Am Kontext vun der Chambersitzung vum 13. Juni 2013

De ganzen Text vun der perséinlecher Erklärung  vum Michel Wolter am Kader vun den Discussioune ronderëm  d’Chamberssitzung vum 13. Juni 2013:

“Den Donneschden 13. Juni huet de Procureur Général Robert Biever virun der Press eng Ausso gemaach, dass Deputéiert derbäi wieren, Rumeuren ze streeën, fir hien ze diskreditéieren. Doropshin huet hien der Ëffentlechkeet Kenntnis gi vun engem Dossier vun présuméierter Pedophilie, deen dem Parquet an der Enquêtekommissioun vun der Chamber Freides virdrun zougestallt gouf an an deem infekt Uschëllegunge géint seng Persoun enthaale waren. Dëst ass dee selwechten Dag vir d’éischt an der Mettesstonn vum DP-Fraktiounspresident Claude Meisch op 100,7 an duerno vum DP-Parteipresident Xavier Bettel op der Chamberstribün zum Ulass geholl ginn, d’Membere vun der CSV-Fraktioun ze verdächtegen, mir wieren um Ursprung vun dëser Kampagne. Dëst ass eng ganz grave Accusatioun.

Ech hunn als Parteipresident op der Chamberstribün direkt reagéiert, well mir déi Virwërf net op eise Leit konnten a wollten setze loossen. Ech hunn aus enger Rei vu Gespréicher während der Woch gemengt ze wëssen dass dat Dokument, wat d’Basis vun deenen abjekten Reproche géint den Här Biever wier, der Redaktioun vun 100,7 virlouch. A mir waren a sinn iwwerzeegt dass déi Persoun, déi dat Dokument gestreet huet, à l’Origine vun der ganzer Campagne géint den Här Biever ass.

Dovir hunn ech am Numm vu mengen 25 Kollegen a mir selwer gesot, dass all eenzelne vun eis, als méiglechen Informant, géigeniwwer dem Radio vir sech net vun der Méiglechkeet vum Quelleschutz wéilt Gebrauch mache. Mir giffe dem Radio erlaaben de Numm vun deem CSV-Deputéiert an d’Ëffentlechkeet ze bréngen, wann et dann sollt ee vun eis gewiescht sinn, deen dem 100,7 dat Dokument zougespillt hätt. Mir hunn dat als déi eenzeg Méiglechkeet gesinn eis ze wiere géint déi Campagne, déi do am gaange war.

26 Leit kréie virgeworf, ee vun hinne géif déi schlëmmste Gerüchter déi et iwwer eng Persoun ginn, streeën. Géint dee Virworf muss ee sech wieren. Ech si mer es secher. Et war kee vun der CSV.

A kengem Moment hu mir de Radio opgefuerdert, seng Source ze nennen. Et ass einfach falsch wa sou eppes ëmmer erëm behaapt gett. Et ass de Sënn vu menger Interventioun op de Kapp gestallt. A kengem Moment hu mir d’Pressefräiheet a Fro gestallt oder wollten dat machen. A kengem Moment hu mir der Press e Maulkuerf verpasst oder wollten dat machen.

Et kann dach net sinn dat permanent, ouni Widdersproch  an ouni Beweiser Rumeure gestreet gi mam Ziel Politiker an der Ëffentlechkeet ze diskrediteieren. Et ass meng Pflicht als CSV-President mech viru meng Leit ze stelle wa mir op esou eng infekt Art a Weis beschëllegt ginn. Ech hunn dat ëmmer gemaach a wäert dat och nach an Zukunft machen.

A fir dat et nach eng Kéier kloer an däitlech ass. CSV an ech selwer stinn zur Pressefräiheet! CSV an ech selwer stinn zum Quelleschutz! CSV an ech selwer stinn zur Pluralitéit an d’Meenungsvielfalt vun der lëtzebuerger Press!

Domat kéint den Dossier elo ofgeschloss sinn. Ass en awer net. Op mannst net vir mech. De leschte Mëttwoch huet de Chefredakter vun RTL Radio, Guy Kaiser mir ugeruff a mech gefrot op ech um Dossier Biewer géing schaffe mam Ziel dee während der ëffentlecher Debatt Donneschdes an der Chamber public ze machen. Ech hunn e gefrot wei en dann dorunner géing kommen an dunn huet hie mir gesot, esou Rumeure giffe circuléieren.

Ech hunn dat kategoresch dementéiert. Ech war a kengem Moment virgesinn an der Chamber ze schwätzen. Sou hu mir dat zesummen an der CSV-Fraktioun décidéiert. Dat war d’Aufgab vun eisem Fraktiounspresident Gilles Roth. De Guy Kaiser huet mir gesot dass RTL opgronn vun der Natur vum Dossier deen géint den Här Biever géing circuléieren, décidéiert hätt, deen net public ze machen. Ech hunn him gesot dass dat och der CSV hir Meenung wier, déi par ailleurs vum Gilles Roth schonns Méindes a genau deenen Termen op 100,7 virgedroe gouf. Vu dass den Dossier beim Parquet wier, wier et iwweregens guer net un eis, am Sënn vun der Gewaltentrennung, den Dossier ze kommentéieren.

Ech hunn den Här Kaiser a kengem Moment gefrot, hie soll mir soen, ween dëst giff iwwer mech erzielen. Et wor mir awer nom Gespréich kloer, dass gezielt Rumeuren géint meng Persoun  giffe circuléieren. Mat der kloerer Absiicht, mir an der CSV ze schueden.

Mais et gëtt nach besser, respektiv vir mech méi schlëmm. Dee selwechten Dag huet den 100,7 Journalist Gil Goebbels mech kontaktéiert vir mir eng Rei Froen ze stellen.

Déi éischt Fro war déi, op mir eng Enquête géint den Här Biever géinge féieren. Ech hunn e gefrot op e mech géing mengen oder meng Partei. Hien huet gemengt béid. Ech hunn dat alt erëm ferm ofgestridden. An du koum et.

Hien huet mech du gefrot, op ech kéint formell dementéieren, dass ech mech den Dag virdru, villeicht och scho Méindes, mat den Häre Schneider, Kemmer a Mille vum Geheimdéngscht getraff hätt, vir Chargë géint den Här Biever zesummenzedroen, fir deen heichgoen ze loossen.

Esou Rumeure giffen circuléieren.

Ech muss soen, ech si villes gewinnt. An ech hunn der schonn en etlech astieche mussen. Mais nach ni esou eng. Ech hu gemengt et giff ee mir eng haen.

Leit déi sou Saache verbreeden, si krank am Kapp. Oder si verfollege ganz aner Zieler. Si stréien eng Rumeur lenks, eng Rumeur riets. An um Enn fügt de Puzzel sech Stéck vir Stéck zesummen. Zu engem falsche Bild!

An desem Fall:

„Den CSV President Wolter als zentrale Punkt vun enger Konspiratioun, engem Komplott vu Politik a Geheimdéngscht géint de Procureur Général. De perfekte Szenario vir definitiv eis Partei a säi Président vun senger schlëmmster Säit ze weisen an dann ze elimineieren.“

Dir verstitt villäicht elo besser meng extrem Roserei a menge Reaktioune vu leschten Donneschden virun an an der Chamber. A wann ech dobäi een ze fest ugepak oder ugegranzt hunn, deet dat mir ausdreckleck Leed.

Ech muss soen, dass ech séit de Mëttwoch wei kee Mënsch méi sinn. Ech si perséinlech a moralesch extrem betraff vun dëse Virwërf a Rumeuren, géint déi ech mech quasi net ka wieren. Erem net ka wieren.

Ech well hei kloer betounen.  Ech kenne mat Wëssen déi Häre Kemmer a Schneider guer net. An den Här Mille hunn ech just a menger Funktioun als Member vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun kannt. An der Kommissioun sinn ech net méi séit 2009. Ech war weder den Dënschden, nach e Méinden nach soss jee mat dësen 3 Hären zesummen. Ech hu si net gefrot, a si mech och net.Weder zu Lëtzebuerg, nach zu Léck, nach zu Bréissel an och net an Thailand. Néierens!

Ech hunn och den Här Goebbels net gefrot, hie soll mir soen, wei eng Persoun oder wei eng Kreeser esou Saachen iwwer mech verbreeden. Ech hu säi Quelleschutz respektéiert. Obschonn ech iech soen dat ech gär géing wëssen, ween dat ass. Wee wéilt dat net. An hunn ech net awer iergendwéi Recht drop? Villes wier méi kloer vir mech. Merci well ech dem Här Goebbels soen dat e mat där Drecksschleider net an d’Ëffentlechkeet gaangen ass virum Débat vun en Donneschden an och net duerno.

Ech froe mech:

A wat vir engem Land liewe mir entretemps? Mir sinn op engem Niveau vu Relatiounen ënnereneen ukomm deen ech ni vir méiglech gehalen hätt. „Tous les coups sont permis.“

Ech hoffen, dat eis Gesellschaft schnell d’Kraaft nees fennt, sech deenen eigentlechen Erausfuerderungen vun eisem Land ze widmen. Dat genau sou vill Energie vun alle Säiten opbruecht gett, fir Zukunftsmodeller ze entweckelen, dei sozial, wiertschaftlech a nohalteg d’Strooss halen. Am Intérêt vum Land a senge Leit.

Ier et ze spéit ass.”