Rentrée politique

Fräi Tribun vum Maurice Bauer, CSV-Generalsekretär 20. September, 2000 um 100,7

D’Rentrée stoung an denen leschten Deeg am Mettelpunkt vun der Aktualiteit hei zu Letzebuerg. Dei politesch Rentrée gouf dest Joer secherlech mat den Erklärungen iwert dei, fiir d’naichst Joer annonceiert Steierreform, vum Staats-an Finanzminister Jean-Claude Juncker den leschten 1schten September agelaut.

Bei deser deifgreifender Steierreform vun daer esouwuel Privatpersounen ewei Betrieber profiteieren huet d’Regierung bewiesen dat Sie net gewellt ass irgendwelchen x-beliebigen Fuerderungen nozeginn, mee ereischt nodeems d’Konturen vum Budget’sprojet fiir 2001 viirlouchen an domat den finanziellen Kader geschaffen wor, huet den Staats-an Finanzminister des Steierreform annonceiert.

D’Qualiteit vun der proposeierter Steierreform gesait een alleng schons dorunner dass d’Oppositioun, fiir et elo mol diskret auszedrecken, sech ganz schweierdeet fiir weider konstruktiv Verbesssurungsviirschlei auszeschaffen; Emmerhin hun sie awer schons an der Zweschenzait draimol hiir Taktik geaennert.

Duerno wor natierlech ee weideren Heichpunkt vun der politescher Rentrée den Dépôt an der Chamber vun dem Budget’sprojet fiir 2001. Ouni elo hei wellen zevill an den Détail ze goen, well ech awer ee puer Punkten speziell erfiirstraichen:

?den Sozialbudget klemmt dëst Joer em 9% an garanteiert domatter dass dei sozial gerecht Politik, déi d’CSV an d’Regierung an der Vergaangenheet ëmmer ërem ausgezeechent hunn, weiderhin am Mëttelpunkt steet;

?ee weideren Schwéierpunkt vun dësem Budget ass d’Erhéigung vun den Finanzmëttel fiir d’Police.

Dëst wärt den Uerdnungskräften nei Méiglechkeete biden, géint d’Onsécherheet an d’Kriminalitéit unzekämpfen.

?andeems d’Regierung den Budget fir déi nei an zukunftsoreintéiert Technologien adaptéiert huet, gin kloer Zeeche gesat, datt sie gewëllt ass, den Zuch an Richtung Informatiounsgesellschaft net ze verpassen;

?ee ganz wichtegen Deel vum Budget machen d’Dépensen am Enseignement aus. Nieft groussen Ausgaben am Beräich vun der Schoulinfrastruktur wou weider Schoule finanzéiert musse ginn, goufen awer haaptsächlech d’Ausgaben fir Forschung an Héichschoulwiesen eropgesaat.

Mat dösen Mossname wëllt d’Regierung kloer Zeechen fiir d’Zukunft setzen. Dofir steet och d’CSV!!

A propos Schoulwiesen: Hei stong dës Woch eng ganz speziell Rentrée um Programm, well dëst Schouljoer iwwert d’Halschent vun Schüler am Primär e schoulfräie Samsden hun. Sécherlech as et eng flott Erausfuerderung, eng Innovatioun, wou et elo gëllt weider Erfarungen ze sammelen, fir datt dës Mesure am Intressi vun de Schoulkanner ass.

Et duerf e gespannt sinn, op d’Conclusiouen, déi aus dem schoulfräie Samsde gezu gin. Hei däerf een, am Intressi vun de Kanner nët aus den Aen verléieren, datt de schoulfräie Samsden am Kader vun enger gréisserer Diskussioun muss gesi ginn. Zur Diskussioun iwwer d’Schoulrhytme gehéiert ausser der Fro vum schoulfräie Samsden, och d’Fro vun der Vakanzdauer.

Mee och déi staark steigend Zuel vun Schüler wärt fir d’Zukunft zwar eng Erausfuerderung, mee zugläich och eng Chance duerstellen. An Zäiten wou an eisen Nopeschlänner grouss Diskussiounen opflammen, well een chroneschen Mangel un Spezialisten an den Beraicher Informatik an Telecommunicatioun festgestallt gëtt, mussen och hei zu Lëtzebuerg Zeeche vun der Zäit erkannt ginn an sënnvoll Leisungen gesicht ginn.

Waat elo déi parlamentaresch Rentrée ugeet, esou hëlt d’Chamber den 10. Oktober nees hir Aarbechten op. Hei stinn dann dem Fraktiounspräsident vun der CSV, Lucien Weiler, no eng ganz Rei Dossier’en um Ordre du Jour, fir gestemmt ze ginn. Fir der e puer erauszepicken kann een hei d’Gemengensyndikatsgesetz, deen neie Gesetzesprojet geint d’Iwwerverscheldung oder awer d’Reform vun der Post ervirsträichen.

Heiriwwer wärt d’CSV awer méi am Détail op eiser traditioneller Journée Parlementaire, de 6. Oktober, befannen; mee dozou méi an enger spéiderer Emissioun.

Ech soen Iech Merci fiir d’Nolauschteren.