D’CSV-Fraktioun zitt hire Bilan

Haut de Moien huet d’CSV-Fraktioun de Bilan vun der leschter Legislaturperiod gezunn. Et ass an engems och de Bilan vun der Regierungsaarbecht.

Am Fokus stoungen Theme wéi d’ëffentlech Finanzen, déi trotz der Kris – am Verglach mam europäeschen Ausland – stabil sinn. D’CSV-Fraktioun huet et nämlech fäerdeg bruecht, zesumme mat der Regierung, d’Staatsfinanzen ze konsolidéieren, ouni dat wirtschaftlecht Bestriewen no Opschwong am Keim ze erstécken.

Nieft dem Ausbau vum Finanz- an de Wirtschaftsstanduert, wou de Mëttelstand weiderhin eng wichteg Roll spille soll, huet d’CSV-Fraktioun sech awer och net gescheit fir eng fortschrëttlech Gesellschaftspolitik ze bedreiwen. Och a soziale Froe stoung d’CSV-Fraktioun fir eng Politik vun der fairer Chance fir jiddereen.

De ganze Bilan vun der CSV-Fraktioun kënnt Dir ënnert dësem Link noliesen.