Steierupassungen: firwat elo?

Steierupassungen: firwat elo?

Eng fräi Tribün vum Gilles Roth

D’lescht Woch hunn mir an der Chamber eng Rei vu Steiererhéijunge gestëmmt. Keen agreable Moment! Net fir d’Politik! Virun allem net fir de Bierger. Iwwert déi leschten 20 Joere sinn d’Steiere bei eis am Land éischter erofgaangen.

1990 hate mir ee Spëtzesteiersaz fir Privatleit vu 56% – haut 39% an den éischte Januar d’nächst Joer 40%.

Fréier war déi Haaptfro bei den Budgetsdiskussiounen an der Chamber – an zwar zimlech queesch duerch d’Parteielandschaft: Hëlt de Staat de Bierger net ze vill Suen aus der Täsch? Mee zanter hier ass déi weltwäit Wirtschafts- a Finanzkris bei eis och net laanscht gaangen.

Eist Land ass kee Schlaraffeland, jo Lëtzebuerg ass keng Insel. Zanter 2008 huet d’Kris sech op villen Niveauen am Land bemierkbar gemaach: um Aarbechtsmaart, an Aktivitéitsberäicher déi fir eist Land wichteg sinn, an natierlech um Niveau vun den ëffentleche Finanzen.

D’Ofbremse vun dem Wirtschaftsmotor huet eise Staatsbudget aus dem Equiliber bruecht. Dofir musse mir spueren, déi ëffentlech Ausgabe méi niddreg halen.

Mee zur Budgetskonsolidéierung zielen och d’Recetten. Si mussen sech an Krisenzäiten aus Solidaritéitsgrënn no uewe bewegen. Dofir gëtt de Spëtzesteiersaz an d’Solidaritéitssteier – fir Privatleit an Betriber – ab dem 1. Januar d’nächst Joer no uewen ugepasst. Dofir bezilt elo all Entreprise opmannst eng gesetzlech Mindeststeier. Dofir gëtt de System vun de sougenannte stock options- vun dem besonnesch Leit mat ganz héijem Akommes profitéiert hunn, ëmgeännert.

Dofir gëtt déi steierlech Vergënschtegung vu Scholdzënsen op Konsumkrediter no ënnen ugepasst. Dofir gëtt déi sougenannte Kilometerpauschal-dat heescht déi steierlech Begënschtegung fir op d’Aarbecht ze fueren, erofgesat.

All dës Steierupassunge fir Privatleit an Betriiber bréngen dem Staat insgeamt 400 Milliounen Euro méi Recettë po Joër. Dat ass en zollide Batz.

An do droe breed Schëllere méi: 2,5% vun de Leit bezuele 37% vum Steieropkommes am Land, 5% bezuele 50% vun de Steieren. 40% vun de Stéit bezuele keng Akommessteier. Dir gesitt léif Nolauschterer, mir hunn hei am Land ee sozial ausgeglachene Steiersystem. Mat dë Steierupassunge fir d’nächste Joer wäert dat och weiderhin esou bleiwen. Déi Steierupassunge sinn net populär. Si sinn awer néideg.

Mee allzevill däerfe mir an Zukunft net un der Steierschrauf méi dréine goen. Aus Kompetitivitéitsgrënn fir eis Betriber. Mee och aus Respekt virum eenzelne Bierger. Wann bei héijem Akommes eng Persoun vun all 1 000 Euro, déi si méi verdéngt, 436 Euro un de Staat als Steieren offréiert, dann ass dat schonns een zolidde Beitrag-och am internationale Vergläich.

Eis Steiermouck kënne mir iwwert de Wee vu Spëtzesteiersatz an Solidaritéitssteier nët endlos an d’Luucht setzen.

Mir mussen eis an de kommende Wochen a Méint duerfir eens maachen, wat fir eng zousätzlech Aspuerunge mir elo an dem Staatsbudget kënne maachen, fir eis ëffentlech Finanze fir d’Zukunft fit ze halen.

Dat muss sozial gerecht erofgoen. Mee jiddweree muss do säi Beitrag leeschten. Am Interessi vu Land a Leit-virun allem där jonker Generatioun.

Ech wënschen Iech ee schéine Chrëschtdag an ee glécklecht neit Joer!