Kyoto: eng Erausfuerderung an eng Chance fir de Mensch a fir d’ Natur

De Zentrumsdéputéierten Marcel Oberweis an enger Fräier Tribün op Radio Lëtzebuerg
Léiw Nolauschterer,

D’Nohalteg Entwecklung vun eiser Gesellschaft wärd d’ 21. Joerhonnert éendeiteg markéieren. Duerch den Beitrett vu Russland kann den 16. Februar 2005 d’ Kyoto-Protokoll a Kraft trieden. An dém Ofkommes hunn mir eis verpflicht, d’Emissiounen vun den Zäregasen em 5,2 % bis 2012 par Rapport zu 1990 ze reduzéieren. D’Europäesch Union huet sech fir 8% ausgeschwat a Letzebuerg emmerhin fir 28 %. Dess Reduktioun soll den Ufank vun engem langen Prozess duerchstellen.

Duerch d’ Verbrennen vun Erdueleg an Erdgas verursachen mir dess geféierlech Emissiounen, déi den Zäreneffekt an eiser Atmosphär bewierken. Haut stelle mir schon de Klimawiessel fest, et siew hei nuren op d’ Erheichung vun eiser Ärdtemperatur an un d’Schmelzen vun den Gletscheren an den Alpen hingewiisen. De Klimakatastrophen kaschten eis mettlerweil schon 60 Mrd. Dollar am Joer.

Erenneren mir eis – 1990 hate mir eng Emissioun vun 14 Milliounen t an mir mussen bis 2012 op ronn 10 Milliounen Tonnen erofkommen, am aneren Fall musse mir duerfir Strof bezuelen.

Fir ons d’Kyoto-Zieler ze erréchen, musse mir onbedengt elo eppes ennerhuelen.

Eis Industriepartner hunn an déne vergangene Joeren schon eng gudd Virarbecht geleescht an hir Emissiounen erofgesat. Duerch d’Emklammen vun dem Auto op den Öffentlechen Transport, kënne mir eng Reduktioun vun dem Verbrauch un Benzin an Diesel bewierken. Duerfir hu mir an déne vergangene Méint massiv an d’Eisebunn investéiert.

Den Energieverbrauch an eisen Häiser an Gebäier weist nach ée grousst Aspuerpotenzial op. E weideren wichtegen Schrett stellen déi erneierbar Energien duer. Niewend der Wand- an Sonnenenergie verbleiwt nach é grousst Potenzial duerch d’Notzung vun der Biomass an hei speziell dem Holz. Doduerch kenne mir eng nohalteg Beschbewirtschaftung duerchféiren an secherlech Arbechtsplazen schafen.

Och déi am Budget vun 2005 virgeschloen Erhéichungen vun der TVA beim Diesel kennen hei als Korrektiv wierken. Well mir et awer net packen, eis Emissiounen esou schnell ze reduzéieren, mussen och an dém Budget 5 Milliounen € fir de Freikaf agesat ginn mä dat ass awer eréischt éen Ufank. Wa mir eis Finanzen net wellen strapazéieren, dann dierf eis net egal sinn, wann d’ Emwelt verschampeléiert gett.

Eis Energie- an Emweltpolitik muss och gedroen sinn am Respekt fir déi Menschen, déi haut nach kéen Zougang zu den modernen Energien hunn.

An der Zesummenféierung vun den drei Elementer: Wirtschaft, Emwelt an Sozialem gesäit d’CSV eng vun hiren Haptaufgaben. E weideren Wée fir eng Besserung op desem Plang stellt d’Sensibiliséierung vun de Menschen duer, an hei am Speziellen eis Jugend.

D’CSV geseit an dem Kyoto-Protokoll an a sengen Aspuermethoden eng grouss Erausfuerderung an eng Chance fir de Mensch an fir d’Natur.

Marcel Oberweis

6.Dezember 2004