Eng nei Rejhelung fir d’fräi Nuechten

D’Nuetsliewen zu Lëtzebuerg huet an deenen leschten Wochen a Méint fir vill Opreejhung an Diskussiounen gesuergt. Dobei waren, a sin, d’Standpunkter an d’Meenungen net emmer déi Selwecht, au contraire.

Déi Jonk an déi manner jonk wellen vun engem flotten an diversifiéiertem Nuetsliewen profitéiren kennen. En Nuetsliewen waat sech kann weisen lossen, waat attraktiv as an waat et och kann mat deem vun den Nopegregiounen ophuelen.

D’fräi Nuechten sin nemmen en Deel vum Problem, awer e weesentlechen. Et as kee Geheimnis dass d’Gewunnechten sech geännert hun. Déi Zäiten, wou een nach Mettes op en Thé dansant gangen as oder sech em 9 oder 10 Auer an eng Disko beweecht huet gehéiren schon lang der Vergangenheet un. Ze mengen et kéint een d’Gewunnechten vun Haut änneren oder et breicht een den modernen Gewunnechten net Rechnung ze droen daat as eng Ilusioun, daat as e Feeler.

Haut bleiwt méi ewéi éng Nuetseil bis eng Auer am Café setzen an mecht sech eréicht dono op de Wee an d’Disko. Wann d’Disko awer schon um 3 Auer muss zou machen, dann as daat weder am Aklang mat den Awardungen vun den Nuetseilen, an et enntsprecht net den Awardungen déi een un d’Nuetsliewen vun eng Haaptstadt stellen kann. Donieft erméiglecht et den Nuetslokaler net finanziell gudd iwert d’Ronnen ze kommen. An och der Konkurenz mat Nuetslokaler aus dem noen Ausland, bei deenen et keng oder vill méi large Schléissstonnen get, ass net gedéngt.

De Wonsch no méi engem attraktiven Nuetsliewen ass awer leider net eleng ausschlaggebend. Esou vill Versteesdemech een opbrengen kann fir déi, déi sech gaeren ameséiren, esou vill Respekt muss een och hun fir déi, déi wellen eng roueg Nuecht verbrengen.

Nuetsliewen a Nuetsrou, daat sin zwee Aspekter déi een muss zesummen kucken. Nuetsrou an Nuetsliewen soll een nët géngt eneen auszpillen. Et soll een net een Imperativ op Käschten vun deem aaneren réglementéiren.

? Eng iwerdriwen Réglementatioun vun der Nuetsrou, iwert e Pegel eraus deen ee kann Awunner vun enger Haaptstadt zoumudden, huet negativ Auswierkungen op d’Nuetliewen.

? Eng iwerdriwen generéis Reglementation vum Nuetsliewen, wou alles egal wou an zu egal wéi enger Stonn erlaabt wier, as fir d’Nuetsrou an d’Wunnqualitéit net acceptabel.

Och en Nuetsliewen muss kennen a geregelten Bunnen oflaafen. Dest as och eiser Meenung no méiglech, wann des Bunnen dee richtegen Kompromiss duerstellen an den néidegen Realismus opweisen.

Et sin des Reflexiounen, déi d’CSV, a besonnech déi Stater CSV dozou bruecht hun, zesummen mat hierem Koalitiounspartner, eng nei Regelung vun den fräien Nuechten ze proposéieren. Zu desem Zweck hun mir eng Proposition de loi an der Chamber déposéiert.

Eis Propos as e Kompromiss. E Kompromiss tescht der Liewensqualitéit an de Wensch vun deene Leit, déi gäeren erausgin.

Mir schloen vir, d’Öffnungszäit am Rumm vun de fräie Nuechten vun haut dräi op sechs Auer auszeweiten. Des Erweiderung as awer u ganz précis Konditiounen gebonnen.

Lokaler, déi bis sechs Auer hier Diren opmache kennen, däerfen net a Wunngebidder leien. An och un d’Problematik vun dem Parking hu mir geduecht. Wien méi lang opmache well, muss an énger Zone leien, wou genug Parkplaazen zur Verfügung stin.

Déi nei Reejhelung vun de fräie Nuechten as deemno keen Blankoscheck. De Géigendeel as wouer. Mir wellen d’Nuetsliewen méi attraktiv gestalten an donieft konkret eppes fir méi Liewensqualitéit ennerhuelen. Dat as net emmer einfach. A lechtenends si mir op de Versteesdemech vun all deenen ugewissen, déi gäeren eraus gin.

(aus enger Radioemmissioun)

Weider Detailler an der Proposition de loi