Positiv Politik

Eng fräi politesch Tribün vum Maurice Bauer op RTL

Gudde Mëtten, léiw Nolauschterinnen a Nolauschterer,

Politik kann een op eng positiv oder negativ Manéier machen! An deene leeschte Wochen schéngt sech d’Oppositioun all Méi ze ginn, fir d’Bild vun der Politik hei zu Lëtzebuerg an een negativt Licht ze stellen.

Dat Sie dobäi awer Äppel mat Biren vergläichen, sech verbal Entgleisungen leeschten an einfach eemol Behaaptungen opstellen ouni dësen op den Fong ze goen!

NEEN, daat ass nët déi Politik, déi d’CSV wëllt fir Lëtzebuerg matdroen!

Eist Land huet do eppes besseres verdéngt ewei dës un Voyeurismus grenzend Polemik, déi verschidden Oppositiounsleaderen inszenéiert hunn. Hei gouf méi de Mann gespillt ewöi den Ball !

Dat positiv un dësen Debatten awwer wor d’Tatsach, datt an der Châmber öffentlech iwwert esou elementar wiichteg Froen ewéi Gewaltentrennung, Menscherechter a Fräiheet vum eenzelnen Biirger diskutéiert gouf; dëst emsou méi well dës Punkten d’Basis vun all demokrateschem Staat duerstellen.

An ewéi an all demokrateschem Staat muss sech d’CSV, ewéi all déi aaner Parteien och, all 5 Joer dem Wieler stellen an Rechenschaft oofle’en iwwert déi geleeschten Aarbecht a kritt opgrond vun dem Wielerwëllen hiir Legitimatioun.

D’CSV kann hei ganz roueg op déi seriö, zukunftsorientéiert an verantwortungsbewosst Politik hiweisen, dei an deene leeschten Joerzengte geleescht gouf.

Déi positiv Politik fir déi d’CSV hei am Land zenter laange Jore matverantwortlech ass, weist sech haut an der allgemenger Situatioun vun eisem Land no bannen an no baussen. Wann een zum Beispill haut d’Zuele vun der Letzebuerger Wirtschaft, d’Zuele vun der Bankenplaatz, oder eis sproochlech Virdeeler am Verglach mat eisen europäeschen Partner kuckt oder awer eis sozial Leeschtungen betruecht, gesäit een, datt hei am Land positiv Politik gemach gouf a gëtt.

Oder fir elo an der Aktualitéit nemmen ee puer Punkten erauszesträichen kann een d’Steierreform, d’Rentenopbesserung vun eppes méi ewéi 3%, d’Gesetz géint d’Iwwerverscheldung oder d’Revitaliséierung vun den Industriebrochen nennen.

Positiv Politik kann awer och am Konsensus gemach ginn. An den Diskussiounen iwert d’Regierungskonferenz huet d’Chamber kloer der Regierung de Reck gestäipt an hir den Optrag ginn fir am Intressi vun eisem Land déi Lëtzebuerger Positioun ze verteidegen an dofir ze suergen fir datt och weiderhin Lëtzebuerg säi Gewiicht an den Europäeschen Institutiounen behaale wäert.

Aaner positiv Akzenter an der Politik wëllt CSJ setzen: Während an der Chamber eng Spezialkommissioun “Jeunesse en détresse” eng Orientéierungsdebatt iwwert dëse Sujet preparéiert, start d’CSJ ënnert dem Motto “Mir loosen keen setzen” eng Informatiouns- an Sensibiliseierungscampagne. Hei wëllt d’CSJ eng öffentlech Debatt lancéieren an esou hiren Deel zur Diskussioun an der Chamber bäidroen. An Ronndeschgespréicher, Visit’en an Rencontr’en sichen Sie zesumme mat Fachleit aus deene verschiddene Secteuren, Betraffenen an all aner Interesséierten no neie Weer, Léisungen an Alternativen. Weider Detailler heizou an zou all eisen anneren Aktivitéiten fann Dir op eiser Internetsäit www.csv.lu.

Léiw Nolauschterinnen, léiw Nolauschterer, ech soen Iech Merci fir Äer Opmierksamkeet.