir de Leit net géifen d’Wouerecht soen. Et ass d’ailleurs net an der CSV hirer Traditioun fir de Leit net d’Wouerecht ze soen. Dat erkläert och vläicht zum Deel deen dach relativ konstanten iwwer Jorzéngte laang fortschreidende Succès vun eiser Partei, well mir de Leit dat soen, wat ze soen ass.

Mir spieren, dass déi wirtschaftlech Situatioun méi lues geet, a mir wëllen dofir an engem Moment, wou dat nach machbar ass, e Gespréich kréie fir ze kucken, ob een dann déi noutwendeg Reorganisatiounen a Reformen hikritt, a wann ee se géif hikréien, wéi se da géifen ausgesinn.

Et bleift, Dir Dammen an Dir Hären, dass am Budget sech éischt Zeeche vum Duerchschloe vun enger Rei vu Phenomeener op eis Statsfinanze weisen:

1. Do ass zum Beispill déi konträr Evolutioun vu Recetten an Dépensen. Eis Recetten, wann ee se méi genau analyséiert, steigen nach ënnert dem Impuls vun dräi Phenomeener: Zum engen deem dach weiderhi ganz dynameschen Aarbechtsmarché, sou dass d’Akommessteier prévisibel am Joer 2005 op 1.400 Milliounen Euro wäert klammen, zweetens enger neier Nisch, déi mir fonnt hunn, den Internethandel, deen sech am Budget mat ronn 180 Millioune wäert nidderschloen. Dobäi profitéiere mir vun engem TVA-Saz, deen esou attraktiv ass, dass déi Betriber sech hei zu Lëtzebuerg niddergelooss hunn. Woubäi een och deenen, déi, wéi ech de Moien am Lëtzebuerger ?Wort? gelies hunn, gesot hunn: ?Wann et net méi geet, da kann d’Regierung jo kucken, datt se nei Einnahme schaaft.?, muss äntwerten, dass fir déi doten Aktivitéit op Lëtzebuerg ze kréien, dat net esou einfach am Handumdrehen gaangen ass, mä dass déi viregt Regierung extrem vill dru geschafft huet, fir déi doten Nisch ze erspähen, an net nëmmen ze erspähen, mä och sécherzestellen, dass déi Betriber op Lëtzebuerg an net iergendwou anescht gaange sinn. Drëttens steigt och nach ëmmer den Undeel vun den Accisen um Niveau vun der UEBL, wat d’Tanken hei zu Lëtzebuerg ubelaangt.

Et muss een allerdéngs gesinn, wann een déi dräi Phenomeener do kuckt, déi dräi Haaptimpulser also vun der Augmentatioun vun der Recette vum Budget vum Joer 2005, dass ee sech mëttelfristeg Gedanken iwwert déi eenzel Punkten muss maachen.

Op där anerer Säit steigen eis Ausgaben zimlech intensiv. Ouni also Astrécher an aner Politike wëllen ze maachen, musse mir, fir eis Investissementspolitik op héijem Niveau ze halen, an deenen nächste Jore Geld léine goen. Dat ass net dramatesch, mä et bedeit ëmmerhin eng Kurskorrektur par rapport zu deem, wat mir an deene leschte Jore kannt hunn, wou mir d’Investissementspolitik aus de Plus-valueën, aus de Reserve vun de Fonge konnte bestreiden, ouni dass mir also u soss iergendee Posten am Budget hu misse goen.

Dat riskéiert sech bei Fortschreidung iwwer e puer Joer vun dëser Situatioun anescht auszegesinn. Dat d’autant plus dass déi Ausgaben, déi iwwert den IVL budgetiséiert gi sinn, wat eis fit a flott maachen um Niveau vum öffentlechen Transport fir déi nächst 15 Joer ubelaangt, mat ronn 100 Milliarde Lëtzebuerger Frang veranschlagt sinn. All déi nei Schinneweeër, déi do musse gebaut ginn, an déi sinn zum groussen Deel nach an den Investissementsprognosen, déi dann iwwert d’Joer 2008 erausginn, net dran, brénge mat sech, dass mer fréier oder spéider an d’Situatioun wäerte kommen, dass mer doriwwer da musse par rapport zu aneren och interessanten Ambitiounen diskutéieren.

2. Den zweete Punkt, deen ee gesäit am Budget, dat ass, dass mer eis ambitiös Ziler gesat hunn a gewëssene Gebidder, déi eise Budget staark an deenen nächste Jore wäerte belaaschten.

– Zum engen huet d’Regierung wëlles d’Entwécklungshëllef vun 0,85 op 1% vum PIB ze héijen.

– Zum Zweete wëllt d’Regierung an der Verdeedegungspolitik, well mer an enger NATO sinn a well mer eis do den Obligatiounen net kënnen dérobéieren, vun 0,3 respektiv 0,5% – jee nodeem wéi een d’Lecture mécht -, déi mer haut hunn, op 1,2% PIB eropgoen. Dat ass d’Contributioun, déi mer musse leeschte wa mer wëllen, och als klenge Partner, an engem Verteidegungsbündnis dobäi sinn.

– Zum Drëtte soll de Budget vun dem öffentlechen Deel vun der Recherche vun haut 0,25 op 1% PIB ugehuewe ginn, plus nach 2%, déi aus dem Privatsecteur sollen erakommen, fir am Kader vun der Lissabon-Strategie op 3% Recherche ze kommen, wat noutwendeg ass, fir dass mer an der Wëssensgesellschaft vu muer dobäi sinn.

A wann ech dat alles zesummerechnen, da kommen ech op Mehrausgabe vun 350 bis 400, respektiv 450 bis 500 – jee nodeem wéi een et rechent -, Milliounen, wat tëschent 5 a 7% vum Gesamtbudget sinn, eleng op deenen doten dräi Posten. Entweder déi do Sue kommen iwwer Recettë weider eran, oder si mussen opgedriwwe ginn an anere Politikfelder, déi mer haut maachen.

3. D’Uni Lëtzebuerg, haut vu jidderengem akzeptéiert, ass am Budget vun dësem Joer mat 35 Millioune veranschlagt. Et muss een dovun ausgoen, dass dat en Astiegkredit ass, en Ufankskredit an dass dat net dee Kredit ass op dee mer wäerte kommen, wann déi Uni an hirem Ordre de croisière ukomm ass. Et ass also e weidere Punkt wou de Budget op 50, 70, 100 Milliounen Euro an deenen nächste Jore wäert klammen, déi mer iergendwou mussen opdreiwen.

4. Kyoto. De Budget vun 2005 bedeit dann och den Astieg an de Kyoto-Prozess. Dee Fong gëtt fir d’Joer 2005 mat 5 Milliounen dotéiert. Mä déi Zäite wou mer eis Mëtt den 90er Joren nach op d’Schëller klappe gelooss hunn an Europa, well mer 29% Reduktioun versprach hu par rapport zu 1990, déi wäerten eis an deenen nächste Joren nach ganz vill wéi dinn, wann ee gesäit, dass sech europawäit eng Moyenne vun 8% gi ginn ass. Mir ware jo och alleguerte frou, dass dat dee Moment ganz gutt gaangen ass, well d’Stolindustrie op d’Filière électronique iwwergewiesselt ass, dass do ganz vill fräi ginn ass un CO2-Emissiounen. A wa mer haut de Bilan maachen a mir gi mat der Realitéit konfrontéiert, da stelle mer fest, dass mer op Grond vun denen Engagementer, déi mer agaange sinn, eppes méi wéi 10 Milliounen Tonnen CO2 -Ausstouss zegutt hunn, dass mer a Richtung 12, 13 Milliounen zur Zäit ënnerwee sinn an dass vum Joer 2008 un eng Millioun Tonnen CO2 eis 100 Milliounen Euro pro Joer wäerte kaschten am Budget. Ausser mir géifen et fäerdeg bréngen, um internationale Marché Quoten dee Moment kafen ze goen, d’Tendenz iwwer 2008, 2012 steigend, an da stellt ee sech d’Fro, wéi mer dann op déi 10 Millioune sollen erofkommen, wa mer feststellen, dass mer an der Industrie kaum Sputt hunn, déi eppes méi wéi 4 Milliounen Tonnen huet, eng Reserv vun 180.000 Tonnen, wat mat sech bréngt, dass mer kaum nach e Betrib kënnen an deem Kader op Lëtzebuerg bréngen.

Bei den Haushalter leie mer bei ronn zwou Milliounen Tonnen, a wann een do wëllt Aspuerunge virhuelen, weess een, dass dat Programmer sinn, déi iwwer 10, 15, 20 Joer ginn, déi och net an de Milliouneberäich wäerten eragoen. D’Gefor besteet esouguer, dass dës Reduktioune wäerten absorbéiert ginn, well contrairement zu der Logik an der Kyoto-Logik, d’Zouhuele vun der Populatioun iwwerhaapt net mat agerechent gëtt, dass also héchstwahrscheinlech déi Erspuernisser, déi mer do maachen, absorbéiert wäerte ginn duerch d’Erheije vun der Populatioun hei zu Lëtzebuerg.

An da bleift dee grousse Batz, un dee mer net däerfe goen, dee vum Tanken. 5,5 Milliounen Tonnen, dat si 55% vum gesamten Allocatiounsplang, déi eis ganz vill Recetten an de Budget erabréngen a wou ee sech awer muss d’Fro stellen, wat fir eng Ausgaben dass dat dann an der Zukunft wäert mat sech bréngen.

Dat wat ech u Kyoto gutt fannen – den Här Oberweis wäert am Numm vun eiser Fraktioun d’nächst Woch am Detail eis Positioun duerleeën -, dat ass, dass mer iwwerhaapt elo mol an der Diskussioun sinn. Et muss hei zu Lëtzebuerg bekanntlech richteg gutt wéi doen, fir dass een iwwerhaapt ufänkt iwwer verschidde Saachen ze diskutéieren. Ech muss allerdéngs soen, dass et e relativ deiere Präis wäert ginn, dass et richteg gutt deier gëtt a richteg gutt wéi deet.

Esou wéi een och muss bedaueren, Dir Dammen an Dir Hären, dass déi Geschicht vun der Photovoltaik net esou gelaf ass wéi een dat gäre gesinn hätt. Mir hunn eis d’Zil gesat, op 5,7% erneierbar Energien ze kommen. Et ass probéiert gi Weeër a Moyenen ze fanne fir d’Leit ze incitéieren an déi Richtung ze goen, an um Enn vun der Fahnenstange hu mer elo eng budgetär Diskussioun, an ech fannen, dass déi Diskussioun méi breet ass, dass, wann een eng Nécessitéit a gewëssenen Domäner gesäit, da muss een de Courage hunn dat duerchzezéien. Allerdéngs ass et net um Stat fir d’Beräicherung vun de Leit mat ze subventionéieren an et ass e bëssen an déi Richtung wou déi ganz Politik do ofgedrift ass. Do kann een der Regierung, an där ech selwer war, de Reproche maachen, dass vun Ufank un dee Reglement net esou war wéi en hätt misse sinn, fir dat kënnen ze verhënneren.

Et bleift, dass den Astieg an en Domän, dee mer an Zukunft méi staark musse berücksichtegen an dee mer och mussen ënnerstëtzen, riskéiert an e Kanal ze kommen, dee kee gudde Kanal ass. Et bleift dann, esouguer wa mer eng Politik géifen definéieren, wou mer kucken, wat fir eng Moyenë mer kënnen zur Verfügung stelle fir eis an déi Richtung 5,7% ze bewegen, dass dat Geld kascht. Och dat ass e Posten, deen net budgetsneutral ass, och dat ass e Posten, dee weider Sue wäert kaschten.

Mëttelfristeg muss ee sech froen, an dolaanscht komme mer net, och wa mer do heiansdo d’Ae wëlle schléisse virun der Pérennitéit vum Tanktourismus an deem wat domadder ze dinn huet. Net, dass mir déi sinn, déi elo der Meenung sinn, dass een dat vun engem Dag op deen anere soll ofschafen, mä et muss een awer mëttelfristeg gesinn, dass eng Rei vun Tendenzen sech an Europa breet maachen, déi et ëmmer méi schwéier wäerte maachen an där Politik virunzefueren. Do ass zum engen den Drock op d’Harmoniséierung vun den Accisen, déi sech iergendwann eng Kéier wäert duerchschloen, wou mer a gewësse Forschettë gesat ginn, wou mer zum Deel jo schonn a Forschettë sinn, déi awer riskéieren nach méi enk ze ginn. Et ass d’Certitude, déi all Expert huet, dass de Barrels-Präis an deenen nächsten zéng Joer wäert steigen. D’Expertë ginn dovunner aus, dass mer bei 70, 80 Dollar pro Barrel wäerte landen, wat dann zum Deel nees eng Rei vu Politiken an deenen erneierbaren Energien an en anert Liicht stellt, zum Deel awer och um Niveau vum Tanktourismus eng Rei vu Froe wäert stellen, well de Präis sech jo automatesch och wäert op der Pompel adaptéieren an d’Leit dann noutgedrongen iergendwann eng Kéier an d’Situatioun kommen, dass se och méi op den öffentlechen Transport zréckgräifen. Wat eis an d’Obligatioun bréngt, deen öffentlechen Transport esou ze gestalten, dass mer dann, wa mer do sinn, och d’Moyenen hu flächendeckend iwwert d’Land, do wou et geet an do wou et sënnvoll ass, deen öffentlechen Transport kënnen unzebidden.

Och Kyoto wäert eng Belaaschtung ginn, wa mer dee Block net wëlle reduzéieren, mä au contraire, wa mer der Meenung sinn, dass dee Block nach weider soll an d’Luucht goen, ech weess et net, vu 5,5 op 6 oder op 6,5 oder op 7 Milliounen. Da musse mer also kucken entweder an aneren Domänen ze reduzéieren oder mir kommen iwwert den Allocatiounsplang an da musse mer bezuele fir eis Ersatzquoten ze schafen.

Elo kënne mer laang doriwwer kräischen, dass dee Bensin, deen hei zu Lëtzebuerg getankt gëtt, net hei zu Lëtzebuerg verfuer gëtt, an dass, wa mer dat net a Kyoto dobannen hätten, dass dann awer géing getankt ginn, well da géif dee Bensin am Ausland getankt ginn. Mä anscheinend ass jo un deene Spillregelen näischt méi ze änneren; da musse mer also domadder liewen.

Et muss ee sech also de Gefore bewosst sinn, déi sech mëttelfristeg op deem dote Punkt vun eisem Budget, deen de Budgetsminister mat 600 Milliounen um Niveau vum Bensin a 400 Milliounen um Tubak a Gedrénks, dat heescht 15% vun eisem Gesamtbudget ugesiedelt huet, wäerte stellen.

5. Mäi Fraktiounskolleeg, de Lucien Thiel, wäert a senger Interventioun op de Rôle vun der Finanzplaz agoen, esou datt ech doriwwer ka sprangen, just mam Hiweis fir komplett ze sinn, dass, jee nodeem wéi een et rechent, d’Finanzplaz och tëschent 1,5 an 3,5 Milliarden an engem Budget vu 7 Milliarden, dat heescht tëschent 40 a 50% zu de Gesamtrecettë bäidréit fir déi Ausgabe kënnen ze tätegen, déi mer tätegen. Dass mer also gutt drun di fir do déi richteg Décisiounen ze huelen.

6. Um Niveau vun den Dépensë steigen d’Transferten un d’Sécurité sociale kräfteg weider, an zwar ouni Rücksicht op d’Recetten. Ech kommen op eng Remarque zréck, déi ech virdru gemaach hunn: Wa mer dee Wuelstand, dee mer eis opgebaut hunn, wa mer déi héich Fiskaliséierung, déi mer eis ginn hunn um Niveau vun de Sozialleeschtungen, wa mer déi wëlle weiderfueren, da musse mer à même si fir zousätzlech nei Steierrecetten ze generéieren, soss komme mer fréier oder spéider an d’Situatioun, dass mer net méi kënnen nokommen.

Et kann een also soen, dass déi 200 Milliounen, déi mer zum Beispill eleng an dësem Joer weider an de Budget setzen op véier Posten: Allocations familiales, Fleegeversécherung, Krankekeesen a Pensiounskeesen, dass déi fir d’éischt musse verdéngt ginn, dass d’Wirtschaft déi muss erabréngen an dass d’Steiere musse bezuelt ginn. Ech maachen do de Verweis, an ech kommen an enger Minutt dorop zréck, op dee Rapport, dee mer d’lescht Woch kritt hunn, wou déi dote Remarquen an eng Rei vun anere Remarquen an enger ganz grousser Däitlechkeet drastinn.

Mir begréissen, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, ganz ausdrécklech déi nei Initiativen, déi geholl si gi fir d’Kompetitivitéit vun eiser Wirtschaft virunzedreiwen. Zum engen d’Internet-Branche, déi zwar net mat ganz ville Leit schafft, mä déi awer ganz vill Steierrecetten erabréngt. 180 Milliounen Euro an engem Joer ass extrem vill fir en Domän, deen en neien Domän ass a wou mer hoffen, dass mer dee méiglechst laang och kënnen oprechterhalen. An och d’Initiativ, déi d’Regierung ugekënnegt huet, fir um Niveau vun der Kapitalertragssteier a vum Ofschafe vum Impôt sur la fortune eiser Finanzplaz eng nei Nisch sichen ze goen, fënnt ausdrécklech d’Ënnerstëtzung vun eiser Partei.

7. Mir sinn dann d’lescht Woch mat engem Rapport beschäftegt ginn, deen eis esou séier net wäert lassloossen, dat ass de Rapport vum Professer Fontagné iwwert d’Kompetitivitéit zu Lëtzebuerg. Mir hu vill där Rapporten, déi mer kréien, Joer fir Joer kréie mer se eran an dann dickse mer déi ëmmer of, well se vu baussen erakommen. Si gi ganz oft no engem generelle Schema gemaach, vun der FMI, OECD, wou een d’Impressioun huet, ob se elo Lëtzebuerg bewäerten oder ob se den Niger kucken, dat leeft esou zimlech nom selwechte Schema of. An da soe mir Lëtzebuerger: Mat deene wëlle mer näischt ze dinn hunn, dat ass net seriö, déi kennen eis net an dofir gi mer da gären eriwwer op den Ordre du jour.

Deen heite Rapport schéngt eis e bëssen anescht ze sinn, well de Rapport vun der Regierung bestallt ginn ass. Et ass e Rapport, deen aus enger Initiativ vun der Tripartite ervirgeet an et ass e Rapport, an dat gesäit ee ganz gutt, wann een e liest, wou de Mann, deen dee gemaach huet, sech extrem vill Méi ginn huet fir mat de Sozialpartner a ganz ville Sitzungen doriwwer ze diskutéieren. Et ass also net eppes, wat einfach esou vu baussen eraus komm ass, mä et ass e Produkt, dee sech aus enger ganzer Rei vun Entrevuen ergëtt, wou d’Meenunge vun deenen engen a vun deenen anere gefrot gi sinn.

Perséinlech huet mech ee Saz frappéiert, an dat ass deen, wou de Professer a sengem Rapport schreift: “Le Luxembourg est spécifique à bien des égards, mais pas au point que les lois économiques ne s’y appliquent pas”. Ech mengen, fir esou ee Saz an e Rapport ze schreiwen, muss een dach zimlech markéiert gewiescht sinn iwwert dat wat déi eenzel Interlocuteuren engem gesot hunn, well vum selwe fält engem esou ee Saz net an. Dat d’autant plus dass de Mann ganz richtegerweis seet, dass mer an engem Environnement sinn, dee ganz staark changéiert. Huet d’ARBED nach fir véier Generatiounen Aarbecht a Brout bruecht, d’Bankeplaz fir zwou Generatiounen, esou stellt ee fest, dass déi nei Produkter, déi gesicht ginn, déi nei Aktivitéiten, déi op Lëtzebuerg solle kommen, dass déi méi eng kuerz Liewenszäit hunn, dass een also a vill méi engem séiere Mooss seng Suen a seng Plaz op der internationaler Plaz verdénge muss.

De Rapport stellt dann d’Fro, ob dee System, deen doranner besteet fir spezialiséiert Aktivitéiten an e Land ze zéie wat mat senger Souveränitéit spillt, speziell a spezifesch steierlech Avantagen ubitt, vu senger Plaz an der Groussregioun profitéiert an domat sech e gewëssene Sozialsystem opgebaut huet, ob dee System net u Limitë stéisst. E freet sech, ob an engem méi schwéieren Ëmfeld net mussen zousätzlech Belaaschtungen duerch méi Produktivitéit kompenséiert ginn.

Dat ass ee Punkt op deen ee ganz gutt muss oppassen, ech weisen dat un engem Beispill. Mir hunn elo an deene leschten dräi Méint duerch eng Rei vun Décisiounen: Index, Mindestloun, Cotisations sociales de Betriber eng zousätzlech Laascht an der Gréisstenuerdnung vu 4,5 bis 5% vun der Masse salariale operluecht. Déi 4,5 bis 5% mussen d’Betriber fir d’éischt emol erawirtschaften d’nächst Joer als Surplus fir op datselwecht Resultat ze kommen, op deem se haut sinn.

An de Professer mécht och eng Rei Proposen an déi Richtung, warnt virun deem wat ech nennen d’Kuwaitiséierung vun eiser Gesellschaft, nämlech de Fait, dass de Lëtzebuerger d’Tendenz huet sech an den öffentlechen Déngscht ofzesetzen a senger breetster Form an also op der gewonnener Säit vun der Welt ze sinn, wat ee kengem individuell ka verdenken, an den Auslänner deen ass, deen an der konkurrenzéierter wirtschaftlecher Situatioun de Match fir eis mécht.

80% vun den Aarbechtsplazen am Privatsecteur ginn haut duerch Auslänner zu Lëtzebuerg besat: Frontalieren, respektiv Auslänner, déi zu Lëtzebuerg wunnen. Also nëmmen nach 20% vun den Aarbechtsplaze sinn duerch Lëtzebuerger besat. Dat ass eppes, wat him zu enger ganzer Rei vu Propositiounen Ulass ginn huet iwwert de Wahlsystem, iwwert d’Integratioun vun deene Leit, iwwer eng zukünfteg Immigratioun, déi hei zu Lëtzebuerg soll kommen, an op wat fir eng Aart a Weis datt se soll kommen.

A mir mengen, dass deen dote Rapport et verdéngt huet, dass een e politesch diskutéiert, dass en net nëmmen an der Tripartite diskutéiert gëtt, mä dass en och hei am Plenum vun der Chamber, wa méiglech och virdrun an den zoustännege Chamberskommissiounen analyséiert gëtt. Well wat engem opfält, dat ass, dass an deem Rapport e ganz kritesche Bléck och geworf gëtt op d’Reformfreedegkeet, déi hei zu Lëtzebuerg soll virherrschen.

Zum enge gëtt d’Fro gestallt, ob mer et fäerdeg brénge sozialverträglech Reformen ze maachen an zu Zäiten, wou et nach méiglech ass Reformen ze maachen, fir dann direkt drop hinzeweisen, dass do eng Rei vun Zweifele géife bestoen. Ech zitéieren do de “Contexte sociopolitique peu enclin aux réformes”, deen hei zu Lëtzebuerg géif virherrschen. Wann ech e bësse méi Zäit hätt, déi ech awer net méi hunn, da géif ech kuerz drop agoen – mir maachen dat dann eng aner Kéier – wat da geschitt wann ee Reforme wëllt maachen. Ech kennen der, déi eng Kéier eng Reform hei zu Lëtzebuerg gemaach hunn, eng wesentlech Reform gemaach hunn, nämlech d’Pensiounsreform am öffentlechen Déngscht, an ech kann Iech do eng Rei Lidder sangen, wat mat deene passéiert.

Mir hunn, Dir Dammen an Dir Hären, eng Rei vu Méiglechkeeten, déi mer mussen ergräifen, wa mer d’Erausfuerderunge vun der Zukunft wëlle packen. Ech mengen, dass mer och d’Fäegkeeten an d’Moyenen hunn an och d’Kompetenz hu fir dat ze maachen.

Zum engem ass do d’Fro vun der Moderniséierung vun eisem Land: Réforme administrative, eLëtzebuerg. Wéi brénge mer et fäerdeg deen Avantage, dee mer ëmmer haten, dee mer zum Deel nach hunn, awer net méi esou hu wéi mer en an der Vergaangenheet haten, nees hierzestellen, nämlech dee vum Lëtzebuerg vun de kuerze Weeër, wou d’Décisioune relativ séier geholl ginn? Kënne mer oder kënne mer net duerch eng nei administrativ Andeelung dozou bäidroen och do Käschten a Ressourcen ze spueren? Mäi Fraktiounskolleeg, de Marco Schank, wäert a senger Ried iwwert de Volet vun de Gemengen a besonnesch iwwert de Volet vun de Gemengefinanzen, déi an deem Feld natierlech eng ganz grouss Roll spillen, a sengem Beitrag agoen.

Mir hunn den IVL, dee mer als eng ganz grouss Chance fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg gesinn, um Dësch leien a mer hätte gären, dass e géif diskutéiert ginn. Ech géif am Kontext Landesplanung, IVL, mëttelfristeg Entwécklung vun eisem Land, wëllen eng Resolutioun déposéieren, Här President, wou ech frou wier, wa mer se kéinten zesumme mat där vun deene Gréngen en Donneschden iwwert den Zukunftskonvent diskutéieren. An ech géif mer dann erlaben en Donneschden op deen Deel vum Exposé anzegoen, well ech gesinn, dass ech elo bei 40 Minutten ukomm sinn, wat ech mer als Limite fir meng Ried gesat hat.

Résolution

La Chambre des Députés,

– rappelant les débats parlementaires concernant l’institution d’une Convention pour l’avenir du Luxembourg;

– rappelant les débats d’orientation concernant le logement, le développement durable, l’immigration ainsi que la future répartition des compétences entre l’État et les communes; les rapports élaborés par les commissions parlementaires concernées en vue de ces débats; et les conclusions tirées à la tribune parlementaire à l’issue de ces débats, tant par les membres de la Chambre que par le Gouvernement;

– rappelant en outre que l’IVL a été présenté en mars 2004 par le Ministre de l’Intérieur, responsable de l’Aménagement du territoire, et que ce document contient des recommandations et orientations qui constituent autant d’éléments de réponse aux questions concernant l’aménagement du pays;

– considérant qu’un des principaux défis est la structure administrative du pays, et qu’une réforme en profondeur de celle-ci devra constituer l’arrière-fond de la mise en oeuvre des instruments existants en matière d’aménagement du territoire, notamment le programme directeur et l’IVL;

– se fondant sur l’accord de coalition qui, concernant la politique de l’Intérieur et de l’Aménagement du territoire, prévoit entre autres que

“Le Gouvernement entamera les démarches nécessaires pour doter le pays d’un service public et de structures territoriales répondant aux défis du 21e siècle.

À cet effet, il (fera) élaborer un concept pour redéfinir la répartition des compétences entre l’État et les communes, préparer une réforme territoriale répondant aux dispositions du programme directeur de l’aménagement du territoire et au concept IVL et proposer(a) une réorganisation des relations entre l’État et les communes. Le cas échéant une nouvelle structure territoriale sera soumise à un référendum national. (…)”,

décide

– d’instituer une Commission spéciale chargée de mener un débat approfondi sur la structure administrative du pays;

– de faire débuter les travaux de cette Commission au printemps de 2005, après avoir pris connaissance des orientations fournies par le Ministre de l’Intérieur et de l’Aménagement du territoire sur base de l’accord de coalition;

– d’associer le Gouvernement aux travaux de la Commission spéciale, et de prendre en considération les contributions des acteurs économiques et sociaux et des associations de la société civile;

– de charger cette Commission de dégager, en étroite collaboration avec le Ministère de l’Intérieur, les grandes lignes de la réforme territoriale pour moderniser les structures administratives du Luxembourg, et notamment le paysage communal et la définition des compétences communales;

– d’organiser à la fin du mandat de la Commission, fixée à l’été de l’année 2006, un débat parlementaire aboutissant au vote d’une motion comportant des conclusions précises quant aux mesures concrètes à mettre en oeuvre.

(s.) Michel Wolter, Alex Bodry, Lucien Clement, Ben Fayot, Marco Schank.

Mir hu Méiglechkeeten, Erausfuerderungen a Chancen, an dat ass dass mer op déi Warnungen, op déi Leit, déi et gutt mat eis mengen, héieren, dass mer eis adaptéieren, ouni eis alles gefalen ze loossen, ouni den totale sozialen Noutstand auszeruffen, ouni alles a Fro ze stelle wat a Jorzéngten opgebaut ginn ass, un eng Situatioun, déi een objektiv als méi eng delikat muss ugesi wéi dat an der Vergaangenheet de Fall war.

Ech wëll ganz kloer am Numm vun eiser Fraktioun soen, dass mir net de Generalugrëff op eis sozial Errungenschaften hei wäerte matmaachen. Och wa Rapporte kommen, och wa se kritesch sinn, soll ee se diskutéieren, mä et kann een net d’Konklusioune scho gezunn hunn ier een iwwerhaapt d’Diskussioun gefouert huet. Och déi muss een, wéi mer dat hei zu Lëtzebuerg gewinnt sinn, esou féieren, dass een dat eent an dat anert herno an enger konstruktiver Diskussioun beienee féiert.

Ech kommen zum Schluss. Et sinn eng Rei vun Impondérablen, déi op eis leien; ech hu se ernimmt. Mir sinn an engem méi schwierege wirtschaftlechen, internationale Kontext. Mir hunn eng Witschaftsentwécklung, vun där mer mëttelfristeg net wëssen a wat fir eng Richtung datt se geet. Mir sinn net sécher ob eng positiv Wirtschaftsentwécklung och positiv Konsequenzen op de Budget vun eisem Land, dat heescht op d’Steiereinnahmen, wäert kréien. Mir hunn Efforten ze maachen um Niveau vun der Produktivitéit am internationale Verglach. Mir sinn an enger Situatioun wou Nichepolitik, wéi mer se bedriwwen hunn zu Lëtzebuerg, net onméiglech ass, mä awer méi schwéier gëtt wéi dat an der Vergaangenheet de Fall war.

Deem géigeniwwer hu mer eng ganz Rei vun Atouten a mir hunn eng ganz Rei vu Kompetenzen. Mir hunn eng héich Kompetenz bei eise Leit. Mir wëllen eis dat net falsch riede loossen. Mir hu gutt Performancen an enger ganz Rei vu wirtschaftlechen Domäner, déi et ervirzesträiche gëtt. Mir hunn eng Budgetspolitik, eng Finanzpolitik, eng Verschëldungspolitik aus de leschte Jore mat op de Wee kritt, déi eng gutt Ausganksbasis fir méi schwéier Zäiten ass a mir hunn d’Facultéit, fir déi Ajustementer ze maachen, déi noutwendeg sinn, fir dass mer déi gutt Aart a Weis, wéi mer hei zu Lëtzebuerg matenee liewen a matenee wunnen, kënne behalen. Mir mussen also de Leit soe was Sache ist. Mir hunn als Politiker eng Responsabilitéit. Ech si fest dovunner iwwerzeegt, dass Politik maachen an Zukunft ganz interessant zu Lëtzebuerg wäert sinn a ginn domadder den Accord vun eiser Fraktioun zum Budget.

Ech soen Iech Merci.