“Eis Gemengen an d’Kris”

D’Kongressried vum CSG Präsident Gilles Roth (04/02/2013)

Léif Frënn vun der CSG,

Häerzlech Wëllkomm op dem Kongress vun de Chrëschtlech Soziale Gemengeréit hei zu Steesel. Leit, déi Verantwortung an der Gemengepolitik  droen, gi vill op dem Terrain gebraucht. Einfach ass et duerfir net een Datum fir ee CSG Kongress festzeleeën. Eng ganz Rei vun eise Mandatairë sinn och haut wéinst aneren Engagementer entschëllegt, Gemengerot, Syndikater oder aner Verflichtungen.

Merci deenen, déi de Wee op Steesel fonnt hunn – un éischter Stell eisem Inneminister Jean-Marie Halsdorf, eisem Wunnengsbau- an Ëmweltminister Marco Schank, dem Syvicolpresident Emile Eicher an dem CSV Generalsekretär Laurent Zeimet. Der CSV Steesel mat der Presidentin Judith Feider an hire Leit villmools Merci fir d’Organisatioun vun dem Kongress. An dëse Merci schléissen ech och déi technesch Servicer vun der Gemeng Steesel mat an.Mir wäerten eis drun halen, dass um 8 Auer dëse Kongress spéitstens fäerdeg ass.

Léif Kolleginnen a Kollegen,

D’Gemengewale sinn elo knapp 15 Méint eriwwer. Deemools war dat politescht Stëmmungsbild fir d’CSV mat e.a. Léiweng, Proaktiv- net dat Favorabelst fir d’CSV. D’Gesamtresultat vun der CSV queesch duerch d’Gemengen huet emol méi oder wéineger dorënner gelidden. De Moment bléist och ee bëssche Géigewand. Dat ass ronn 16 Méint viru Chamberswahlen net dramatesch. Mir musse bis d’Groussvakanz awer déi néideg Rou an dat Ganzt kréien. Dofir si mir all gefuerdert um nationalen, mä och op lokalen Niveau.

Mir brauchen eng novollzéibar Linn an der CSV Politik, déi da vum Staatsminister iwwert d’Regierung, d’Chamber, d’Buergermeeschteren, d’Schäffen, d’Gemengeconseilleren an op där aner Säit vu Parteispëtzt bis zum Militant aus engem Goss kënnt. Wann mir dat fäerdeg bréngen, da wäert nach muencheree vun anere Parteien, déi elo mengen Iwwerwaasser ze kréien hiert blot Wonner erliewen.

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Bei den Gemengewalen 2011 hunn nei Leit – dorënner och eng Rei Jonker – et fäerdeg bruecht an d’Verantwortung ze kommen. Dat ass wichteg fir déi personnel Zukunft vun der CSV. Gudd Resultater op lokalem Plang sinn eng Bänk fir déi nächst Wahlterminer op Landesplang. Do wou mir bei den Gemengewale staark sinn, sinn d’Viraussetzunge gudd fir 2014 och ee gudd Resultat ze maachen. Wann de Bierger gesäit, dass eng Gemeng anstänneg vun eise Mandatairë gefouert gëtt, dann dréit dat och bei de Landeswahlen seng Friichten.

Kolleginnen a Kollegen,

D’Gemengepolitiker ginn um Terrain gebraucht, an net op wëchentleche Parteiversammlungen. Mir haten am Laf vun dem Joer 2012 eng Rei vun Aktivitéiten, déi och duerchaus gudd besicht waren.

Kolleginnen an Kollegen,

Finanziell gesinn, sinn d’Zäiten net roseg fir eis Gemengen. D’Finanzquellen däerfte fir eng gewëssen Zäit fir d’lescht an dem Ausmooss gespruddelt hunn. D’Joëre vun der Kriis faenken un och an de Gemengenfinanzen sech ze weisen. Mir mussen also mat manner Sue méi efficace schaffen. Mir musse méi gezielt Prioritéite setzen. Schoul, Kannerbetreiung an anstänneg Kanal-an Wassernetzer hunn Virrang. Och wann Duerfverschéinerung, Kulturzenter a Schwaemm villaicht besser klengen. Mee de Bierger denkt do schonns méi subtil. D’Leit sinn sech der ugespaanter Finanzlag wuel bewosst.

Deen gudd mat méi knappe Geld weess ëmzegoen, dee mécht an den Ae vun de Leit och ee gudde Match. Als Gemenge musse mir besser mat dem Staat zesumme schaffen. Mir brauchen erëm eng Politik vun de kuerze Weeer. Eng Innenpolitik am wäiteste Sënn, aus engem Goss. Do sinn all eis CSV Mandatäre vu Regirung, Chamber a Gemenge gläichsam gefuerdert. Dat muss och d’Aufgab vun der CSG an de kommende Méint ginn.

Eis Gesetzer ginn ëmmer méi komplizéiert. Wien huet nach bei de Genehmegungsprozeduren den Duerchbléck? Administrativ Vereinfachung faenkt beim Staat un. D’Gesetzer kënnen net je no Beamten oder Service esou oder esou ausgeluecht ginn. PAG- PAP- SUP, POS Prozeduren, Plans sectoriels, Landesplanung, Naturschutzgenehmigung, Commodo an Incommodo, dat wëlle mir méi verständlech hunn. Duerfir brauche mir méi internen Informatiouns- a Meenungsaustausch. Déi Zäit musse mir duerfir CSV intern mat der CSG notzen.

Do wou Gesetzer mussen nogebessert oder vereinfacht ginn, däerf et keen Tabu sinn. Wann d’Regierung – eis CSV Ministeren – vu Wunnengsraum schwätzen – mat Recht, well dat ass een reellen Problem fir jonk Leit – da musse mir och um Terrain kënnen dës Politike séier ëmsetzen. Well Weises zielt.

Iwwert d’Sécherheet oder d’Sécherheetsgefill, do schwätzt de Lëtzebuerger ëffentlech net esou gär driwwer. Esou laang alles gudd geet. Mee Gedanke mécht en sech dach schonns. Och dat däerf een net ze ënnerschätzen. Zur Sécherheet zielt d’Police, mä och Pompjeeën a Protex. Mir brauchen duerfir gudd fonktionnéierend Sécherheets- a Rettungsservicer, an dat op allen Plazen am Land. Éischt Efforten iwwert de Wee vun den professionellen Ambulanciere goufe schonns gemaach. Déi generell Reform vun dem Rettungsdéngscht ass eng Noutwendegkeet.

Energie-an Klimapolitik, dat däerf fir d’CSV och kee Friemwuert sinn. Grad op Gemengenniveau. Mir brauchen do net mat Ideologien ze punkten. Kommt mir weisen, dass mir Konkretes maachen. Zesumme mat eisen zoustännege Regirungsleit. Dat selwecht zielt fir Mobilitéit douce an ëffentlech Verkéierskonzepter. Wann d’Plans sectorielle sprochräif sinn, da sollen eis Mandatairen och wësse wat dra steet. Net eréischt iwwert de Wee vu Lobbyorganisatiounen oder iwwert d’Zeitungen.

Iwwert d’Waasserpolitik a käschtendeckend Waasserpräis, do scheeden sech d’Geeschter. Och CSV intern. Mir brauche do méi Opklärung. Mir brauchen einfach a keng komplizéiert Modeller fir de Waasserpräis ze berechnen, déi Land an Leit net verstinn.

Iwwert d’Finanzéierung vun eise Gemenge musse mir nodenken. Wann d’Staatseinnahme méi knapp ginn, da spigelt dat sech och fir d’Gemengen erëm. Besonnesch d’Betribssteieren, an domat verbonnen d’Gewerbesteier kréien een Abroch. Deen muss net onbedéngt duerch d’TVA ausgeglach ginn. Mir sollen an dësen Zäiten dofir d’Viraarbecht leschte fir eng Ëmännerung vun der Grondsteier ze schafen. Dat am Sënn vu méi eegestänneg Einnahme fir d’Gemengen. Méi Planungssécherheet. Mee och am Sënn vu méi Steiergerechtegkeet. Mir kënnen net d’Steierschrauf bei Loun-an Gehalt an d’Luucht setzen, an d’Wertsteigerunge vun den Immobilien an Terraine ginn net a Betruecht gezunn.

Kolleginnen a Kollegen,

Ech maachen domat de Kongress vun der CSG offiziell op an ginn d’Wuert un eisen Nationalsekretär den Paul Weimerskirch. De Paul ass déi laangjäreg rouend Séil an der Partei, zanter 2009 offiziell an der Fraktioun. Hien huet während ville Walcampagnen de Bockel duergehal, oft fir Anerer. Mee déi Wale sinn ëmmer gudd ausgaangen. An dat schwätzt fir de Paul. Mir sinn houfreg hien als Nationalsekretär ze hunn. Merci Paul. An Du hues elo d’Wuert.