Aktuelles
Profil
27.02.2010
Nadia Rangan, Fraktiounssekretär
Viirstellung vum Nadia Rangan, CSV-Fraktiounssekretärin säit dem 1. Februar 2010No senger Première am Stater Lycée Michel-Rodange huet d'Nadia Rangan während engem Joer als Privatbeamtin an enger Bank geschafft, éier et 1991 rëm seng Studien opgeholl huet.
Als éischt huet d'Nadia um „Centre Universitaire de Luxembourg“ Droit studéiert fir duerno op d’Université Robert Schuman op Stroossbuerg ze wiesselen, wou et 1995 erfollegräich eng Maîtrise am „droit privé“ ofgeschloss huet. No senge Studien huet et um „Centre Universitaire de Luxembourg“ nach eng zousätzlech Formatioun am Lëtzebuerger Recht gemeet. Am Fréijoer 1996 huet et sech um Lëtzebuerger Barreau ageschriwwen.
Nom Ofschloss vun sengem Stage huet et weider als „avocat à la Cour“ geschafft, éier et 2001 de Barreau an Direktioun CSV-Fraktioun verlooss huet. Zënnter dem 1. Februar 2010 ass et Fraktiounssekretär vun der CSV-Fraktioun.




Agenda
CSV_Profil_27-02-2010.pdf (502kb)