Débat de consultation sur la nationalité

Débat de consultation sur la nationalité

Den Deputéierten Gilles Roth huet fir CSV-Fraktioun Stellung geholl.

Hei déi intégral Ried vum Gilles Roth :Ried Gilles Roth – Débat nationalité.pdf

Am Telegramstil Positioun vun der CSV Fraktioun zu den Kritären fir d’lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien:

-Jo zur lëtzebuerger Sprooch mat Sproochenniveau a Sproochentest esou wéi se haut virgesinn sinn, mee Méigelechtkeet fir ze kompenséieren tëschend der Sprooch schwaetzen an se verstoen;

-Jo zu enger Residenzklausel vun 5 Joër-mir sinn op bei der Fro op dës Period kann zäitlech ënnerbrach sinn virum Antrag op d’lëtzebuerger Nationalitéit-;

-Jo zu den Grondkenntnisser vun den lëtzebuerger Institutiounen an vun den Grondfraiheeten an Pflichten an eisem Land;

-Jo zu enger vereinfachter Prozedur fir d’Nationalitéit op Grond vun dem ius soli ze kréien; prinzipiell muss den droit du sol d’Ausnahm bleiwen, enger punktuell Upassung vun den aktuellen Bestëmmungen verschléissen mir eis dofir nët;

-Jo fir dem Justizminister ënnert der Kontroll vun de Gerichter méi Befugnisser ze ginn fir d’Naturalisatioun ze refuséieren wann den Antragsteller nët déi néideg Honorabilitéit huet;

-Jo fir déi sougenannten Virfahrenregel mam aktuellen Datum vum 31ten Dezember 2018 auslafen ze loossen;

-Jo fir d’Sträichen vun den Artikelen 8 an 9 aus dem aktuellen Gesetz déi virgesinn dass een an aussergewéinlechen Faell am Interessi vum Land kann per Gesetz d’lëtzebuerger Nationalitéit kréien, well den legislativen Pouvoir vun der Chamber ass souverän mat oder ouni gesetzlech Habilitatioun.